Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Handelskummer: Mam Luc Frieden an d‘Zukunft?
Kultur zico dating aoa

https://moien.lu/poly-lifestyle-dating-site/

En Dënschdeg huet d‘Handelskummer, déi zum Acteur vun der wirtschaftlecher

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher
Kultur zico dating aoa

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher

Um Méindeg gouf zu Diddeleng de neie Berodungszenter vun der

dislike
Wann et ëm de Weltraum geet, si Lëtzebuerg a Russland sech ganz no
Kultur zico dating aoa

Wann et ëm de Weltraum geet, si Lëtzebuerg a Russland sech ganz no

Russland ass a bleift en interessante Wirtschaftspartner. Déi Lëtzebuerger Regierung

UNESCO Bike Tour – Mam Vëlo Lëtzebuerger Weltkulturierwen erkënnegen

UNESCO Bike Tour – Mam Vëlo Lëtzebuerger Weltkulturierwen erkënnegen

Zanter 1994 zielt d’Lëtzebuerger Alstad souwéi hir Festungsanlagen an historesch Véierel zum UNESCO Weltkulturierwen. Ab elo kann ee mam Vëlo en 9,5 Kilometer laangen Tour maachen, op deem ee vill Onbekanntes entdecke kann. Insgesamt ginn et op néng Referenzpunkten 80 Sehenswierdegkeete ze bewonneren.

D’Kulturministesch Sam Tanson (déi Gréng), de Lex Delles, Minister fir Tourimus (DP) an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) hu gemeinsam mam Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, den 19. Abrëll op d’Erëffnung vum UNESCO Bike Tour bei der Gëlle Fra agelueden. Dësen Tour mam Vëlo soll den UNESCO Trëppeltour ergänzen, deen et säit leschtem Joer scho gëtt. 14 Vel’OH!-Statiounen am Ëmkrees vum Tour sollen dofir suergen, datt ee spilles op Entdeckungsrees goen – oder besser gesot – fuere kann. Nom Mëssel am Ufank vum Joer sollen déi elektresch Vëloen dann elo prett sinn.

Op engem séieren an ökologesche Wee eis Patrimoine gesinn

D’Sam Tanson huet bei hirer Ried all de Leit Merci gesot, déi de Projet mat Informatioune “gefiddert” hunn. Et wier vill Energie an dëse Projet gestach ginn, bei deem mat enger Dose Partner zesummegeschafft gouf. Ënnert de Partner befanne sech ënnert anerem de Comité Alstad, d’Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ.

Ausserdeem hätt een drop opgepasst keng “pollution visuelle” ze verursaachen, esou d’Kulturministesch. Et wollt een déi kulturell a landschaftlech Sehenswierdegkeeten net hannert lauter Schëlter verstoppen. Op de Plaze selwer si Geschichts- an Erënnerungstafelen. Zousätzlech ginn et Applikatioune fir op de Smartphone, déi engem bei Bedarf Erklärunge liwweren.

UNESCO

Als Guide huet de Robert Philippart (riets) eng gutt Figur ofginn. Well hien awer net bei all Mënsch matfuere kann, gëtt et jo glécklecherweis e Guide fir de Smartphone. D‘Sam Tanson (lénks) huet duerno mat gréngem Helm d‘Stroossen onsécher gemaach. © Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun

Als Awunner seng Stad an neiem Liicht entdecken

Den UNESCO Bike Tour soll net nëmme fir den Aktivtourismus geduecht sinn, ma och de Lëtzebuerger huet heibäi d’Méiglechkeet déi vill verstoppte Schéinheete vu senger Stad ze entdecken, esou de Lex Delles. Et misst ee sech net ëmmer an de Fliger sëtzen oder an d’Ausland reesen, wann ee qualitativ héichwäertegen Tourismus bedreiwe wéilt, esou hie weider.

Um Tour duerch d’Péitrussdall, de Gronn, Clausen a Pafendall léisst sech Villes entdecken. Ob elo d’Gräinskapell, d’Villa Vauban, d’Abtei Neimënster oder déi al Moschterfabrick Muerbelsmillen – sou muncht Geheimnis wäert et och fir déi gréisst Geschichtsfrënn nach erauszefanne ginn.

Mam UNESCO Bike Tour wéilt een awer och kucken, ob sech bestëmmten Denkmaler oder Plazen erauskristalliséieren, wann et ëm de Patrimoine mondiale geet. Momentan ass et jo nach e bësse vague, wann op der UNESCO-Lëscht rieds vun de “Festungswierker vun der Stad Lëtzebuerg an hiren ale Quartieren” ass.

UNESCO

Esouguer eise Melvin (4. vu riets) huet trotz midde Been de Mini-Tour spilles gepackt. © Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun

De Vel’OH! geet nees!

D’Simone Beck huet sech zum Ofschloss houfreg gewisen, datt zu Lëtzebuerg den zweeten UNESCO-Wee ageweit gëtt. Nodeems et säit leschtem Joer schonn en UNESCO-Trëppeltour gëtt, fir deen iwwer 40 Guidë beim LCTO ausgebilt gi sinn, hätt een elo eng weider Méiglechkeet fir d’Stad Lëtzebuerg z’erkënnegen. En drëtten UNESCO-Wee gouf dunn nach fir den 12. Mee annoncéiert – en Tour insbesonnesch fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Schlussendlech ass sech da bei sonnegem Wieder op d’Drotiesele gesat ginn. Dosende vu Leit si bei dëser verkierzter Versioun matgefuer. Vun der Gëlle Fra aus ass et duerch de Park Edmond Klein bis bei de Rond-Point Schumann gaangen. Well esou vill Leit matgefuer sinn, huet d’Police kuerzzäiteg d’Kräizungen um Boulevard Royal souwéi um Boulevard Prince Henri misste blockéieren.

D’Stad Lëtzebuerg huet hire Service vum Vel’OH! ugebueden, deen dës Kéier awandfräi funktionéiert huet. Eng Partie Leit sinn och mat hirem eegene Vëlo gefuer.

Op dëser Mini-Tour huet de Robert Philippart vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun de Guide gespillt. Wien awer selwer gären an de Genoss vun dëser Tour komme wëll, ka ganz einfach mat Hëllef vun den digitalen Outdoor-Guidë wéi izi-Travel, komoot oder Spoticle un d’Informatioune geroden. Wien et léiwer méi klassesch huet, ka sech gratis am LCTO eng Kaart vum Wee besuergen. Se ass op fënnef Sproochen erhältlech: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch an Hollännesch.

Kaart UNESCO Vëlos-Tour zum Download (Lëtzebuergesch Versioun)

Foto: Ob sech bei deene waarmen Temperature grad sou gefreet gi wier, wann de Vëlo keng elektresch Assistenz gehat hätt, bleift e grousst Geheimnis. (v.l.n.r.) Robert Philippart, Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun; Sam Tanson, Kulturministesch; Lex Delles, Minister fir Tourismus; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; Marc Angel (LSAP), President LCTO, (?), Patrick Goldschmidt, Stater Schäffen (DP). © Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun

Ähnlech Sujeten Bike Tour, Sam Tanson, Stad Lëtzebuerg, UNESCO, Vël‘oh, Vëlos-Tour
Nächsten Artikel Virrechten Artikel