Search

You may also like

Vëlospist PC1: Deviatioun vum 13. bis den 18. Januar 2020
Kultur Neiegkeeten

Vëlospist PC1: Deviatioun vum 13. bis den 18. Januar 2020

Duerch Holzfällaarbechten vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF) um Bisserwee

Den digitaliséierte Motorsport
Kultur Neiegkeeten

Den digitaliséierte Motorsport

Motorsport am virtuelle Raum, dat war an ass nach ëmmer

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!
Kultur Neiegkeeten

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!

Zu Lëtzebuerg ass de Jean Kandel deem engen oder aneren

Dräi nei Elementer beim kulturellen immaterielle Patrimoine!

Dräi nei Elementer beim kulturellen immaterielle Patrimoine!

Eng Konventioun aus dem Joer 2003 vun der UNESCO gesäit fir de kulturellen immaterielle Patrimoine ze sécheren. No engem neien Avis vun der nationaler Kommissioun fir d’Kooperatioun mat der Organisatioun huet d’Kulturministesch Sam Tanson elo dräi weider Elementer an den nationalen Inventaire agedroen.

D’Konventioun beseet, datt een ënnert dem kulturellen immaterielle Patrimoine nieft alle Praktiken, Representatiounen, Expressiounen, Connaissancen an d’Wëssen, sou wéi Instrumenter, Objeten, Artefakten a kulturell Plazen, déi dozou gehéieren och d’Communautéite, Gruppen an Individuen, déi Deel vum kulturelle Patrimoine sinn, versteet.

Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Aart vu Patrimoine viru ginn a weider entwéckelt. Jee no Funktioun, Interaktioun tëscht der Communautéit mat der Natur an hirer Geschicht, hirem Identitéitsgefill an der Kontinuitéit gëtt eist Ierwen nei geschafen, wouduerch och de Respekt virun der kultureller Diversitéit an der mënschlecher Kreativitéit gefuerdert gëtt.

D’UNESCO gëtt zudeem un, datt dës mënschlech Kreativitéit a konstant Upassungen un déi onstabil Ëmwelt an éiweg Verännerungen déi bescht Méiglechkeet ass, de kulturelle Patrimoine ze schützen. Wann déi néideg Moyenen an Occasiounen zur Verfügung stinn, fir seng Kreativitéit erauszeloossen da kann net nëmmen de liewege Patrimoine geséchert ginn, mee och nach méi nohalteg Manéieren entstoen, déi een inklusiivt, pazifistescht an enkt Zesummeliewen an eiser Gesellschaft fërderen.

Säit 2017 ass de Patrick Dondelinger responsabel fir den Inventaire vum kulturellen immaterielle Patrimoine am Grand-Duché ze aktualiséieren. Eng éischte Kéier ass den Inventaire am Joer 2008 opgestallt ginn, woubäi 10 Joer méi spéit zwee nei Elementer dobäi komm sinn (Haupeschbléiser an d’Konscht vum Dréchemauerbauen).

Um 29. Juli 2019 sinn schliisslech folgend dräi Elementer an d’Sammlung bäigefüügt ginn:

  • Den Niklosdag
  • D’Haus- a Flouernimm
  • D’Hiewanskonscht

D’Aschreiwung an den Inventaire dréit nieft de bessere Kenntnisser och nach zur gréisserer Opwäertung vun den Elementer bäi. De Prozess vun der Aktualiséierung berout dobäi op enger aktiver Undeelnam a Recommandatioune vun alle Bierger.

All Gemeinschaft, déi een Element androe loosse wëll, ka seng Ufro iwwert de Kulturministère eraginn. Fir weider Informatiounen zum kulturellen immaterielle Patrimoine kann een d’Säit www.iki.lu besichen.

Opmaacherbild: Et ass zwar eréischt August, mee mir huelen de Kleeschen awer scho mat!

Related topics Haus- a Flouernimm, Hiewanskonscht, kulturellen immaterielle Patrimoine, Kulturministère, Niklosdag, Patrick Dondelinger, Sam Tanson, UNESCO
Next post Previous post