Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Roy Reding likt PD-Kommentar
Kultur Neiegkeeten

wild dating site

Datt een als Politiker oppasse muss, wat een sou op

https://moien.lu/rock-band-4-online-multiplayer-matchmaking/
free match making horoscope online
Kultur Neiegkeeten

Bréissel verréit säi Plang fir déi digital Rise besser ze besteieren

Um haidege Mëttwoch soll d‘EU-Kommissioun, op Drock vu Paräis, d‘Propose

dislike
EmoXien: Kee braucht se, an awer sinn se do
Kultur Neiegkeeten

EmoXien: Kee braucht se, an awer sinn se do

Lëtzebuerg wëll sech selwer als weltoppen, innovativ a kompetitiv presentéieren.

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen

Thema war „Lëtzebuerg, Alstad a Festung“

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen

Um Freideg, de 7. Juni 2019 ass an der Stater Gemeng d’Präisiwwerreechung vum UNESCO Molconcours fir Kanner a Jugendlecher organiséiert ginn. Vu Januar bis Abrëll 2019 ass dëse Concours vum Netzwierk vun den UNESCO-Projetschoulen (résEAU) lancéiert ginn. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den UNESCO Site Manager Robert L. Philippart hunn am Ganze 16 Laureate geéiert. Déi dozou gehéiereg Ausstellung um Knuedler ass uschléissend opgemaach ginn.

De Molconcours mam Thema „Lëtzebuerg, Alstad a Festung“ huet een enorme Succès erlieft, woubäi insgesamt 435 Biller agereecht gi sinn. Fir sech optimal virzebereeden hunn 11 UNESCO-Schoulen aus dem ganze Land am Virfeld d’UNESCO-Promenad besicht, oder eent vun de 5 „Weltierwen-Edukits“ genotzt, fir dat historescht Stadbild vu Lëtzebuerg besser kennenzeléieren.

„D’UNESCO-Schoule verfollege weltwäit d’Zil eng méi sozial gerecht an tolerant Gesellschaft opzebauen, déi fir douce Entwécklung a Weltfridde steet. Dat kulturellt Weltierwe gehéiert dozou. Et verschaaft Zougehéieregkeet bei eng Gemeinschaft vun de Mënsche weltwäit; et léiert een déi eege Wuerzele kennen, déi d’Kultur- an Naturierwe schützen“, erkläert de Robert L. Philippart.

Am Ganzen haten sech 240 PrimärschülerInnen an 195 LycéesschülerInnen um Molconcours bedeelegt. Mat kreativen Zeechnungen, Aquarellen, Digitalwierker, Uelegbiller a Collagen hu si déi charakteristesch Plazen, déi d’Weltierwen vu Lëtzebuerg kennzeechnen, duergestallt. De Jury, deen aus Vertrieder vum Kulturministère, der Stad Lëtzebuerg, der UNESCO-Kommissioun an der Konschtzeen besteet, huet insgesamt 12 GewënnerInnen – jeeweils 3 pro Bildungszyklus – ausgezeechent.

Molconcours

(v.l.n.r.) Christiane Sietzen, kulturell Coordinatrice vun der Stad Lëtzebuerg; Robert L. Philippart, Unesco Site Manager; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; Arlette Lommel, national Coordinatrice vun den UNESCO-Schoulen; Catherine Decker, Generalsekretärin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun mat UNESCO © MCULT

Duerch d’Qualitéit vun den agereechten Aarbechten hat de Jury sech dozou entscheet, fir all Zyklus een zousätzleche Präis ze iwwerreechen. D’Lydie Polfer an de Robert L. Philippart hunn d’Auszeechnungen un d’Laureater iwwerginn. Gestëft goufen dës Präisser vum Luxembourg City Tourist Office (LCTO), de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg, der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun an der Stad Lëtzebuerg.

No der feierlecher Präisiwwerreechung ass d’Fotoausstellung vun de Wierker um Knuedler offiziell ageweit ginn. Bis den 23. August kann ee sech d’Konschtwierker ukucken. Am selwechten Zäitraum stellen och d’Schüler vum Athenée de Luxembourg hir Wierker am Lycée aus.

Molconcours

Bis den 23. August kann een d’Ausstellung nach um Knuedler kucken © MCULT

„Mir freeën eis, datt sech esou vill Kanner a Jugendlecher mat dem Begrëff Weltierwen ausenaner gesat an d’Schéinheet vun eiser Stad wouer geholl hunn. All d’Participantinnen a Participanten hu sech immens vill Méi ginn an hiert Talent a kënschtlerescht Kënnen ënnert Beweis gestallt. Gären ënnerstëtze mir esou ee Projet duerch d’Ausstellung vun de Wierker am ëffentleche Raum“; sou d’Lydie Polfer.

Am Kader vum Concours sinn 3 pädagogesch Molsets virgestallt ginn, déi d’Architekten Isabelle Van Driessche, den Arnaud de Meyer an den Andrée Haagen entwéckelt hunn. Mat ënnerschiddleche Faarwe kënnen d’Notzer déi verschidden Epoche vun der Stadgeschicht anzeechnen – d’Virlag gëtt et nämlech op der Récksäit. D’Molsets kann ee gratis am Büro vum LCTO oum Knuedler kréien, oder och ënnert www.unesco.lu an patrimoine.vdl.lu eroflueden.

Gléckwonsch un d’Gewënner:

Cycle 3:

  • 1. Plaz: Lisa Fohr
  • 2. Plaz: Ninon Haltern
  • 3. Plaz: Alessia Marques Té
  • Zousätzlech Auszeechnung: Till Barthels

Cycle 4:

  • 1. Plaz: Alex Back
  • 2. Plaz: Silvio Texeira David
  • 3. Plaz: Narges Yacoubi
  • Zousätzlech Auszeechnung: Lucie Gaudeau

Cycle inférieur:

  • 1. Plaz: Beatriz Pereira de Magalhaes
  • 2. Plaz: Ben Deckenbrunner
  • 3. Plaz: Luana Cardoso
  • Zousätzlech Auszeechnung: Irem Tali

Cycle supérieur:

  • 1. Plaz: Max Heirens
  • 2. Plaz: Sherley De Deurwaerder
  • 3. Plaz: Ophélie Lentz
  • Zousätzlech Auszeechnung: Stéphanie Papadopoulos

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Catherine Decker, Generalsekretärin vun der Lëtzebuerger Kommissioun fir d’Kooperatioun mat UNESCO; Arlette Lommel, national Coordinatrice vun den UNESCO-Schoulen; Robert L. Philippart, Unesco Site Manager; d’Laureate vum Molconcours; Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch; Christiane Sietzen, kulturell Coordinatrice vun der Stad Lëtzebuerg; Claudine Konsbruck, Gemengeconseillère vun der Stad Lëtzebuerg © MCULT

Ähnlech Sujeten Alstad a Festung, Knuedler, Lëtzebuerg, Lydie Polfer, Molconcours, Robert K. Philippart, UNESCO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel