Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter
International Neiegkeeten

Wladiwostok: De Sommet vun den Aussesäiter

Si ass de Russen hir wichtegst Hafestad um Pazifik an

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM
International Neiegkeeten

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM

De Gesondheetsministère huet dës Woch bekannt ginn, datt den Étienne

Nordstad: Déi éiweg Baustell
International Neiegkeeten

Nordstad: Déi éiweg Baustell

D’Nordstad ass e Projet, dee gutt gemengt, awer schlecht gemaach

Ungaresche Ministerpresident vu Kritik aus EVP onbeandrockt

Europäesch Vollekspartei denkt haart iwwert den Ausschloss vun der Fidesz no

Ungaresche Ministerpresident vu Kritik aus EVP onbeandrockt

Iwwert dem Viktor Orban seng „Campagne géint Europa“ ass ee beim Verband vun de konservative Parteien: Europäesch Vollekspartei (EVP) net erfreet. Den Interesséierte selwer awer schéngt dat séier wéineg ze këmmeren. Och datt oppen iwwert den Ausschloss vu senger rietsextremer Fidesz geschwat gëtt, beandrockt den ungaresche Ministerpresident net am geréngsten…

Wann ee bis mam Läffel an de Bräi schléit wéi wann et kee „muer“ méi géif ginn, kann et och net schueden nach eppes „domm a frech“ ze sinn, an dat méiglechst um direkte Wee. Esou huet dësen Euroskeptiker sech mat der „Welt am Sonntag“ ënnerhalen, a sech dëser géinteniwwer zur Kritik aus den „eegene“ Reien ausschwäifend geäussert. Hien hätt sech eppes méi dierfen zréckhalen.

Ministerpresident

Zur Kritik, wat der Fidesz hir „Plakater“ zur Europawahl am Mee betrëfft, huet de Viktor Orban kloer gestallt, datt „a Wierklechkeet den Ugrëff vu lénks kënnt, an net drop ausgeriicht ass der Fidesz, mee der EVP ze schueden“. Am gläichen Otemzuch huet den ungaresche Ministerpresident d‘Vollekspartei als nëtzlech Idiote vun der Lénker bezeechent. Dat ass wäit vu Kompliment ewech.

Wann‘s de ze krass fir däin eegene Clan bass

Mat der Aart a Weis wéi sech den ungaresche Pouvoir géint Bréissel, an esou géint déi europäesch Unioun stellt, gi mëttlerweil och d‘Hardcore-Konservativ net méi eens. Ëmmer méi féierend Vertrieder aus dem sougenannten „chrëschtdemokratesche“ Lager sinn es dem Viktor Orban a senger Fidesz leed. D‘Fuerderung d‘Ungaren aus hirem Club auszeschléissen, erhält vill Zousproch.

Elo unzehuelen, datt dem ungaresche Ministerpresident eppes u senger „politescher Famill“ geleeë misst sinn, wier eng Feelaschätzung vun der Fidesz-Strategie. De Viktor Orban kann sech der Ënnerstëtzung vun der Visegrad-Grupp verloossen, déi sech zesummefonnt huet, wéi et drëms gaangen ass, d‘Grenze vun der EU ze sécheren an d‘Flüchtlinge vun engem Andréngen ofzehalen.

 

Ministerpresident

An der Visegrad-Grupp gëtt ganz kloer géint (bal) all Form vu Migratioun gekämpft, mee och eng ganz Rei aner gesellschaftlech Changementer wëll dëse Grupp verhënneren. Wann de Viktor Orban dann ukënnegt, datt schonn ab e Méindeg nei Plakater géint Bréissel a ganz Ungarn opgehaange ginn, kann ee sech sécher sinn, datt et eescht gemengt ass. Villen Ungare gefält dat…

D‘Sozialdemokratie ass dat neit Feindbild

Nom Duo Juncker/Soros, soll elo de belsche Sozialdemokrat Frans Timmermans „säi Kapp“ duer halen, an der ungarescher Bevëlkerung verdäitlechen, dat d‘EU eigentlech nëmmen Däiwelswierk ass. Datt de Viktor Orban mam Vizepresident vun der EU-Kommissioun ass, kann och domatter ze dinn hunn, datt de Frans Timmermans zu Bréissel fir d‘Rechtsstaatlechkeet verantwortlech ass.

A mat „Rechtsstaatlechkeet“ hunn se et an der Fidesz net esou. Esou muss d‘EU-Kommissioun ëmmer nees zur Uerdnung opruffen, wat d‘Ungaren awer net aus der Rou bréngt. Si sinn awer an der Schoul den 28 net de Klasseclown, ausser et stellt e sech dee mat enger Motorsee vir. Am Hiecht 2018 huet d‘Europaparlament wéinst Verstéiss géint „Grondwäerter“ den Artikel 7 opgeruff.

Ministerpresident

Virgeworf kritt déi ungaresch Regierung ënnert anerem: Verletzung vun der Onofhängegkeet vun der Justiz, Aschränkung vun der Pressefräiheet, Mëssuechtung vun de Rechter vun de Minoritéiten an Drangsaléiere vun net-Regierungsorganisatiounen. Net ze vergiessen, datt de Viktor Orban eng „selektiv Solidaritéit“ dem „europäesche Gedanken“ virzitt. Dat besonnesch an der Flüchtlingsfro.

Am Wahlkampf kann ee sech net un d‘Wourecht halen

Während sech de Viktor Orban mat de Journaliste vun der „Welt am Sonntag“ ënnerhalen huet, huet den ungaresche Regierungsspriecher, Zoltan Kovacs, via Twitter matgedeelt, datt d‘Campagne géint den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, de 15. Mäerz beendegt gëtt. Eng Campagne déi eenzeg zum Zweck huet, den Ungarn déi pro-Migratiounspolitik virun Aen ze féieren.

Säit elo bal 14 Deeg sinn iwwerall d‘Plakater mat de Gesiichter vum Jean-Claude Juncker an dem amerikanesche Milliardär, George Soros, ze gesinn. Dës Plakater si mat Slogane bedréckt, déi suggeréiere sollen, datt déi béid Hären sech verschwuer hätten, an déi illegal Migratioun fërdere géifen. Dat ass absolut Brach, mee Am Wahlkampf kann ee sech net un d‘Wourecht halen.

Ministerpresident

An dësem Kontext huet den ungaresche Ministerpresident dann och géintiwwer de Kollege vun der „Welt am Sonntag“ gemengt, datt „och op de Plakater mam Frans Timmermans wäert de George Soros ze gesi sinn“. Dobäi ass et vëlleg egal op et en Zesummenhang tëscht Timmermans a Soros gëtt. Ugesiichts dëse Fakten, sollten se sech bei der EVP elo awer séier eng afale loossen…

mat indymedia/ber/bru

Foto: Déi ungaresch Regierung wëll d‘Meenung an de Käpp vun de Leit verfestegen, datt sech de Jean-Claude Juncker mam George Soros zesummegedoen huet, fir eng illegal Migratioun an der EU ze fërderen, an d‘Memberlänner zur Opnam vu Flüchtlingen ze zwéngen. © HHC

Ähnlech Sujeten Europawahlen 2019, EVP, Fidesz, Frans Timmermans, George Soros, Jean-Claude Juncker, Ungarn, Viktor Orbán, Zoltan Kovacs
Nächsten Artikel Virrechten Artikel