Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politesch Kultur am Wahlkampf
International Neiegkeeten

Politesch Kultur am Wahlkampf

An de leschte Wochen an Deeg goufe vu verschidde Säiten

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus
International Neiegkeeten

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

E Méindeg huet sech den Donald Trump, mir näischt, dir

D‘Salariée vun de Geschäfter déi opbleiwe schützen!
International Neiegkeeten

D‘Salariée vun de Geschäfter déi opbleiwe schützen!

Zanter dem Dënschdeg muss eng Partie vun de Geschäfter zoubleiwen.

Ungarn mat strammen Areesbeschränkungen

Ungarn mat strammen Areesbeschränkungen

Déi ungaresch Gesondheetsverwaltung mécht Ënnerscheeder tëscht de Risikogebidder, wat zu massiven Areesbeschränkunge gefouert huet. Esou huet déi ungaresch Regierung eng Arees aus Länner déi zur „rouder Grupp“ gehéieren ab muer Dënschdeg vollstänneg ënnersot.

Betraff sinn hei all d‘Länner vun Afrika a Südamerika, esou wéi quasi all déi asiatesch Länner. Mee och verschidden europäesch Länner mussen sech op Aschränkunge gefaasst maachen. Dem Viktor Orban säi Stabschef Gergely Gulyas erkläert dozou: „Mir mussen eis Sécherheet schützen an uecht doen, datt de Virus net vu baussen ageschleeft gëtt. D’Infektiounszuelen am Land gi weider zréck a mir wëllen, datt dat och esou bleift“.

An der Praxis gesäit dat dann esou aus: Beamte vum Gesondheetsministère deelen elo 154 Länner an déi ënnerschiddlech Risikokategorien an. Als Grondlag ginn d‘Infektiounszuelen erugezunn. Zur héchster Risikogrupp zielen all d‘afrikanesch a südamerikanesch Länner, wéi och déi meeschten asiatesch Länner. Hei sinn nëmme China a Japan ausgeholl ginn. Mënschen aus dëse Länner dierfen ab Mëtternuecht net méi an Ungarn areesen.

Ungarn

Budapest bei Nuecht… Wéinst dem Coronavirus Covid19, wäerten sech vill Mënschen dëst Bild vum Parlamentsgebai net kënne „Live“ op der Plaz vergënnen. © Jason Blackeye / unsplash

Ënnert den europäesche Länner déi an déi rout Grupp agedeelt goufe sinn: Albanien, Bosnien-Herzegowina, Kosovo, Montenegro, Nordmazedonien, Ukrain a Wäissrussland. Ungarn déi aus dëse Länner areesen, musse fir 14 Deeg a Quarantaine an sech op de Covid19 teste loossen. Den obligatoreschen Test an d‘Quarantaine gëllt och fir d‘Voyageuren aus dem „giele Grupp“, an och d‘Lëscht vun dëse Länner ass laang.

Hei fënnt een nieft China, Groussbritannien, Japan, Norwegen, Russland a Serbien och d‘USA, dat aktuell am stäerkste vun der Covid19-Pandemie betraffend Land. D‘Quarantaine ka verkierzt ginn, wann ee bannent fënnef Deeg en negativen Test virweise kann. Ënnert den EU-Länner si Bulgarien, Portugal, Rumänien a Schweden dem giele Grupp zougerechent ginn.

Mënschen aus Länner vun der grénger Kategorie dierfen ouni Restriktioun areesen. Ungarn selwer ass vun der Pandemie nëmme liicht betraff. Laut den offiziellen Zuelen si bis ewell nëmme 4.234 Infektiounsfäll nogewise ginn, 595 Mënschen hunn de Virus net iwwerstanen. De Viktor Orban hat rezent annoncéiert, datt hien der Recommandatioun vu Bréissel, d‘Beschränkunge fir weider Länner opzehiewen, net wäert nokommen.

mat indymedia/bud

Illustratioun: Beim Horesca-Secteur kënnt dës Annonce net gutt un. Grad zu Budapest ass dëse Secteur vill vum Tourismus ofhängeg. Och an der Gastronomie hat ee sech Mesuren operluecht, fir de Cliente gréisstméiglech Sécherheet ze bidden. © Angelo Pantazis / unsplash

Ähnlech Sujeten Areesbeschränkunge, Covid19, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel