Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch
International Neiegkeeten

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch

Den Hurrikan Dorian huet nach ëmmer net ganz vun de

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien
International Neiegkeeten

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien

Virun néng Joer hat sech de Stade Josy Haupert zu

Raftside um Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten

Raftside um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl schlecht Traitementer déi d‘Migranten erleide mussen, wann si vun Ungarn zréck a Serbien ausgewise ginn, denoncéiert. Budapest wiert sech, a bestreit d‘Richtegkeet vum presentéierten Text.

Membere vum europäesche Comité zur Preventioun vun der Folter (CPT), engem spezialiséierten Organ vun der tëschestaatlecher Organisatioun mat Sëtz zu Stroossbuerg, hunn am Oktober 2017 an Ungarn zwou Transitzone besicht, wou Migranten zesummegefouert gi waren. Si hunn uschléissend och ausgewise Migranten a Serbien befrot.

Laut den Temoignagen an de Beweiser, déi esou zesummekomm sinn, huet de Comité festgehalen, datt Ungarn beméit ass uerdentlech materiell Konditiounen an de Retentioun-Zentren hierzestellen, och wann d‘Konditioune fir den Openthalt iwwert d‘Mooss deene vun engem Prisong gläichen. Dat dann och nach besonnesch am Ëmgang mat Famillje mat Kanner.

Am Bericht gëtt nach ervirgehuewen, datt et an den Zonen déi konnte besicht ginn, keng schlecht Behandlung ënnerstallt ginn ass. Wann et awer zu Verhaftungen oder Ausweisunge kënnt, géifen d‘Migranten, iert se iwwert d‘Grenz gesat ginn, onberechtegter Gewalt ausgesäit. De System deen agefouert ginn ass, fir Gewalt ze verhënnere wier net effikass a Serbien kee séchert Land.

Zu Budapest ass ee sech kenger Schold bewosst

„Dëse Rapport enthält eng grouss Unzuel vu Conclusiounen, déi de Faiten esou net entspriechen. Dëst Dokument ass éischter politescher Natur, wéi professioneller an enthält géintiwwer dem Bericht vun 2015, näischt Neies“, wiert sech déi ungaresch Regierung, déi Punkt fir Punkt op d‘Conclusioune vum CPT geäntwert huet.

Budapest behaapt, datt déi europäesch Observateuren net berécksiichtegt hunn, datt déi „Auslänner scho während hirer Expeditioun physesch oder psychesch Blessure kënnen erlidden hunn“. Also laang iert si an d‘Land agereest wieren. Gewalt a Mësshandlung géif och vun de Passeuren ausgoen heescht et säitens der ungarescher Regierung.

Et gëtt zudeem vun der Regierung ënnerstrach, datt de Rapport keng Verstéiss géint d‘Gesetz, an de besichten Transitzonen, konnt feststellen. Dat hätt d‘Auteure vum Rapport awer net dru gehënnert, hir virgefaasste Meenung zu de Police-Iwwergrëff ze iwwerdenken.

Domatter ass de „Problem“ net vum Dësch

„Aus der Äntwert vun den ungareschen Autoritéiten ass däitlech ze enthuelen, datt déi wichtegst Suergen déi am Bericht vum CPT zum Ausdrock kommen, nach ëmmer héich aktuell sinn“, esou d‘Äntwert vum CPT-President Mykola Gnatovskyy. Den Ukrainer hofft op „en Austausch mat den Autoritéiten, zu de Problemer déi am Rapport genannt ginn, fir d‘Situatioun ze verbesseren“.

D‘Verëffentlechung vun dem Rapport an déi ungaresch Äntwert kommen zu engem fir Budapest „ongënschtegen“ Zäitpunkt. Net méi spéit wéi leschte Mëttwoch, huet d‘Europaparlament zu Stroossbuerg, déi „systemesch Bedreeung“ vun den europäesche Wäerter an Ungarn denoncéiert. D‘Europadeputéiert hunn géint Ungarn d‘Prozedur no Artikel 7 gefuerdert.

mat AFP

Foto: Den ungaresche Premierminister Viktor Orban (hei bei engem Sommet vun der Visegrad-Grupp am Juni) huet ni en Heel draus gemaach, datt hie weder Migranten nach Flüchtlingen a sengem Land wëll gesinn. Wéi dës ausgewise ginn, ass him net esou wichteg, wéi d‘Tatsaach datt se ausgewise ginn. © Ferenc Isza/AFP

Ähnlech Sujeten CPT, Europarot, Gewalt, Migranten, Ungarn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel