Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier
https://moien.lu/closing-line-for-dating-profile/ https://moien.lu/online-dating-membership-costs/

law of attraction dating tips

Déi Lëtzebuerger Antenn vun den ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF)

https://moien.lu/dating-on-twitter/
https://moien.lu/closing-line-for-dating-profile/ https://moien.lu/online-dating-membership-costs/

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen

Nom Amoklaf zu Parkland, wou Mëtt Februar 2018 e 19

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos
https://moien.lu/closing-line-for-dating-profile/ https://moien.lu/online-dating-membership-costs/

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos

Den Orkan Friederike huet en traurege Bilan hannerlooss: néng Doudeger

Ungarn fält nees aus der Roll

Ungarn fält nees aus der Roll

Europa muss de Viktor Orban wéinst enger anti-Awanderungscampagne an dem verbreede vu falschen Noriichten, op e neits „zréckpäifen“, an him ze verstoe ginn, datt et keng Verschwierung gëtt. Dat zumindest wëll déi populistesch Regierung an d‘Fidesz den eegene Leit opbannen.

Den Aktionismus vun der Fidesz an der ungarescher Regierung, knapp dräi Méint virun den EU-Wahlen, ass net aus der Loft gegraff, dofir Deel vun enger Strategie, déi zur Zerspläiterung vun der Unioun féiere soll. De Spriecher vun der EU-Kommissioun, huet gëschter also erëm eng Kéier missen drop hiweisen, datt d‘EU net den nationale Grenzschutz ënnerleeft, an et och keng Pläng gëtt, no deenen et „humanitär Visaen“ op EU-Niveau sollt ginn.

An der EU ass et bisweilen nach ëmmer esou, datt d‘Memberstaaten entscheede bis zu wéi engem Grad si sech der legaler Migratioun unhuelen. An dem Viktor Orban säin nationalistescht Gedeessems, gëtt och dem „Chef“ schwéier op de Geescht. Esou huet sech de Jean-Claude Juncker liicht ongehale gewisen, an de Populist aus Ungarn e Ligener genannt. Hien huet och nach emol vun de Kollegen aus der europäescher Vollekspartei (EVP) säin Ausschloss gefuerdert.

Wahlkampf „géint“ den europäesche Gedanken

D‘Roserei gëtt awer net eleng dem EU-Kommissiounspresident iwwerlooss. Och säi Vize, de Frans Timmermans, huet säi Pefferkär bäigedroen: „Wann et a politesche Campagnen dorëms geet, d‘Wourecht ze dréinen, da sinn se an Ungarn an engem vëlleg aneren Universum“. An domatter muss et mat „politesch korrekt“ genuch sinn, well dat wat eis ungaresch Frënn sech den Ament gënnen, erënnert dach éischter un d‘Resurgenz vum Faschismus…

Ungarn

De Soros an de Juncker, sinn déi Feindbiller, déi de Viktor Orban sengem Vollek opdränge wëll. Interessant ass d‘Feststellung, datt och ausserhalb Ungarn, dës Politik ganz vill Zousproch fënnt.

Et geet hei ëm d‘Wahlplakater zur Awanderungspolitik. Plakater op deenen d‘Gesiichter vum Jean-Claude Juncker an dem Milliardär George Soros, zesumme mam Sproch: „Och dir hutt e Recht drop ze wëssen, wat Bréissel wëlles huet“. A klenger Schrëft“ hu se nach drënner geschriwwen: „Si wëllen déi verflichtend Usiidlungsquot aféieren. Si wëllen d‘Recht vun der Memberlänner op Grenzschutz schwächen. Mat Migrantevisae wëllen si d‘Awanderung erliichteren“.

Antisemitismus op héijem Niveau oder nëmmen en Nostalgiker?

Interessant un der Kausa Orban a Fidesz, seng Haltung géintiwwer der EU, an iwwerhaapt all den Institutiounen déi sech fir europäesch Wäerter asetzen – déi schéngen aus der Moud komm ze sinn – si fënnt Unhänger bis wäit iwwert d‘Grenze vun Ungarn eraus. Et gefält de Leit, datt de Viktor Orban ëmmer nees Campagne géint d‘EU ënnerhëlt, an den US-Milliardär (mat zweiwelhaftem Ruff) George Soros zum Staatsfeind erkläert huet.

Esou behaapt den ungaresche Regierungschef, datt de jiddesche Milliardär déi onkontrolléiert Massenawanderung fërdert. Wat allerdéngs eppes Liicht an d‘Däischtert brénge kann, ass de Fait, datt och de George Soros en „ëmstriddene“ Personnage ass, a sech béid Männer iwwer Joren an den Hoer leien. A wann een dem US-Milliardär och villes ënnerstelle kann, datt grad hie géif Geld an de Grapp huelen, fir Migranten an Ungarn „anzeschleisen“, dat ass e schlechte Witz.

Déi Europäesch „Osterweiderung“ a seng Folgen

Beim Ausbroch vun der Flüchtlingskris, un där d‘EU, dank Waffegeschäfter an Ausbeutung vun de Ressourcen, an deene Länner vu wou déi Mënschen hierkommen, net onbedeelegt ass, haten sech d‘Länner aus dem Balkan séier zesummegedoen. A well ee geschichtlech betruecht och Erfarung mat „Grenzen“ huet, hat Budapest seng mat Serbien a Kroatien direkt emol mat pickegem Drot ofgeséchert. Aus Solidaritéit huet ee sech dann och geweigert Flüchtlingen opzehuelen…

Ungarn

Eng Säit aus enger anti-Migrante Broschür, déi vun der ungarescher Regierung erausginn ass. Den Titel op de lénker Säit: „Déi gezwonge Relokalisatioun bréngt eis Kultur an Traditiounen a Gefor“. Op der rietser Säit: „An de Stied vun Europa gëtt et honnerten Gebitter déi net méi betruede kënne ginn“. (Archiv 2016)

Hält ee sech un d‘Regelwierk vun der EU-Kommissioun, esou muss een dierfe feststellen, datt et eng ganz Rëtsch un nationale Gesetzer gëtt, déi géint EU-Recht verstoussen. Zumindest alleguerten déi, bei deenen et ëm Migratioun geet. Nach am Dezember hat de Jean-Claude Juncker dem Viktor Orban virgeworf Ligen ze verbreeden. Datt de Viktor Orban, deen erwisenermoosse mat enger Campagne géint Europa net seng Plaz an der EVP huet, gesäit och de Jott-zé-Jott esou.

Foto: Ungarn huet kaum wann iwwerhaapt Flüchtlingen opgeholl, an déi wou se opgeholl hunn, hu misse Katholike sinn. Mee mat „Angscht maachen“ gewënnt ee Wahlen, well nëmmen esou ass de Viktor Orban iwwerhaapt Regierungschef ginn © picture alliance

Ähnlech Sujeten Europawahlen 2019, Fidesz, Frans Timmermans, Jean-Claude Juncker, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel