Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis
International Neiegkeeten Stories

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis

Nodeems den europäesche Solarpräis schonn zu Berlin, Roum Prag, Wien,

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch
International Neiegkeeten Stories

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch

Déi Lëtzebuerger Lacrosse-Ekipp aus dem Lycée Guillaume Kroll (LGK) huet

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Wéi ass et mat de Sproochkenntnesser am Primaire

An déck engem Mount geet d‘Schoul nees un, a wéi

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

EU-Subventioune sollen de Mënschen zerguttst kommen, an de Viktor Orban weess wien domadder gemengt ass...

Wéi Ungarn d‘Geld aus Bréissel ënnert d‘Leit bréngt

Zanter 2010 ass et gewosst, mee et schéngt kaum een ze interesséieren. D‘EPP ass op de Faschist a seng radikal nationalistesch orientéiert Fidesz ugewisen an huet esou och kee Problem domadder, datt den ungaresche Ministerpresident EU-Gelder systematesch ofzweigt, fir Famill a Frënn net an Aarmut verkommen ze loossen. Kee wonner, datt hie sech der Rechtsstaatlechkeet widdersetzt…

Beim EU-Finanzsommet, ass dem ungaresche Ministerpresident gelongen ze verhënneren, datt déi am Konjunkturpak enthale Subventiounen net un de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet, der Onofhängegkeet vun der Justiz, der Presse- a Meenungsfräiheet, wéi de Mënscherechter insgesamt gebonne ginn. An esou wäerten hien a seng bockeleg Famill, vun den Zouwennunge profitéieren.

An nee, dat ass keen onberechtegte Virworf. De gréngen EU-Deputéierten Daniel Freund war sech mat eegenen Aen op d‘Plaz dovunner iwwerzeegen, wat un dëse Virwërf drun ass. Den däitsche Politiker ass Member vum Haushaltskontrollausschuss an zoustänneg dofir, datt de Goss vu Bréissel fir déi dofir bestëmmten Zwecker verwennt ginn. Säi Constat léisst engem d‘Dronkenellen ausgoen.

Onmoosseg Manipulatiounen

Den EU-Deputéierte mécht däitlech Aussoen a behaapt datt EU-gefërdert Projeten an Opträg ganz bewosst manipuléiert ginn. D‘Zil dovunner ass et, de Kandidaten aus dem enksten Ëmfeld den Zouschlag fir dës Aarbechten zouzeschousteren. Beispill: Den Eedem vum Viktor Orban huet den Zouschlag fir LED-Stroosseluuchten (65 Milliounen Euro) aus ëffentleche Verträg erhalen.

An engem Gespréich mam Akos Hadhazy – engem fréiere Member vun der Fidesz, deen elo als „onofhängegen“ am Parlament sëtzt – huet den Daniel Freund weider erschreckend Informatiounen zum Opstig vum Viktor Orban kritt. Esou wier aktuell de Frënd aus Kannerzäiten, Lorinc Meszaros, ganz offiziell de räichsten Ungar, an nach ëmmer dem Ministerpresident säi beschte Kumpel.

Bis virun 10 Joer, war de Lorinc Meszaros en einfachen Installateur ouni Verméigen. Dat huet sech „gebessert“, dem onscheinbaren Handwierker säi Verméige beleeft sech mëttlerweil op ronn zwou Milliarden Euro. Dem Lorinc Meszaros seng Betriber kréie bei allen Ausschreiwungen un deenen si sech bedeelegen, den Zouschlag. Déi meescht dovunner gi vun der EU massiv subventionéiert.

Kontroll gëtt iwwerbewäert

Kee Wonner, datt sech den Daniel Freund Froe stellt. Et fir hien absolutt net novollzéibar, wéi et ka sinn, datt d‘EU-Kommissioun all Joers Milliarden Euro un Subventiounen un Ungarn iwwerweist, a keen – also esou wierklech guer keen – kontrolléiert wéi d‘Geld geréiert gëtt a wou et am Endeffekt lant. Woubäi d‘Fäll an d‘Virgoensweis selwer, zu Bréissel alle verantwortleche Bekannt sinn.

Ungarn

„Ech hunn an Ungarn mat Aktiviste, Politiker a Journaliste geschwat. Alleguerte sinn se sech an hiren Aschätzungen eens: Zanter de Viktor Orban 2010 d‘Muecht an Ungarn iwwerholl huet, ginn EU-Gelder systematesch ofgezweigt. Deels fléisst dëst Geld an déi eegen Täsch, mee och d‘Famill an d‘Frënn gi grousszügeg beduecht“, esou den Daniel Freund (EFA – European Free Alliance)

Déi eegen Agence fir Bedruchsbekämpfung OLAF huet a sengem Bericht 2018 selwer Beispiller genannt an schonn zimmlech vill Verfaren ageleet. Am Fall vum Eedem mat de Stroosseluuchten, huet d‘Agence et esouguer ronn kritt, en Bedruchsmechanissem nozeweisen. De Fall gouf, esou wéi d‘Prozedur et virgesäit, dem ungaresche Procureur iwwermëttelt. Deen huet den Dossier klasséiert.

Fir den Daniel Freund ass offensichtlech, datt de Kontrollsystem vun der EU-Kommissioun hei voll verseet. Eng Absicht kann een der Kommissioun net noweisen, well de System ass esou ausgeluecht datt, déi Kontrollen déi musse stattfannen, vun den Autoritéiten an de Memberlänner gemaach ginn. Méi däämlech kann een e System net opstellen, firwat sech d‘Kommissioun zum Kompliz mécht.

Deem enge säi Gléck…

Wann ee sech déi ganz Zommen ukuckt, déi zanter 2010 a Richtung Ungarn gefloss sinn, da kann ee verstoen, dat de Faschist keen Interessi dorunner huet, datt sech un dëser Situatioun eppes ännert. Ungarn ass den zweetgréissten Netto-Beneficiaire no Polen. Et geet ëm Milliarden, an dat erkläert, datt de Viktor Orban gedreet huet, de Konjunkturpak net unzehuele wann et elo Konditioune gëtt.

Et hat awer genuch Staats- a Regierungscheffe beim EU-Finanzsommet ginn, déi gefuerdert hunn, datt d‘Fërdergelder un d‘Anhale vum EU-Recht misste gekoppelt ginn. Dorënner och de Mark Rutte, Premierminister vun Holland. Den Echange mam ungaresche Faschist soll zimmlech hefteg gewiescht sinn, dobäi leie béid Politiker ideologesch eigentlech op enger Linn, mee beim Geld…

De Viktor Orban hat nom verbale Clash géintiwwer der Presse gemengt, datt hien net géif verstoen, firwat den Hollänner hie perséinlech a besonnesch Ungarn esou géif haassen. Hien huet beklot, datt de Mark Rutte säi Land finanziell bestrofe wéilt, wat ongerecht wier, ugesiichts dem Fait, datt et kaum ee méi pro-europäescht Land wéi Ungarn géif ginn. Dat kann de Steve Bannon bestätegen.

Kréien se haut d‘Kéier?

Wann sech déi onséileg, well staark egoistesch an ëmmer der eegener – perséinlecher – Saach verschriwwe Staats- a Regierungscheffe beim EU-Finanzsommet an hirer Ofschlosserklärung, op en Neits géint d‘Wäerter vun der Union, an besonnesch géint de Prinzip vun der sakrosankter Rechtsstaatlechkeet ausgeschwat hunn, esou gëtt et am EU-Parlament awer eppes Widderstand.

Haut gëtt jo am EU-Parlament iwwert de Konjunkturpak an den EU-Budget beroden. Bei dëser Geleeënheet, soll eng Resolutioun virgeluecht ginn, an där vun der EU-Kommissioun Kloertext gefuert gëtt. Et wéisst ee gären, ob a wéi d‘Ausbezuele vu Subventioune vum anhale vun den europäesche Rechtsstaatsprinzipien ofhängeg soll oder kann ofhängeg gemaach ginn.

Den Daniel Freund mécht sech net allzevill Hoffnungen, ugesiichts de villen Nationalisten, Populisten an den drolege Gesellen aus der EPP, déi hiert eegent Wuel, an dat vun hirem Ëmfeld héijer bewäerten, wéi d‘Interesse vun Europa a senge Bierger. Europa, eng Institutioun wou sech déi mächteg Zerwéieren, d‘Gangster Immunitéit genéissen an de Faschismus Salonfäeg ginn ass.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Dat ungarescht Parlament ass dat europäescht vun allen. Datt een hinnen elo de Virworf mécht, d‘Rechtsstaatlechkeet ze denigréieren an iwwert dëse Wee wëll Subventioune sträichen, oder dës zumindest wéilt zréckbehalen, fannen si ongerecht. Walter ssk / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bedruch, Daniel Freund, EFA, EU-Kommissioun, EU-Subventiounen, Kontroll, OLAF, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel