Search

You may also like

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
International Neiegkeeten

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck
International Neiegkeeten

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck

Déi dschihadistesch Zell, beschëllegt d‘Uschléi a Katalounien duerchgefouert ze hunn,

Ungarn nees am Fokus vun der EU-Kommissioun

Bréissel huet nees Sträit mat Budapest, an huet ee Vertragsverletzungsverfaren an d‘Wee geleet

Ungarn nees am Fokus vun der EU-Kommissioun

Well dem faschistoide Viktor Orban – deen d‘Subventiounen aus Bréissel virzuchsweis u Famill a Frënn verdeelt, dofir awer net belaangt gëtt – Netregierungsorganisatiounen (ONGen) zuwidder sinn, well déi sech generell fir Mënscherechter asetzen, goufen all Hiewel a Beweegung gesat, mat deenen hir Finanzéierung maximal ageschränkt gëtt.

Et ass eigentlech nëmmen ee weidert trauregt Kapitel, um deem och déi europäesch Vollekspartei (EPP) matgeschriwwen huet. A wann hei déi tschechesch EU-Kommissärin Vera Jourova (liberal) vun engem „entscheedende“ Schratt schwätzt, esou dierf een dat net ganz esou eescht huelen, wéi d‘Kommissärin et mengt. An Ungarn huet ee sech un d‘Verfare gewinnt, déi sinn elo „Routine“.

Richteg ass allerdéngs, datt och schonn den EuGH den Ungarn déi rout Kaart gewisen huet. Dat well d‘Gesetz vun 2017, dat sech déi ungaresch Regierung ginn huet, fir eng besser Kontroll vun den ONGen ze hunn, net rechtens wier. Tatsächlech schreift dëst Gesetz eng Meldeflicht fir ONGe vir.

Déi mussen entspriechend dësem Gesetz all Spenden aus dem Ausland deklaréieren (a versteieren). Zudeem mussen d‘Date vun den Donateure vollstänneg virgeluecht ginn. ONGe mussen sech dann och nach als „aus dem Ausland ënnerstëtzte Gesellschaften“ androen. Rumeure besoen, datt et hei géif en Zesummenhang mam George Soros ginn, en ëmstriddenen ale Mann mat masseg vill Geld.

Aus der Siicht vun der EU-Kommissioun awer, ass dëst Gesetz, wéi déi doranner Enthale Reegelen, net mam europäeschen Dateschutz (DGPR) vereenbar. Zudeem géif géint de fräie Kapitalverkéier bannent der Unioun verstouss. Dat hat den EuGH dann och schonn am Summer 2020 bestätegt.

Ungarn huet elo zwee Méint Zäit sech zu de Virwërf ze äusseren. Geschitt dat net, oder ass vläicht d‘Erklärung net zefriddestellend, geet den Dossier nees un der EuGH. Dëst „kéint“ jo da finanziell Sanktioune beschléissen. Wann et och richteg ass, datt vill Verfaren erfollegräich waren, esou ass et leider och richteg, datt näischt dovunner een Notze bruecht huet. Och dat huet ganz gutt Grënn.

An der Europäescher Unioun verhält et sech bekanntlech esou, datt all Entscheedunge mussen an der Unanimitéit geholl ginn. Mécht d‘EU net wéi de Viktor Orban wëll, gëtt einfach de ganze Buttek blockéiert. An net nëmmen d‘Ungarn si fervent Unhänger vun dësem „Veto-Recht“.

mat indymedia/bru

Illustratioun: Tibor Janosi Mozes / pixabay

Related topics EU-Kommissioun, EUGH, Sanktiounen, Ungarn, Vera Jourova, Vertragsverletzungsverfaren
Next post Previous post