Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De franséische Premierminister gräift déif an d‘Täsch
International Neiegkeeten

De franséische Premierminister gräift déif an d‘Täsch

Bei eise franséischen Nopere goufen zanter Ufank vun der Covid19-Pandemie

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn
International Neiegkeeten

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss
International Neiegkeeten

Bundesregierung gëtt sengem Häerz e Stouss

Aus dem däitschen Inneministère huet et gëschter geheescht, datt d‘Regierung

Ungarn: Land mat Ageschränkter Pressefräiheet

Zu dausenden hunn se gëschter zu Budapest géint d‘Agrëff an d‘Fräiheet vun de Medie protestéiert

Ungarn: Land mat Ageschränkter Pressefräiheet

index.hu“ ass mat dat gréissten Noriichteportal vun Ungarn an eent vu de leschten onofhängege Medien an dësem EU-Land, dat et mat der Rechtsstaatlechkeet net esou genee hëlt. Nodeems de Chefredakter vun de Besëtzer gekënnegt krut, huet bal déi ganz Beleegschaft demissionéiert.

D‘Eegener vun index.hu – alles Geschäftsleit aus dem direkten Ëmfeld vum Ministerpresident Viktor Orban – haten d‘Entloossung vum Chefredakter Szabolcs Dull duerchgesat, wouropshin iwwer 80 Journalisten um Freideg de Kont geholl hunn. Dat sinn de ganze Management a bal d‘Integralitéit vun de Kollaborateuren. Domadder ass d‘Zukunft vum Portal zolidd a Fro gestallt.

Ungarnindex.hu gëllt als „regierungskritesch an onofhängeg“ an huet eng immens Reechwäit, an ass folgerichteg meenungsbildend. Attributer déi nëmmen nach op ganz wéineg ungaresch Medien zoutreffen. D‘Mataarbechter hunn an engem Video erkläert wéi si hir Aarbecht verstinn a firwat si maachen, wat si eben als Journalisten esou ze maachen hunn. Domadder schéngt et gedoen.

„Wat een net verbidde ka muss ee kafen“, esou den Entrepreneur Miklos Vaszily, dee sech 50% Undeeler vun enger externer Firma ënnert den Nol gerappt huet, déi d‘Reklammen an d‘Annonce vum Noriichteportal geréiert. Iwwert dësen Detour huet de Miklos Vaszily ee ganz groussen Afloss op d‘Finanzen. Den Entrepreneur steet der Fidesz no a gëllt als Vertraute vum Viktor Orban.

Näischt geschitt zoufälleg

Wéi dem Ministerpresident säi Frënd am Juni d‘quasi-Kontroll vun index.hu iwwerholl huet, ass et séier zu personelle Verännerunge komm. Esou gouf de Virstand vun der Fondatioun MFA, déi formal als Proprietäre vum Noriichteportal gëllt, nei zortéiert. Am Uschloss dorunner, goufe Pläng bekannt, déi eng Restrukturatioun an eng „Neiausriichtung“ vun index.hu virgesinn.

Ungarnindex.hu sollt méi regierungsfrëndlech ginn, an esou huet de Chefredakter Szabolcs Dull dee sougenannten „Onofhängegkeetsbarometer“ – dee gëtt et zanter zwee Joer op hirer Internetsäit – vun Onofhängeg op Gefäerdet geännert. Et sollt eng vu senge leschten Entscheedunge sinn. Him gouf wéinst geschäftsschiedegendem Verhale vum Verwaltungsrot elo gekënnegt.

An enger gemeinsamer Erklärung, déi vu ronn 100 Mataarbechter ënnerschriwwe gouf, huet sech d‘Beleegschaft géint de Rausworf vun hirem Chef ausgeschwat. Si hunn dem Verwaltungsrot dann och zwou Fuerderungen ënnerbreet: 1) keen Afloss op d‘Zesummesetzung vun der Redaktioun; 2) keen Afloss op den Inhalt. Ouni dës Konditioune wier index.hu keen onofhängege Medium.

Och d‘Fräiheet huet säi Präis

„Wann een net méi fräi ass, engem operluecht gëtt wéi een ze beriichten huet, dann ass et Zäit ze goen“, esou déi stellvertriedend Chefredaktesch Veronika Munk, zu de villen Demissiounen. Si huet och drop higewisen, datt d‘Entwécklunge vun de leschte Wochen engem klore Muster follegen. Medie gi vu „Geschäftsleit“ opkaf an uschléissend aus wirtschaftleche Grënn ëmstrukturéiert…

UngarnAls éischt gëtt sech dann de kritesche Journalisten entleedegt an d‘Redaktioun op Regierungslinn bruecht. Datt dem Internetportal „origo.hu“ esou ergaangen, mee och traditionell Medien hunn et erlieft. Esou gouf d‘Zeitung „Nepszabadsag“ opkaf a vun den neie Proprietäre stëllgeluecht. An d‘Resultat ass elo, datt gutt 80% vum ungareschen Noriichtemaart an de falschen Hänn ass.

Déi ëffentlech-rechtlech Medie sinn an der staatlecher Medienholding MTVA ënnerbruecht ginn. Hei si 470 Medienentreprisen zesummegefaasst, d‘Berichterstattung gëtt zentral koordinéiert. Am EU-Parlament hat de Viktor Orban de Kritiker entgéint: „Mir géifen et eis ni verzeien, wa mir deenejéinegen de Mond géife verbidden, déi mat ons net averstane sinn“. Hie krut geklappt…

mat indymedia/bud

Foto: Zu dausende sinn d‘Ungarn vun der index-Redaktioun zum Amtssëtz vum Ministerpresident Viktor Orban gepilgert, fir géint de Rausworf vum Szabolcs Dull a fir d‘Pressefräiheet ze kämpfen. © index.hu

Ähnlech Sujeten index.hu, Pressefräiheet, Szabolcs Dull, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel