Search

You may also like

Ee Joerzéngt „Musikbazar“
International Neiegkeeten Stories

Ee Joerzéngt „Musikbazar“

Den Occasiounsmaart fir Instrumenter huet sech längst an der Groussregioun

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?
International Neiegkeeten Stories

Ginn et genuch Patientebetter am Nordspidol?

Wann et mam demographesche Wandel an dem Wuesstem am grousse

Réckruff: Glas am Äppelkompott vun ALDI!
International Neiegkeeten Stories

Réckruff: Glas am Äppelkompott vun ALDI!

Wéi ALDI elo matdeelt sollen sech am Äppelkompott vun der

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet

Dem Viktor Orban seng Frënn wësse wéi een eng Presselandschaft gestalt: mat vill Geld a kloren Zilsetzungen. Um Noriichteportal „index.hu“ léisst sech beschtens erkläre wéi dat gemengt ass.

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet

Et gëtt an Ungarn keen Noriichteportal datt esou oft am Internet opgeruff gëtt, wéi „index.hu“ an dat bisweile ganz gutt Grënn gehat: dëst Internetportal gëllt als eent vun de leschten onofhängege Medien. Mee et huet och hei Verännerunge ginn, déi engersäits de Statut a Fro stellen, an anersäits d‘Mataarbechter zu engem gewote Schratt beweegt hunn.

Nodeems d‘Eegener vun „index.hu“ Enn Juli d‘Entloossung vum Chefredakter Szabolcs Dull beschloss haten, an déi stellvertriedend Chefredaktesch Veronika Munk hir Demissioun agereecht hat, hunn sech eng 90 Journaliste vun „haut op muer“ derzou entscheet och ze kënnegen. Elo, zwee Méint drop, schaffen dës Leit zesummen un engem neien Noriichteportal. Mee lount sech d‘Méi?

Iert een dës Fro ka beäntwerten, muss ee kuerz zeréckblécken. Am Fréijoer huet et bei der „Regie“ déi d‘Annonce vun „index.hu“ verkeeft a geréiert, en neie Chef ginn: de Miklos Vaszily. Dëse „Geschäftsmann“ ass net nëmmen ee Vertraute vum faschistoide Viktor Orban, hien ass och de President vum Regierungstreie Sender „TV2“ a war virdrun de Chef vum Sender „Echo TV“.

An de Miklos Vaszily huet eng gewësse Renommee. Hien huet schonn en etlech Medien an de Kontext vun der Regierungspolitik „begleet“ firwat een bei „index.hu“ berechtegt Ängschten hat, datt hien och dëst Noriichteportal zu engem regierungsfrëndleche Sender ëmgestalte kéint. An et koum wéi erwaart: nodeems sech de Chefredakter géint Reforme gewiert huet gouf deen entlooss.

D‘Suitte ass bekannt: déi Stellvertriedend Chefredaktesch Veronika Munk a mat hir bal déi ganz Ekipp vun „index.hu“ hunn hir siwe Saache gepaakt a sech fir d‘Pressefräiheet entscheet. Elo, wann an Ungarn vun „index.hu“ geschwat gëtt, geschitt datt meeschtens an der Vergaangenheetsform. Et ass e bëssi, wéi wann et dëst Noriichteportal einfach net méi géif ginn. Och dat ass scho bal normal.

Widderstand ass net einfach

Nodeems eng esou wäit verbreeten Zeitung wéi „Nepszabadsag“ zougemaach gouf, d‘Onlineportal „Origo“ op Regierungslinn bruecht ginn ass, a vill aner Medien an d‘Laberente gerode sinn, huet sech d‘Medielandschaft an Ungarn däitlech zum Schlechte verännert. Zanter datt de Viktor Orban a seng faschistesch ausgeriichte Fidesz d‘Muecht ergraff hunn, ass et mat der Pressefräiheet gedoen.

Reporter ouni Grenzen (RSF) huet d‘Land da vu Plaz 23 op Plaz 89 erofgestuuft, auslännesch Medien an Investisseuren hunn sech ganz zeréckgezunn a wien nach weider maache wëll, deem bleift net wierklech vill anescht iwwereg, wéi sech mat der Regierung an Aklang ze bréngen. Woubäi et do elo och Ausname gëtt: gemengt ass den Zoltan Varga, ee richtege Medierebell…

De Zoltan Varga gëtt als ee vun de ganz wéinegen Entrepreneuren am Mediësecteur genannt, deen net op Regierungslinn ass. A wat dat fir säi Business bedeit, kritt hien iwwerdäitlech ze spieren. Hien huet wuel vill Zeitungen an Zäitschrëften a sengem Portfolio, wat eigentlech eng ideal Viraussetzung ass fir u Reklammen ze kommen, mee et geet den ungaresche Medie wéi eis.

Grad wéi zu Lëtzebuerg, maachen déi staatlech Annoncen an/oder Reklammen de gréissten Deel vun de Werbeeinamen aus. Grad wéi zu Lëtzebuerg bestëmmt d‘Regierung esou och, wéi eng Zeitung finanziell iwwerlieft. D‘Medie vum Zoltan Varga hunn an de leschten zwee Joer dann och guer keng Annonce kritt. Déi sollten awer streng geholl (wéi bei eis) equitabel zougewise ginn.

Kann d‘EU-Kommissioun agräifen?

Mee et geet net nëmmen ëm den Zoltan Varga. Ufank September hu sech 16 Organisatiounen aus dem journalistesche Secteur mat engem oppene Bréif un d‘EU-Kommissärin fir Wettbewerbsrecht, Margrethe Vestager gewannt an dës opgefuerdert op d‘Reklamatiounen anzegoen, déi an de leschte Jore géint déi ungaresch Regierung agereecht goufen. D‘ALJP huet de Bréif net ënnerschriwwen.

Wärend sech dann elo d‘Margrethe Vestager un hiren Dote wäert musse moosse loossen, huet déi fréier „index“ Redaktioun sech nei opgestallt an d‘Noriichteportal „telex.hu“ gegrënnt. Ee Start ënner schwierege Viraussetzungen. Annonce vun der Regierung wäerten si keng kréien, zumindest net wann si weiderhin op hir Onofhängegkeet a kritesch Berichterstattung bestoe sollten.

Op Financiere kënnen si och keng Hoffnung setzen, déi am Inland sinn net gewëllt sech dem Viktor Orban an de Wee ze stellen, an aus dem Ausland fléisst och kee Geld. An esou engem Fall bleift nach just d‘Optioun: Crowdfunding. Eigentlech ass et méi eng Spendenaktioun, déi vun „telex.hu“ bedriwwe gëtt, an den Ament schéngt sech ervirzedoen, datt et do eng gewëssen Hoffnung gëtt.

Bis ewell hunn sech eng 32.000 Ungarn bereet erkläert mat engem Beitrag den onofhängegen a kritesche Journalismus ze ënnerstëtzen. Zousätzlech wëll „telex.hu“ sech mat Abonnementer laangfristeg d‘Onofhängegkeet ofsécheren. Ob hinnen dat gelénge kann, an d‘Ungarn bereet sinn d‘Pressefräiheet an hirem Land finanziell matzedroen, dat muss d‘Zukunft weisen…

Illustratioun: © Hanah Grace / unsplash

Related topics Crowdfunding, index.hu, Pressefräiheet, Szabolcs Dull, telex.hu, Ungarn, Veronika Munk, Viktor Orbán
Next post Previous post