Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Réimech?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Réimech?

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019
International Neiegkeeten

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019

Den 12. Dezember huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)
International Neiegkeeten

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet

De Viktor Orban zwéngt d‘Medien an eng „pro-Orban“ Mediegesellschaft

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet

Mam erzwongenen Zesummeschloss vun der ungarescher Press, déi sech géintiwwer dem national-konservative Regime favorabel ze äusseren huet, huet de Viktor Orban der europäescher Unioun de Mëttelfanger riicht an d‘Gesiicht gehalen. D‘Pressefräiheet ass domatter faktesch ofgeschaaft ginn.

Et fänkt domatter un, datt sech 500 ungaresch Medien (National a Lokal) déi der Regierung zougesprach hunn, an engem Konsortium zesummendinn. Hiert Zil ass et „drop uecht ze doen, datt déi national Wäerter erhale bleiwen“, heescht et an engem Communiqué deen déi lescht Woch verëffentlecht ginn ass. Déi concernéiert Medien (Zeitungen, Revuen an Internetplattformen) déi aktuell enger Dose Verlagshaiser gehéiere ginn an de Besëtz vun enger Stëftung iwwer.

D‘Proprietaire vun dëse Medien hunn erkläert, datt si hir Aktiva enger Stëftung „schenken“, déi vum Gabor Liszkay, engem Medien-Entrepreneur deen zum „enke Krees“ vum Viktor Orban senger Sippschaft zielt, geleet gëtt. Aner Verlagshaiser sollten dëser „Struktur ouni Gewënnzweck“ déi den Numm „Fondatioun vun der Press an de Medie vun Zentraleuropa“ (CEPMF) dréit an am August gegrënnt ginn ass, bäitrieden. Et ass ze verstoen, datt och déi hir Aktiva verschenke mussen.

Eng ganz geféierlech Situatioun

„Esou eng Konzentratioun vun der Medie-Muecht an den Hänn vun enger ‚Entitéit‘ ass eng Première an der europäescher Unioun“, stellt de Gabor Polyak, Analyst vum „Mertek Media Monitor“ fest. „Dat esou oppen ze maachen, ass en däitleche Message un d‘Ungarn an Europa. Heimatter beweist den ungaresche President der EU-Kommissioun, datt hie sech alles erlabe kann“.

Dës Stëftung „symboliséiert d‘Eenheet vun de national-konservativen, während d‘Sozialdemokratie dem Ënnergang geweit ass“, freet sech de faschisteschen Informatiounssite „ORIGO“, deen sech der politescher Linn vun der Regierung verschriwwen huet.

Ënnert de Mandater vum Viktor Orban, deen zanter 2010 un der Muecht ass, huet sech déi ungaresch Medielandschaft déifgräifend verännert: déi ëffentlech Medie sinn zum Sproochrouer vun der Regierungspolitik verkomm, a Leit (mat Goss) déi dem President „no stinn“ hunn all Medien opkaf, déi fir Geld ze kréie waren. Do sinn Zeitungen iwwer Nuecht „einfach verschwonnen“, anerer hunn sech misse mat enger neier editorialer „Linn“ offannen.

Drop geschass…

Dës Verännerung vun der Medielandschaft, hunn dem souveränistesche President, schonn eng ganz Rei „Warnungen“ säitens der EU-Kommissioun abruecht. Mee de autoritären a xenophobe Viktor Orban, këmmert et net. Seng Bezéiung zur Pressefräiheet ëmschreift sech am beschte mat „Drop geschass“, an d‘Ëmsetzung vu senge Prerogativen ass zugläich e Wénk mam Mëttelfanger.

Ungarn

courtesy RSF Germany

Fir den Investigatiounsjournalist Tamas Bodoky, mécht déi nei Stëftung „d‘Emprise vum Staat op d‘Medie siichtbar“. All d‘Medien déi hei zesummegefouert ginn, waren oder sinn an den Hänn vu Leit déi dem Viktor Orban ganz nostinn. Esou den Oligarch Lorinc Meszaros, Buergermeeschter vu der Gebuertsstad vum Premierminister; oder säi politesche Beroder. Och den ex-Hollywoodstar, a Filmproduzent Andy Vajna huet vill Efforte gemaach fir dem „Chef“ gefälleg ze sinn.

Elo hunn déi ungaresch Autoritéiten eng Woch Zäit fir eng eventuell Enquête anzeleeden, an den Avis vum regulatoreschen Organ (NMHH) ze froen. „Dës Institutioun huet bis ewell ëmmer dann agegraff, wann oppositionell Medie betraff waren“, esou de Gabor Polyak. Esou huet am leschte Joer d‘NMHH eng Transaktioun vum Privatsender „RTL Klub“ verhënnert. Dës Medien-Anstalt, déi wéi eise Lëtzebuerger RTL der Bertelsmann-Grupp gehéiert, steet sech net gutt mam Orban.

Eng symbolesch Etapp

Fir den Andras Petho, féier „Figur“ vun ORIGO, déi 2014 an d‘Hänn vun der „Muecht“ gefall ass, muss een d‘Gebuert vun dësem Medien-Imperium virun allem als „symbolesch Etapp“ gesinn. „Ech hat schonn d‘Gefill, datt dës Medien all en Deel vum selwechten Apparat sinn“, esou de Grënner vum Investigative Site „Direkt36“. Si, an nach e Grapp voll aner Internetsitten (Index, HVG oder 444) an e puer Radiosender wéi „Klub Radio“ revendiquéiere weiderhin hir Onofhängegkeet.

Mee ouni d‘Akommes vun de Reklammen, op elo vum Staat oder groussen Entreprisen a Gruppen déi dem Regime nostinn, gëtt et schwiereg finanziell ze iwwerliewen. Suen aus dem Ausland dierf keen unhuelen, deem huet d‘Orban-Regierung de Reedel virgeluecht. Am Ranking vu Reporter ouni Grenzen (RSF) ass Ungarn haut am Sënn vun der Pressefräiheet op Plaz 71 (vun 180) ofgerëtscht. Wéi déi faschistesch Fidesz un d‘Muecht komm war, huet Ungarn nach déi 23. Plaz beluecht.

No de Legislative vum Abrëll, déi dem Viktor Orban en drëtt Mandat abruecht hunn, ass stänneg vun der „Befaangenheet“ vun de Medie rieds gaangen. D‘OSZE hat esouguer drop higewisen, datt den Accès zur Informatioun erhieflech ageschränkt ginn ass. Laut engem Sondage vum Institut Mertek, sinn 73% vun den Ungarn der Usiicht, datt d‘Fidesz direkt Afloss op d‘Medien huet. 17% vun den ungarescher Bierger, sinn iwwerzeegt, datt déi politesch Informatioun „ausgeglach“ ass.

mam Peter Murphy/AFP

Ähnlech Sujeten Europa, Faschismus, Fidesz, Pressefräiheet, Ungarn, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel