Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik
International Neiegkeeten

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

De faschisteschen Diktaturnostalgiker aus Brasilien wëll eng radikal Rentereform. Aarbechter

Den éischte Stee fir de Centre Mosellan zu Éinen gouf gesat
International Neiegkeeten

Den éischte Stee fir de Centre Mosellan zu Éinen gouf gesat

D’Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg, huet gëschter assistéiert fir den éischte Stee

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra
International Neiegkeeten

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra

Den Taux vun de Gebuerte geet am Land weider erof:

Widderwëlleg schléisst den Diktator d‘Transitlager

Widderwëlleg schléisst den Diktator d‘Transitlager

Nodeems déi ungaresch Regierung de 14. Mee vum europäesche Geriichtshaff (EuGH) verurteelt gi war, well véier Asyldemandeuren am Transitlager Röszke onrechtméisseg „inhaftéiert“ waren, huet de Kanzleramtsminister Gergely Gulyas gëschter zu Budapest matgedeelt, datt déi ëmstridde Lager un der Grenz zu Serbien géifen zougemaach ginn.

Déi ronn 280 Mënschen, déi an den Transitlager Röszke an Tompa „inhaftéiert“ waren, solle schonn an der Nuecht zum Donneschdeg op aner Ariichtunge verdeelt gi sinn. De Gergely Gulyas huet an dësem Kontext drop higewisen, dat déi meescht vun dësen Ariichtungen „oppe Strukture“ wieren, wat och ëmmer am ungaresche Kontext dorënner soll verstane ginn, Kontroll geet et jo emol keng.

Ungarn

Iert se hannert engem héijen Zonk a NATO-Stacheldrot „ënnerbruecht“ goufen, sinn d‘Flüchtlinge preventiv ageschüchtert ginn. D‘Koalitioun vun de Vollekskonservativen a Kaviarsozialisten am EU-Parlament, huet dat bis haut net denoncéiert. Datt hënnert si awer net dorunner ëmmer nees déi vermeintlech europäesch Wäerter ze verdeedegen. Och d‘Vertrieder vu LSAP an CSV am EU-Parlament hunn d‘Mesure vum offensichtlech faschistesche Regimm ni eeschthaft a Fro gestallt. © Dr. Anja K.Peters (12. September 2015)

Et ass dann awer net esou, dat déi vu Faschisten (Fidesz) an ultranationalistesche Parteie geleete Regierung dat, wéi de Fransous géif soen „de gaieté de coeur“ – also liichten Häerzens – gemaach hätt. Dat kann een esou och vum Statement ofleeden: „D‘Urteel vum EuGH ass bedauerlech, mee well mir verflicht sinn eis drun ze halen, bleift eis näischt iwwreg wéi des Lager zouzemaachen“.

Ungarn

De 15 September 2015 hunn d‘Ungarn mat engem Eisebunnswaggon dat „lescht Lach“ fir Flüchtlingen zu Röszke, un der Grenz zu Serbien, zougemaach. © Martin Jäschke (files)

De Kanzleramtsminister bleift derbäi: „Dës Lager hunn d‘Grenze vun Ungarn geschützt“. Dat kann een esou gesinn, zumindest wann ee senger Politik vun der Ofschottung an Ofschreckung, fir et gemässegt auszedrécken, trei bleift. Säit gutt dräi Joer goufen esou Flüchtlingen/Migranten an den zwee Transitlager festgehalen, geschützt duerch en héijen Zonk a masseg NATO-Stacheldrot.

Ungarn huet sech iwwert déi ganz Zäit ëmmer drop behaapt, datt sech déi „inhaftéiert Mënschen“ fräiwëlleg do géifen ophalen, well si jo net zréck a Serbien ausreese kéinten. Dat ass gelunn, well engersäits ka vu Fräiwëllegkeet net rieds sinn, an anersäits hätten déi wou zréck a Serbien gaange wieren, hire Statut als Asyldemandeur verluer. Dat huet och d‘EPP-Fraktioun esou matgedroen.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © UNHCR (Files)

Ähnlech Sujeten EUGH, Flüchtlingen, Migratioun, Transitlager, Ungarn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel