Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de sechsten Dag
Money Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de sechsten Dag

Bei de 4.000m Cross Country huet d’Lena Kieffer mat enger

cool
Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?
Money Neiegkeeten

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?

En neien Tomb Raider Film kënnt d’nächst Joer an de

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel
Money Neiegkeeten

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel

Wann ee bedenkt, datt den aktuellen Aarbechtsminister, Nicolas Schmit (LSAP)

money

Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken

De Kompetenzzenter vun der Universitéit Lëtzebuerg bitt de „Value-Investing-Certificate“ un

Uni-Lëtzebuerg: Kompetent am Finanzsecteur zocken

Mam Value-Investing-Certificate erweidert de Kompetenzzenter vun der Universitéit Lëtzebuerg seng Offer an der Weiderbildung fir Féierungskräften. Mat dësem Zertifikat ginn d‘Grondsätz vun enger Praxis ofgedeckt, déi sech als erfollegräich „Anlag-Strategie“ erwisen huet.

D‘Offer riicht sech un Eenzelinvestisseuren, Portfoliomanager, Finanzberoder an aner Fachleit aus dem Finanzdéngschtleeschtungssecteur an erméiglecht de Participanten:

  • d‘Verstoe vum „Value-Investing-Certificate“, a firwat dës Strategie fir en iwwerduerchschnëttleche Profit suergt;
  • d‘Bewäertung vun enger Entreprise, esou wéi eng effektiv Analys vun de Verméigenswäerter, der Ertragskraaft an de Konkurrenzbedéngungen;
  • unhand vu verfügbaren Informatiounen Investitiounsméiglechkeeten ze préiwen, ze analyséieren an auzewielen;
  • e bessert Versteesdemech vun de Finanzmäert;
  • d‘Erweiderung vum Netzwierk, virun allem hisichtlech aner Vertrieder vum „Value Investing“.

D‘Schoulung fënnt a sechs Owescourse statt, a gëtt nëmmen an englescher Sprooch ugebueden. Dat ab dem 5 Mäerz 2019 um Campus Lampertsbierg vun der Universitéit Lëtzebuerg. D‘Persounen déi d‘Coursen ofhalen, gehéieren zu Fakultéit fir Recht, Wirtschaft a Finanzen.

Am Präis vu 690 Euro sinn d‘Ënnerlage fir den Cours enthalen. All déi wou sech nach virum 22. Dezember 2018 aschreiwen, gëtt de sougenannten „Fréibucher-Rabatt“ zougestanen. Et kann ee also 100 Euro spueren, wann ee sech mat Zäiten entscheet kritt.

All Informatiounen, déi soss nach néideg sinn, fënnt een op der Internetsäit HEI – Fir sech anzeschreiwen, geet et duer eng e-Mail un value@uni.lu ze maachen.

Ähnlech Sujeten Fakultéit, Owescoursen, Uni-Lëtzebuerg, Uni.lu, Value-Investing
Nächsten Artikel Virrechten Artikel