Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“
Money Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“

Nodeems Saudiarabien zouginn huet, datt de Jamal Khashoggi ob hirer

Den Etat d’Urgence, erkläert
Money Neiegkeeten

Den Etat d’Urgence, erkläert

Demnächst gëtt an der Chamber zum Thema vum Etat d’Urgence

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt
Money Neiegkeeten

Fleegeversécherung: Wann et zur Reform vun der Reform kënnt

Nodeems de Regierungsrot de leschte Freideg de Verbesserungen un der

money

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

Dräi Rechtsprofessere vun der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit vun Hong Kong an der Universitéit vun North-South-Wales an Australien (UNSW) hunn sech associéiert fir d‘Recherche iwwert d‘Recht an d‘Reglementatioun vun der Finanz-Technologie virun ze bréngen.

De Professer Dirk Zetzsche (Titulaire vun der ADA Stull am Finanzrecht vun der UNI.LU) de Professer Douglas Arner (Rechtsprofesser vu Kerry Holdings, Universitéit Hong Kong) an de Professer Ross Buckley (Titulaire vum Stull King & Wood Mallesons am internationale Finanzrecht) schaffen an dräi internationale Finanzzentren op dräi Kontinenter.

Zanter Ufank vum Joer, hunn déi dräi Experten an der FinTech a RegTech Reglementatiounstechnologie) an Zesummenaarbecht mam Janos Barberis – Ko-Fondateur vum „SuperCharger FinTech Accelerator, engem kompetitiven „start-up“ Inkubateur – véier spezialiséiert Artikele produzéiert.

Dovunner zwee am Zesummenhang mam Impakt vum „Big Data“ op de Finanzsystem an d‘Erausfuerderunge vun der Reglementatioun vun de FinTech. Ausserdeem hunn se eng intelligent Reglementatiounstheorie ausgeschafft. Déi ënnersicht Regel-Tools an hire Rôle an der Entwécklung vun der Innovatioun. Och eng Analys vun de Verantwortungsrisken an d‘Inzidenz op d‘Notzung vun der „block-chain“ ass gemaach ginn.

Sech der néideger Reaktivitéit géintiwwer den Innovatiounen a dem technesche Broch bewosst, huet de Professer Zetzsche kommentéiert: „OP intelligent Aart a Weis d‘Finanzinnovatioun reglementéieren, verlaangt d‘Participatioun vun allen Acteuren, de Finanzsecteur, d‘Start-Ups, Reguléierungsorganismen an d‘Chercheuren abegraff. Dat fir d‘Technologie an d‘Recht ze verstoen. Eenzeg déi global Recherche kann et erlaben d‘Vitesse an d‘Intensitéit vun den Evolutiounen ze verstoen“.

De Professer Arner füügt bäi: „D‘Finanztechnologie duerch de ‚Big-Data‘, déi kënschtlech Intelligenz, d‘Reglementatiounstechnologie, de participative Finanzement, intelligent Kontrakter etc. Veränneren d‘Base vun eisem Reglementatiounssystem. Eenzeg déi Finanzzentren déi hirt regulatorescht Ëmfeld upassen, kënnen hir Pertinenz ofsécheren“.

„D‘Potential vun de FinTech ass considerabel“ mengt de Professer Buckley. „D‘FinTech kënnen de Froen zu den Transaktiounen, der konformitéit an de Risikogestiounskäschten entgéint wierken. Dës Avantagë kritt een awer net ouni Géigepartie an wann de mënschleche Feeler der Vergaangenheet ugehéiert, d‘Risken déi un d‘Technologie vun der Informatioun gebonne sinn, si weiderhin do. Eng intelligent an analytesch Approche ass onëmgänglech an, op dësem Punkt kann d‘Recherche op der Universitéit de groussen Ënnerscheet maachen.

Zesumme kommen déi dräi Professeren am leschte Joer op iwwer 30.000 Downloads um SSRN (Sozialwëssenschaftlecht Recherche-Netzwierk) grad wéi och méi wéi 30 Artikele vu spezialiséierte Revuen an Kapitel vu Bicher.

Hir Zesummenaarbecht ronderëm déi global Recherche zu de FinTech a RegTech gëtt vun dräi Organisme subventionéiert: De nationale Fonds fir d‘Recherche Lëtzebuerg (FNR), dem Hong Kong „Research Grants Council Theme-based Research Sheme“ an dem australesche Rot vun der Fuerschung.

D‘Professeren Zetzsche, Arner a Buckley, grad wéi aner renomméiert Chercheure a FinTech-Reglementatiounsorganismen stellen hir Aarbecht op der drëtter Joreskonferenz zu FinTech, déi vun der Fuerschungsunitéit am Recht vun der Universitéit Lëtzebuerg dëse 9. Oktober fir.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FinTech, RegTech, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel