Search

You may also like

dislike
Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris
Neiegkeeten WTF

Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris

Am däischteren a stëllen Hangar vun engem klengen hollännesche Bauerenhaff:

Dat aalt geet an dat neit kënnt…
Neiegkeeten WTF

Dat aalt geet an dat neit kënnt…

Silvester, esou déi gängeg Behaaptung, ass op der ganzer Welt

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen
Neiegkeeten WTF

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen

75 Joer no de bis haut eenzegen Atomwaffenasätz (Hiroshima &

surprise

D‘Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprise kritt en neie Leader

D‘Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprise kritt en neie Leader

An engem kuerze Communiqué huet haut d‘Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL) de Medie matgedeelt, datt den amtéierende President Nicolas Buck, sech net méi fir ee weidert Mandat zur Verfügung stellt. Géintiwwer dem Verwaltungsrot soll dësen erkläert hunn zum Enn vun dësem Kalennerjoer aner Weeër beschreiden ze wëllen.

Dat ass wuel eppes iwwerraschend, ëmmerhin hat den Nicolas Buck d‘Mandat vum Michel Würth eréischt am Mäerz 2019 iwwerholl. Zu de Grënn gouf et natierlech keng Informatiounen, dofir dat sech de Verwaltungsrot vun der UEL schonn ee „wierdege“ Nofollger an der Persoun vum Michel Reckinger, aktuelle President vun der Handwierkerkummer, fonnt huet.

Fir den Escher „Patron“ vum 1911 gegrënnte Familljebetrib, heescht et dann elo sech de villen Erausfuerderunge stellen, déi mat der sanitärer Kris opgebaut an duerch déi sech uschléissend Wirtschaftskris, elo a villen Entreprise fir Onrou Suergen. De Verwaltungsrot schéngt iwwerzeegt, datt den duerchaus ëmstriddenen Absolvent vun der ETH Zürech, de richtege Mann ass fir géintiwwer der Regierung d‘Interesse vum Patronat ze verdeedegen.

Den ausscheedenden UEL-President huet sengersäits betount, ganz houfreg op alles ze sinn, wat d‘Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen erreecht huet. Seng Decisioun huet den Nicolas Buck domadder begrënnt, datt hien emol fir unzefänken en „Entrepreneur“ ass an elo och nees an dëser Funktioun seng Zukunft bestreide wëll.

Datt dat eng reng „Plattitüde“ ass, muss een op dëser Plaz net preziséieren, an esou eng jo awer zimmlech „kuerzfristeg“ Entscheedung, ass och am Fall vun engem Nicolas Buck en Hiwäis drop, datt et bei der UEL muss zu Dissonanze komm sinn. Mee an dësen Zäiten ass hinnen aus ganz verständleche Grënn sécher net dru geleeën hir Memberen ze beonrouegen.

Illustratioun: © Jan Tinneberg / unsplash

Related topics Michel Reckinger, Nicolas Buck, Rezessioun, UEL, Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprise, Wirtschaftskris
Next post Previous post