Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun
Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun
Fir d‘Schwéngsziichter zu Lëtzebuerg an am Grenzgebitt, gëlle maximal Sécherheetsmoossnamen.
Während zu Madrid d‘UN-Weltklimakonferenz COP25 opgefouert gëtt, spillen d‘Weltmuechten an
Ënnert dem Kënschtlernumm U.Nique – schliisslech ass jiddwereen esou eenzegaarteg wéi d’Musek – mécht dëse gemällege Kärel drop opmierksam, datt d’Gesellschaft vill fuerdert an eis esou d’Zäit fir eis selwer ewech hëlt. Deemools als Jugendlechen huet ee sech nach wéineg Gedanken ëm d’Auer gemaach. Et war een einfach ee selwer an huet probéiert, zesumme mam Frëndeskrees, de Moment ze genéissen.
„Einfach mol den Moment genéissen an net un muer denken“, réit de U.Nique am Interview.
Wien d’Gespréich am Ufank vum Lidd verfollegt, dee freet sech vläicht och wien dann dee Mulles ass, deen esou bänzeg e Béier well. Ma, hien existéiert tatsächlech an ass souguer ee vun de beschte Kollege vum Museker.
„Ech hunn och een Lidd mat him. “Kréien ech een Béier wannechgelift” ass an der nämmlechter Zäit wei Lidd “wéi Fréier” entstanen. De Mulles war eng grouss Inspiratioun fir dat Lidd, genau esou wéi all meng Leit, déi ëmmer hannert mir stinn!“ An deem Video kritt een déi zwee also och emol ze gesinn.
Dobäi sollt een nach soen, datt d’Wierk „Wéi Fréier“ scho virum Confinement entstanen ass. Eigentlech sollt et mat engem kreative Video verbonne ginn, wou de Confinement allerdéngs e gewaltege Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet. Deemnächst soll awer nach eppes no kommen, sou datt de Refrain „Jiddwereen huet Stress, komm mol erof, drénk ee Béier. Sëtzen op der Spillplaz, genau wéi fréier“ passend ënnerstrach gëtt. (Mir kréien dee Passage iwwregens elo schonn net méi aus dem Kapp.)
U.Nique / Facebook
Fir de U.Nique bedeit Entspanung aktuell sech am Studio auszetoben. Zesumme mat Kollegen an engem Béier geet dat nach besser. A wann de Museker e killt gëllent Gedrénks aus Happ a Malz wiele misst, da wier et de Jupiler. „Bëlleg a gutt“ ass d’Devise.
Säin nächsten Optrëtt kann ee sech schonn am Kalenner notéieren: Den 19. September wäert de U.Nique op der Bühn vum Festival On Stéitsch stoen.
Dir fannt hien op Facebook, Instagram, YouTube a Spotify.