Search

You may also like

70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun
International Neiegkeeten Stories

70 Joer europäesch Mënscherechtskonventioun

Den haitege 4. November markéiert de 70. Joresdag vum Ënnerschreiwe

surprise
Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten
International Neiegkeeten Stories

Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten

De Philadelphia Eagles ass eng vun de gréissten Iwwerraschungen an

De Message vum Escher Buergermeeschter
International Neiegkeeten Stories

De Message vum Escher Buergermeeschter

Matgedeelt vun der CSV, D’Meenung vun de Parteien ass hir

United4Rescue a Sea-Eye stellen dat neit Bündnisschëff SEA-EYE 4 vir

United4Rescue a Sea-Eye stellen dat neit Bündnisschëff SEA-EYE 4 vir

D’Bündnis fir Séinoutrettung United4Rescue, deem mëttlerweil méi wéi 660 Bündnispartner ugehéieren, wëll de Kaf an och den Ëmbau vum neie Rettungsschëff SEA-EYE 4 finanzéieren.

Dat eemolegt Fuerschungsschëff F.S.Poseidon (Baujoer 1976, 55m laang, 11m breet) gëtt aktuell zum Rettungsschëff ëmgebaut. D‘SEA-EYE 4 ass däitlech méi grouss ewéi d’ALAN KURDI. Et dierf drun erënnert ginn, datt d’Organisatioun SEA-EYE säit 2016 ronn 15.000 Mënschen am Mëttelmier d’Liewe gerett huet.

„Mir sinn United4Rescue dankbar. Ouni dës Ënnerstëtzung wär de Kaf vun engem grousse Schëff onvirstellbar fir ons bliwwen“, seet de Gorden Isler, Virsëtzender vu Sea-Eye e. V.

„Säit onser éischter Aktioun fir Sea-Watch kréie mir enorm vill Ënnerstëtzung. Dofir hunn mir beschloss: Mir schécken nach e Schëff!“, seet d’Sandra Bils, Grënnungsmember vun United4Rescue. „Eis erreeche bal all Dag schrecklech Noriichte vun Noutriff, déi ouni Äntwert bleiwen – a Schëffsonglécker am Mëttelmier. Et kann net sinn, datt net genuch Rettungsschëffer zur Verfügung stinn”.

Keng sécher Fluchtweeër

Déi Europäesch Unioun ignoréieren hir Flicht zur Séinoutrettung. Si weigert sech, hirer staatlecher an humanitärer Aufgab am Mëttelmier nozekommen. A well et keng sécher, legal Fluchtweeër ginn, woe vill Mënschen déi liewensgeféierlech Iwwerfaart iwwert d’Mëttelmier. D’Asazgebitt ass grouss.

Et ginn nëmmen eng Handvoll Rettungsschëffer, e weidert ass dofir dréngend noutwenneg. Ausserdeem gëtt déi zivil Séinoutrettung ëmmer erëm aus politesche Grënn a mat bürokratesche Schikane blockéiert. United4Rescue ënnerstëtzt Rettungsorganisatiounen och dobäi, nei technesch Oploen ze erfëllen oder déi festgesate Schëffer mat geriichtleche Mëttel fräizekréien.

Opgrond vun der Gréisst an Ausstattung wäert et der SEA-EYE 4 méiglech sinn, méi Mënschen opzehuelen an ze versuerge wéi op den anere Schëffer vun der Organisatioun. Bis datt d’Schëff prett fir den Asaz ass, sinn nach ëmfaassend Aarbechten ugesot.

United4Rescue finanzéiert de Kaf an den Ëmbau vun der SEA-EYE 4

United4Rescue wëll nieft dem Kafpräis och den Ëmbau vum Rettungsschëff finanzéieren. D’Bündnis wäert dofir 434.000,00 € investéieren. Fir datt d’SEA-EYE 4 esou séier wéi méiglech an den Asaz kann, huet United4Rescue eng Spendecampagne op der Websäit www.wirschickennocheinschiff.de gestart.

„Zesumme mat Partenaire wéi United4Rescue si mir op engem gudde Wee. Mee fir d’Schëff fäerdeg auszerëschten an an den Asaz ze schécken, brauche mir nach weider Ënnerstëtzung“, esou de Gorden Isler.

„D’Noutwennegkeet, datt eist Bündnis nach e Schëff schéckt, ass eigentlech ee Skandal. Et ass aarmséileg datt déi europäesch Staaten hirer Verflichtung ze retten net nokommen. Mir wäerten dësem politesche Versoen net einfach nokucken“, seet d’Sandra Bils.

4 Froen un d’ Crew vun der Sea-Watch 4

De Lasse ass Maschinist u Bord. Aplaz Containerkëschten doruechter ze transportéieren, huet hien sech dofir entscheet, déi zivil Séinoutrettungorganisatiounen ze ënnerstëtzen.

Wéi bass du zu Sea-Watch komm?

Iergendwann war ech um Punkt a wollt meng Fäegkeete fir eppes Sënnvolles notzen – an dat heescht fir mech net, Containerboxen hin an hier ze fueren.

Firwat ass déi zivil Séinoutrettung wichteg?

Well kloer ass, datt Mënscherechter net un enger imaginärer Grenz ennen däerfen. Mir hunn Gléck, datt mir an engem Land gebuer sinn, aus deem mir net flüchte wëllen. Dofir sollte mir eis fir déijéineg asetzen, déi net esou vill Gléck hunn.

Wat ass däi Message un d’Europäesch Unioun?

Mir wäerten dës Aarbecht weider maachen, bis datt d’Europäesch Unioun hirer Verantwortung endlech nokënnt an dofir suergt, datt kee Mënsch méi op der Flucht erdrénke muss.

Firwat brauche mir méi sécher Hafen an Däitschland?

Mir brauche sécher Hafen, fir op kommunalem Niveau Drock op d’Bundesregierung auszeüben. Däitschland muss de Fuerderunge vun de Gemengen an der Zivilbevëlkerung nokommen an endlech méi Mënschen an hirer Nout ënnerstëtzen.

Foto: Dat fréiert Fuerschungsschëff F.S.Poseidon, geschwënn Sea-Eye4 © GeoMar

Related topics Mëttelmier, Sea-Eye, Sea-Eye4, Séinoutrettung, United4Rescue
Next post Previous post