Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Qatar: Si schaffe fir d‘Fussballweltmeeschterschaft, ginn awer net bezuelt
Neiegkeeten WTF

relative dating key principles

Aus engem neie Rapport vun der ONG Amnesty International geet

https://moien.lu/java-dating-games/
Neiegkeeten WTF

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch
Neiegkeeten WTF

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch

Et ass wuel ee vun de beschte Lëtzebuerger Filmer vum

surprise

Den „Tiers Payant“ ass ee wichtege Schratt zum universelle Versécherungsschutz

Den „Tiers Payant“ ass ee wichtege Schratt zum universelle Versécherungsschutz

Wann d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) den Debat ronderëm den „Tiers Payant“ begréisst, esou soll deen net vergiessen doen, datt vill Mënsche keen Zougang zum nationale System vun der sozialer Ofsécherung hunn.

Et ass fir MdM sécherlech richteg, datt et besonnesch deene sozial schwaach gestallte versécherte Leit, duerch den „Tiers Payant“, e besseren Zougang zur medezinescher Behandlung erméiglecht gëtt. MdM recommandéiert dann och, den „Tiers Payant“ ze generaliséieren, fir enger gréisser Unzuel u Mënschen ze erméiglechen och da bei den Dokter ze goen, wann se net d‘Moyenen hunn d‘Honorairen ze bezuelen.

D‘ONG encouragéiert all Bierger, déi ëffentlech Petitioun N° 922 zum „Tiers Payant“ ze ënnerschreiwen, an esou derzou bäizedroen, déi finanziell Hürde fir eng medezinesch Behandlung nidderzeräissen. „Aktuell gëtt de soziale Volet vu kenge vun de Parteien, déi um Debat deelhuelen, ugeschwat, dobäi ass deen essentiell“, bedauert de Vizepresident vun Doktere vun der Welt, Marc Gerges an engem Communiqué.

„Den Tiers Payant ass e grondleeënde Faktor fir den Zougang zur medezinescher Behandlung, net nëmme fir Leit mat klengem Akommes, mee och méi generell betruecht, fir eng Majoritéit vun der Bevëlkerung“, ënnersträicht de Marc Gerges. Hie bedauert a veruerteelt, datt den „Tiers Payant Social“ (TPS) ëmmer méi oft ugefrot a gläichzäiteg refuséiert gëtt.

D‘Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch

E sëllechen Etüde vum Statec géifen déi sozial Ongläichheet – déi stänneg zouhëlt – bestätegen. Esou géif och de Rapport vun der Gesondheetskeess (CNS) fir d‘Joer 2016 däitlech maachen, datt ëmmer méi Demandë fir den TPS agereecht ginn.

„D‘Zounam vun den TPS-Rechnungen stellt kloer duer, datt ëmmer méi Leit net an der Lag sinn, den Ausgabe fir medezinesch Behandlungen ze begéinen. Parallel dozou, refuséieren d‘Sozialbüroen ëmmer méi Demanden, well et d‘Budgeten net hierginn“, erkläert d‘Sylvie Martin, Chargée de Direction vun MdM. „Zudeem misst den TPS och d‘Ausgaben ofdecken, déi fir d‘Medikamenter ufalen.

En universelle Versécherungsschutz

D‘ONG Doktere vun der Welt fuerdert dann och, datt den Debat zum „Tiers Payant“ op de generaliséierten Zougang zur medezinescher Behandlung fir all Mënsch zu Lëtzebuerg erweidert gëtt. „An deem een den Accès un eng Domiciliatioun bënnt, schléisst een honnerte Leit, déi zu Lëtzebuerg sinn, vum System aus“, esou de Dr. Jean Bottu, President vun MdM.

„Dës administrativ Hürde betreffe Fraen a Famillje mat klenge Kanner. An och wann een den Tiers Payant generaliséiert, erhalen dës Persoune keen Zougang zur medezinescher Behandlung“, betount den Dr. Jean Bottu.

Op internationalem Niveau fuerdert MdM d‘Aféierung vum universelle Versécherungsschutz (CMU – Couverture médicale universelle). D‘CMU implizéiert den Zougang zur medezinesch qualitativer Behandlung fir jiddereen, déi eng perséinlech Participatioun net ausschléisst, awer der Situatioun vum Patient Rechnung dréit.

Ähnlech Sujeten Doktere vun der Welt, Petitioun, Tiers Payant, universelle Versécherungsschutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel