Search

You may also like

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou
Neiegkeeten

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou

Déi ganz Welt ass op der Sich no engem Vaccin

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht
Neiegkeeten

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht

Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études

Keen Agrëff an eis perséinlech Fräiheeten!
Neiegkeeten

Keen Agrëff an eis perséinlech Fräiheeten!

D’Gefor, datt d’Corona-Pandemie mëssbraucht gëtt, fir aner Fuerderungen duerchzedrécken, gëtt

D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv

Am Avis zum Aktiounsplang gëtt awer och Kritik haart

D’Universitéit gesäit d’Beméiunge vun der Regierung, d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, positiv

D’Universitéit Lëtzebuerg hëlt sech scho länger dem Thema vun der Lëtzebuerger Sprooch un. An der vergaangener Woch koum dann och den Avis zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. Eng Saach ass do vu vir era kloer: Et gëtt begréisst, datt sech erëm mat der Sproochepolitik befaasst.

E puer Bemierkungen goufen awer gemaach, déi drop hiweisen, datt et dem Text nach e bësschen u Prezisioun feelt. Esou wier et gutt, datt en Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch géing kommen, dës Infrastruktur awer parallel zu anere Strukture schaffe géif. “Mir gesinn hei eng Iwwerkomplexitéit vun de Strukturen, déi zu Transmissiounsverloschter a Problemer bei der Kompetenzenopdeelung féiere kënnen”, heescht et am Avis. Och géing nach oppe stoen, wéi et do a Punkto Fuerschung géing ausgesinn.

Lëtzebuergesch als Schrëftsprooch ass am Moment – virun allem an der Educatioun – nach net present genuch

E weidere wichtegen Aspekt ass d’Educatioun. Et gëtt begréisst, datt de Volet “Lëtzebuergesch als Friemsprooch” kloer thematiséiert gëtt. Allerdéngs misst Lëtzebuergesch och an de Lycéeën eng mi grouss Roll spillen. “Fir dass d’Sprooch laangfristeg kann erhale ginn, ass eiser Meenung no eng aktiv an determinéiert Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen (Kultur, Sprooch, Literatur, Geschicht etc.) am Educatiounssystem noutwendeg; dat implizéiert och, awer net nëmmen, dass d’Sprooch verstäerkt als Schrëftsprooch agesat gëtt”, heescht et nach weider am Avis. Eng Normalitéit vum schrëftlechen Lëtzebuergesch wier erstriewenswäert.

Et misst een och duerch eng verstäerkt Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen dofir suergen, datt “d’BiergerInnen net d’Impressioun kréien […], dass d’Lëtzebuergescht eng Niewesächlechkeet ass, déi manner wichteg niewent anere Sprooche matleeft.”

Datt Lëtzebuergesch zu enger offizieller EU-Sprooch kéint ginn, wier zwar éischter symbolesch, an awer positiv ze gesinn. Bei wäitem net all Dokument misst dobäi op Lëtzebuergesch iwwersat ginn, steet am Avis. Mee d’Mesure wier e positiivt Signal no bannen a bausse fir eis Sprooch. Och d’Verankerung vum Lëtzebuergesch als eng offiziell Sprooch an der Verfassung wier eng gutt Iddi.

Eng seriö Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen hätt awer nach en anere positiven Effekt. Et wier eng gutt Méiglechkeet, fir “nationalistesch a populistesch Stréimungen, déi d’Lëtzebuergesch stellvertriedend fir aner Ziler instrumentaliséieren, ze begéinen an ze neutraliséieren.”

 

 

Related topics Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post