Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen
Neiegkeeten

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun

LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat
Neiegkeeten

LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat

Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?
Neiegkeeten

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?

Um haitege Mëtteg hunn a ganz Europa Protester géint den

Universitéit bitt Studium fir Weltraumfuerschung un

UNI.LU: ab der Sessioun 2019/20 eng nei Formatioun „Interdisciplinary Space Master“

Universitéit bitt Studium fir Weltraumfuerschung un

E Freideg hunn de Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP), den Educatiounsminister Claude Meisch (DP), an de Rektor vun der Universitéit, Stéphane Pallage, eng nei Formatioun virgestallt, déi esou eenzegaarteg an der EU ass. Mam „Interdisciplinary Space Master“ ginn d‘Ambitioune vu Lëtzebuerg, no de Stären ze gräifen, nach emol mat aller Konsequenz weidergefouert.

Sech d‘Weltraumressourcen notzbar maachen, ass net nëmmen den Dram vum Etienne Schneider, mee och de Wonsch vu villen Industriellen. An hei ass Lëtzebuerg derbäi sech gutt opzestellen. Dat engersäits iwwert déi Lëtzebuerger Weltraumagentur „Luxembourg Space Agency“ (LSA) an anersäits iwwert d‘Initiativ „spaceressources.lu“. Honnerte Millioune Steiergelder gi fir d‘Rennen ëm d‘Notzung vun de Weltraumressourcen engagéiert, an elo leet och d‘UNI.LU eng Schëpp bäi.

De Rektor vun der Universitéit huet an dësem Kontext drop higewisen, datt am nächste Joerzéngt iwwer 300 Satellitten (iwwer 50 Kg) an eng 7.000 „kleng“ Satellitten an de Weltraum geschoss ginn. E Fait deen de Stéphane Pallage zur Ausso ermontert huet: „De Weltraum lieft an ass wichteg fir d‘Weltwirtschaft an d‘Wirtschaft vu Lëtzebuerg“. Dat verlaangt allerdéngs vill Fachwëssen a villen ënnerschiddlechen Disziplinnen. Dëst Wësse soll ee sech elo op der Universitéit uneegnen.

D‘Plazen si begrenzt

Am Kontext vun der Formatioun, huet de Rektor erkläert, datt relevant Matière behandelt ginn: esou d‘Robotik, Ingenieurswëssenschaften, Droit, Management a villes méi. D‘Formatioun dauert zwee Joer, an deene sechs Méint Stage virgesi sinn. De Programm ass zudeem vun der Luxembourg Space Agency, an och vun der Weltraumindustrie validéiert ginn. Fir matmaachen ze kënnen, muss een op mannst en Diplom als Ingenieur oder Mathematiker an 2.000 Euro an der Täsch hunn.

Et ginn alles an allem 20 Plaze, an d‘Kandidate ginn unhand dem virgeluechten Dossier ausgewielt. Interessi ass schonn ugemellt ginn, mee den Ament gëtt nach un der Finalisatioun vum Projet geschafft. Gesicht gëtt och nach no dräi Professeren: een fir de Beräich „Ingenieurswiesen“, e weidere fir „Weltraum-Informatik“, an ee fir „Weltraum-Business“. Zousätzlech dozou sollen zwee Laboratoire ageriicht ginn. Do hunn se sech op der Uni fir déi nächst Méint zolidd eppes operluecht.

Gutt fir der Wirtschaftswuesstem

De Wirtschaftsminister huet nach emol op déi grouss Erfolleger vu Lëtzebuerg am Kader vun de Weltraumaktivitéiten higewisen. Säit 1985, wou mat der europäescher Satellitte-Gesellschaft (SES) d‘Aventure ugefaangen huet, verfollegt Lëtzebuerg eng Weltraumstrategie, déi dorops baséiert, den Entreprisen aus dem Secteur „NewSpace“ Opportunitéiten unzebidden, déi si anerwäerts esou net fannen dierften. Dës Entreprise ginn och finanziell ënnerstëtzt, wat net ganz fräi vu Risiken ass.

Fir den Etienne Schneider ass den „interdisziplinäre Weltraum-Master en Deel vun der Lëtzebuerger Weltraumstrategie. Dofir ass et wichteg ass déi spezifesch Kompetenzen ze entwéckelen, am Land eng Weltraumindustrie opzebauen, déi laangfristeg an nohalteg zum Wirtschaftswuesstem bäidroe soll. Dat gesäit den Educatiounsminister ähnlech. „Mat dësem Master dréit d‘Universitéit derzou bäi, dat déi wirtschaftlech Entwécklung vum Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg zukunftsfäeg gëtt“.

Foto: (v.l.n.r.) Etienne Schneider, Wirtschaftsminister; Stéphane Pallage, Rektor vun der Universitéit Lëtzebuerg; Claude Meisch, Educatiounsminister. © UNI.LU

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Etienne Schneider, Master, Stéphane Pallage, Uni.lu, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel