D’Méisproochegkeet weist Lëtzebuerg de Wee fir an d’Zukunft
Haut ass den internationalen Dag vun der Mammesprooch. A seelen
Haut ass den internationalen Dag vun der Mammesprooch. A seelen
Um Dënschdeg huet den UN-Sécherheetsrot bewisen, wéi wéineg Entscheedungsspillraum a
Teheran huet e Mëttwoch d‘USA als „rechtsfräie Regimm“ bezeechent, nodeems
Den héije Kommissariat fir d’Refugiéë vun der UNO (HCR) huet en Hëllefsappell un d’international Communautéit gericht, wëll 75,5 Milliounen Dollar dréngend gebraucht gi fir den steigende Besoine vun de Leit a Libyen gerecht ze ginn. Betraff sinn virun allen déi deplacéiert, d’Refugiéën an all déi wou ëm Asyl froen.
D’Fonge gi gebraucht vir de Schutz an d’Iwwerwaache vun den Interventiounen, grad ewéi fir den Accès zu de Grondservicer, d’Asylprozeduren an d’Beweegungsfräiheet, steet am Communiqué. „Mir hunn eng dréngend Aarbecht ze erleedegen an Libyen a mir kënnen déi nëmmen zesumme maachen“, deklaréiert de Flippo Grandi, Chef vum HCR a referéiert sech dobäi op d’international Organisatioun dir d’Migratioun (IOM).
Den HCR an d’IOM hunn effektiv Pläng ausgeschafft fir hir Aktiounen a Libyen ze verstäerken an d’Ënnerstëtzung fir déi sëllech Mënschen, déi ënnert dem Konflikt ze leiden hunn, opriicht ze halen. D’IOM huet schonns am Abrëll een dräijäregen Aktiounsplang lancéiert, deen zwee Zieler ustrieft. Als éischt soll eng humanitäre Ënnerstëtzung fir d’Libyer an d’Migrante sécher gestallt ginn. Als zweet sollen déi libesch Communautéite stabiliséiert ginn an de Libyer gehollef ginn eng Gestioun vun der Migratioun opzebauen.
Dëse Projet verlaangt ee Finanzement an héicht vun 180 Milliounen Dollar op dräi Joer. „Während d’IOM schonn ugefaangen huet säin Aktiounsplang ëmzesetzen. Dat mat Hëllef vu verschidden Donateure, gi weider Fonge gebraucht fir de Migranten eng urgent Assistenz an deene vum Konflikt betraffene Mënschen zoukommen ze loossen“, seet den Generaldirekter vun der IOM, William Lacey.
Mat AFP
Foto: HCR Kommissär Filippo Grandi bei enger Pressekonferenz an der libescher Haaptstad den 21. Mee (Mahmoud Turkia/AFP)