Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis Handelskummer stellt sech der Zukunft
mbarara dating https://moien.lu/best-dating-sites-for-northern-ireland/

https://moien.lu/the-hook-up-experiment-read-online-free/

Et ass zur Traditioun ginn, datt sech d‘Handelskummer fir seng

https://moien.lu/what-to-talk-about-when-dating-online/
mbarara dating https://moien.lu/best-dating-sites-for-northern-ireland/

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod

déi lénk huet bei de Chamberwahle vu leschte Sonndeg liicht

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen
mbarara dating https://moien.lu/best-dating-sites-for-northern-ireland/

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen

Am Venezuela, wou déi politesch Kris ufänkt sech geféierlech Zouzespëtzen,

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen

UNO: Budgetsrestriktioun fir d’Friddensmissiounen

Déi véier wichtegst Friddensmissioune vun der UNO „mussen de Rimm eppes méi enk unzéie wéi déi aner“, heescht et säitens den Diplomaten, nodeems de Budget fir d’Friddensmissiounen 2018/19 vun der UN-Generalversammlung ugeholl ginn ass.

Bei de véier Friddensmissiounen handelt sech ëm d’Asätz am: Südsudan, der demokratescher Republik Kongo, Mali an Zentralafrika. De leschte Weekend haten déi 193 Memberlänner nach e prinzipiellen Accord fonnt, bei deem fir déi insgesamt 15 UN-Friddensmissiounen 6.689 Milliarden US-Dollar bereet gestallt solle ginn. Fir dës Operatioune gi ronn 100.000 Zaldote mobiliséiert.

Déi endgülteg Zoustëmmung fir dëse Montant, deen ëm 122 Milliounen US-Dollar méi kleng ass wéi de Budget dee vun de Finanzexperte gefuerdert gi war, hat sech wéinst Reformprojete vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres verzögert. Reformen déi an d’Budgetsverhandlungen agefloss sinn. Zur Erënnerung: de Budget 2017/18 huet 7,3 Milliarden US-Dollar enthalen.

Wou d’Geld agesat gëtt

Ënnert den aktuelle Missiounen, sinn déi deierst: d’UNMISS am Südsudan, mat 14.581 Mann (1,154 Milliarden US-Dollar); d’MONUSCO an der demokratescher Republik Kongo, 17.177 Mann (1,153 Milliarden); d’MINUSMA am Mali, 13.535 Mann (1,099 Milliarden); an d’MINUSCA an Zentralafrika, 12.718 Mann (945 Milliounen).

De neie Budget trëfft dës Missioune méi haart wéi déi aner. „Déi hu méi Mëttel, do kann een Aschnëtter virhuelen. 18 Millioune manner fir déi demokratesch Republik Kongo, dat ass näischt“, esou en Diplomat dee net wëll genannt ginn, an déi selwecht Astellung géintiwwer der Missioun an Zentralafrika huet „mat 14 Millioune manner, bei engem Budget vu bal enger Milliard“.

Hie preziséiert: „Fir d’Budgete vun de Missiounen ze reduzéieren, hu mir hei an do eppes Klenges ofgezweigt. Alles ass gutt fir Geld anzespueren, vun oppene Plaze bis zu Verspéidunge beim Kaf vu Material“. En UN-Verantwortlechen: „Säit zwee oder dräi Joer, wann et drëms geet de Budget fir d’Friddensmissiounen opzestellen, setzen sech d’Länner fir eng Baisse vun de Käschten an“.

Se wëllen alleguerte spueren

Dëst Joer hunn all d’Länner manner „gefrot“ wéi et vun de Finanzexperten ausgerechent ginn ass. D’USA wollten de Budget ëm 195 Milliounen US-Dollar kierzen, d’Europäer wollten 177 Millioune spueren, an d’Afrikaner ganzer 192 Milliounen. Um Enn gëtt de Budget ëm 122 Millioune méi kleng.

Dobäi stinn dëse Juli verschidde Missioune vum UN-Sécherheetsrot op, déi verlängert musse ginn: Darfour (UNAMID), Somalia (UNSOM) an Zypern (UNFICYP). Hei gëtt sech op laangwiereg an haart Debaten tëscht deenen, déi op Kierzunge bestinn, an deenen, fir déi bei d’Aspuerungen „net ze séier an net ze fréi“ agéiere wëllen.

Ähnlech Sujeten Budget, Friddensmissiounen, UNO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel