Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?
International Neiegkeeten

Kann den neien Tomb Raider Film de Fluch briechen?

En neien Tomb Raider Film kënnt d’nächst Joer an de

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Herrscher vu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg huet a senger laanger Geschicht als Grofschaft, Herzogtum a

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren
International Neiegkeeten

USA: D‘Verëffentlechung vun enger geheimer Notiz soll den FBI diskreditéieren

D‘Gestreids tëscht dem US-President Trump an dem FBI hëlt keen

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat

Et ass eng vu senge leschten Aktiounen, an et hat sech vill dovunner versprach. D‘Nikki Haley, US-Ambassadrice op de Vereenten Natiounen, huet sech um Donneschdeg awer op e neits mat enger Resolutioun géint eng palestinensesch Organisatioun, eng bluddeg Nues agefaangen. Si huet net déi néideg Majoritéit zesumme kritt.

Am Virfeld war et de Kuwait, dee bei der Ofstëmmung zur Prozedur – déi mat nëmmen 3 Stëmme gewonne gouf – duerchgesat krut, datt den amerikaneschen Text mat enger Zweedrëttelmajoritéit misst ugeholl ginn. Dat huet dem Donald Trump seng „Allzweckwaff“ net appreciéiert an et deene Concernéierten och entspriechend däitlech virgehalen.

Esou huet den Text vun der Resolutioun deen d‘USA virgeluecht hunn, grad emol 87 Stëmmen – dorënner déi vun der europäescher Unioun – erhalen. 57 Länner waren dergéint, an 33 Länner hunn sech enthalen. Dobäi hat d‘Nikki Haley sech esou vehement fir eng „einfach Majoritéit“ agesat, firwat d‘Ofstëmmung mat enger Stonn Verspéidung stattfonnt huet.

Et ass awer esou ongerecht

An dësem haus, wou d‘Resolutiounen net verflichtend sinn „ass nach ni eppes iwwert den Hamas geschwat ginn“ iergert d‘Nikky Haley, an denoncéiert am gläichem Otemzuch eng „Politik vun zweeërlee Mooss“, zum Nodeel vun Israel. „D‘Entscheedung (vum Vote zur Prozedur) huet eenzeg zum Zweck d‘Resolutioun ze verhënneren, a mäi kuwaitesche Brudder weess dat“.

Der US-Ambassadrice hiert Gejéimers huet ee bis op Washington héieren, mee ofgstëmmt gouf zu New York. D‘Reegel vun der Zweedrëttelmajoritéit ass mat 75 Stëmmen derfir, an 72 Stëmmen dergéint – och nees mat derbäi déi europäesch Unioun – ugeholl ginn. 26 Länner haten net de Courage sech fir eent vu béiden, sech géinteniwwer stoende lager ze entscheeden.

Et sollt dem Nikki Haley seng „Ofschlossaarbecht“ sinn, iert et dem politesche Geschäft de Réck zoudréint. D‘Presentatioun vun der Resolutioun, déi vun der EU, no enger liichter Ofännerung am „Language“, ënnerstëtzt gëtt, war geduecht eng Léisung vum Konflikt am Noen Osten erbäizeféieren, op der Basis vu bestoenden a pertinente Resolutioune, déi schonn ugeholl goufen.

Eng „perséinlech“ Ugeleeënheet

Pech fir d‘Nikki Haley, datt säi „Move“ duerchsiichteg war, an et deem Dommsten opgefall ass, datt et sech hei ëm eng „perséinlech Ugeleeënheet“ gehandelt huet. Seng offensichtlech Parteiergräifung fir Israel, huet aus dëser Veruerteelung vun der Hamas, e puer Zweiwel opkomme gelooss. Net ze vergiessen, datt Washington sech géintiwwer der UNO verhält, wéi en Elefant am Parzeläinsbuttek.

An der Resolutioun huet d‘Nikki Haley „d‘Hamas wéinst de widderhuelt ofgeschosse Rakéiten op Israel, senger Incitatioun zur Gewaltuwennung, déi zivilt Liewen a Gefor bréngt“ condamnéiert. Et gouf am Text vun der Hamas an aneren, wéi dem „islameschen Dschihad“, verlaangt, mat allen Aktiounen an/oder Provokatiounen, an der Notzung vu Rakéiten, opzehalen.

Ënnert dem Drock vun den Europäer, haten d‘Palestinenser an déi arabesch Länner drop verzicht den amerikaneschen Text ze amendéieren, fir deem prezis Erënnerungen zu Resolutiounen zouzedroen, déi sech op en Enn vun der israelescher Besatzung, dem Statut vun Ost-Jerusalem, an der Zweestaateléisung an de Grenze vun 1967, bezéien.

De Schwanz bäigezunn

D‘Palestinenser an déi arabesch Länner hunn aus hirem Amendement en eegene Resolutiounsprojet gemaach, deen am Freidegnomëtteg vun der UN-Generalversammlung sollt gestëmmt kënne ginn. D‘Zil vun der EU wier et gewiescht, eng Ausenanersetzung ze verhënneren, bei där jidderee verluer hätt. Dat ass zwar eng knëppelhaart Ligen, mee stëmmt d‘Amerikaner „glécklech“.

An dësem Kontext muss een awer och drop hiweisen, datt hisichtlech dem „Friddensprozess“ keen eeschthaft wollt e Fortschrëtt erzilen. Net d‘Amerikaner, net d‘Europäer, an d‘Palestinenser schonn emol guer net, woubäi deenen hir „Roserei“ vum Donald Trump ausgeléist ginn ass, wéi dee virun exakt engem Joer beschloss huet, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen.

De Chef vun der Hamas, Ismaïl Haniya, hat sech schonn den 28. November schrëftlech bei der Presidence vun der UN-Generalversammlung beschwéiert. Mee wéi et esou geet – besonnesch wann d‘USA hir Fangeren um Ofzuch hunn – ass dëst Schreiwes, dat dem UN-Vertrieder zu Gaza iwwerreecht gouf, ni ukomm ass. Deen huet de Bréif de palestinenseschen Autoritéite ginn…

mam Philippe Rater/AFP

Ähnlech Sujeten Europäesch Unioun, Israel, Kuwait, Nikki Haley, Palestinenser, Resolutioun, UNO, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel