Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et ass net ëmmer esou einfach mat eiser Sprooch, mee deen heite Quiz packs de bestëmmt
Fail International tryst hookup

https://moien.lu/online-dating-christchurch-new-zealand/

Op en Neits hu mer e puer Spréchwierder eraus gesicht,

Wunnengsbauministesch Sam Tanson an Erklärungsnout
Fail International tryst hookup

Wunnengsbauministesch Sam Tanson an Erklärungsnout

Bei der Sëtzung vun der Wunnengsbaukommissioun, sollt et gëschter eigentlech

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2
Fail International tryst hookup

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës

dislike

Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid

Zur Zäit hunn d‘Vereenten Natiounen an der Republik Zentralafrika ronn 12.500 Zaldoten a Poliziste stationéiert

Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid

Wéi Stephen O‘Brien vun der UNO et aschätzt, steet et schlecht ëm d‘Republik Zentralafrika. D‘Angscht virun engem Genozid géif net nëmmen duerch d‘zouhuele vun der Gewalt geniert. Den Adjoint vum Generalsekretär fir humanitär Aktioune verlaangt dann och zousätzlech Zaldoten a Poliziste fir d‘UN-Friddensmissioun an dësem Land.

An dësem Joer hunn ewell iwwer 180.000 Leit hiert Doheem verlooss. Domadder läit d‘Zuel vun dem Heemechtslosen an der Republik Zentralafrika bei enger hallwer Millioun. Bei senge rezente Reesen an Zentralafrika, mee och an der Demokratescher Republik Kongo, wëll den O‘Brien kloer Unzeeche fir e Genozid erkannt hunn.

„Mir mussen elo handelen an d‘Ustrengung vun der UNO net bremsen. Zudeem sollte mer bieden net herno mussen ze bedaueren näischt gemaach ze hunn“. De Stephen O‘Brien ass dann och iwwerzeegt, datt et ouni eng Verstäerkung vun der MINUSCA net ka geléngen. D‘Friddensmissioun vun de Vereenten Natiounen huet ëmmerhin den Optrag d‘Zivilisten ze schützen.

E reliéis motivéierte Konflikt?

Entsat war den O‘Brien no engem Besuch vun der Kierch zu Bangassou. Hei hunn sech virun dräi Méint eng 2.000 Mosleme verschanzt. Déi ginn dann och nach ëmmer vu chrëschtleche Milize belagert. Deenen hiert Zil ass kloer: Vernichtung! „De Risk ass immens héich a mir mussen eis op dëse Sujet konzentréieren“, esou den O‘Brien, deen eng Léisung fuerdert.

Den Adjoint vum Generalsekretär fir Friddensmissiounen, Jean-Pierre Lacroix huet wuel d‘läscht Woch ugedeit, beim UN-Sécherheetsrot weider Truppe fir d‘MINUSCA unzefroen. Et ass net bekannt op d‘Demande ukomm ass an op dat mat den vun den USA agefuerderte Spuermoossnamen zesummegeet.

Zur Zäit hunn d‘Vereenten Natiounen an der Republik Zentralafrika ronn 12.500 Zaldoten a Poliziste stationéiert. Déi solle fir d‘Sécherheet vu 4,5 Milliounen Awunner suergen an zugläich d‘Regierung vum President Faustin-Archange Touadera, deen am leschte Joer gewielt gouf, stëtzen. Mee d‘Land kritt sech kaum erholl, wéinst dem Konflikt tëscht den d‘Séléka – déi uginn déi moslemesch Minoritéit ze verdeedegen – an der majoritär chrëschtlech anti-Balaka.

Ëmmer erëm gëtt gehongert

Bis ewell hunn schonn néng Blohelmer an der Grenzregioun zur Demokratescher Republik Kongo hiert Liewe verluer. Bangassou gëtt zum Polverfaass an et schéngt d‘Weltgemeinschaft net wierklech ze interesséieren.

Iwwer zwou Millioune Mënsche leiden Honger. Dorënner natierlech all déi, deenen et net méiglech ass nees Heem ze goen. Fir den O‘Brien ass sécher, datt falls hei näischt ënnerholl gëtt, eng humanitär Kris vu bibleschem Ausmooss op eis duer kënnt.

Hei ass et dann awer och wichteg drop hinzeweisen, datt d‘UNO vun de benéidegten 497 Milliounen US-Dollar fir humanitär Hëllef, bis elo knapp 124 kritt hunn. Ee Constat dee net fir d‘Institutioun „Vereenten Natiounen“ schwätzt.

Mat AFP

Archivbild: E Blohelm aus Marokko. Ee vun 12.500 Mann déi d‘Sécherheet vun 4,5 Millioune Mënsche garantéiere soll. Hoffentlech huet een him gesot wéi dat soll goen. (© Issouf Sanogo/AFP)

 

Ähnlech Sujeten Afrika, UNO, Zentralafrika
Nächsten Artikel Virrechten Artikel