Search

You may also like

Coronavirus: Frankräich am Noutstand
Fail Neiegkeeten

Coronavirus: Frankräich am Noutstand

Nodeems bal all Veranstaltungen ofgesot an ëffentlech Gebaier wéi kulturell

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen
Fail Neiegkeeten

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen
Fail Neiegkeeten

Autarkia Köln – Eng Foire voller Inspiratioun an Alternativléisungen

Fir eng éischte Kéier duerft déi jeck Stad Köln Deel

dislike

UNO kierzt de Blohelmer de Budget

Op Drock vun den USA hin

UNO kierzt de Blohelmer de Budget

Ënnert dem Drock vun den USA, muss d’UNO de Budget fir d’Blohelmer ëm 600 Milliounen Dollar kierzen. Dat entsprécht 7,2%. Dësen Accord ass um Mëttwoch zu New York no schwéieren a laange Verhandlunge fonnt ginn.

D’Generalversammlung muss dem Accord elo nach zoustëmmen. De Vote gëtt fir ee Freideg erwaart. Deemno hätten d’Vereenten Natioune fir 2018 nach just ee Budget vun 7,3 Milliarden (géintiwwer aktuelle 7,87 Milliarden) fir hir Friddensmissiounen ëmzesetzen.

„Nëmmen den Ufank“

Déi amerikanesch UN-Ambassadrice Nikki Haley huet engem Communiqué hir „Victoire“ zelebréiert: „A nëmme fënnef Méint wou mir hei sinn, konnte mir schonn eng hallef Milliard um Budget vun de Friddensmissioune vun der UNO aspueren an dat ass nëmmen den Ufank.“

„D’Erspuernesser déi realiséiert ginn, si mat Suergfalt kalibréiert ginn“ reagéiert de franséischen UN-Ambassadeur François Delattre. Hie verséchert, datt déi Kierzungen „déi rezent positiv Evolutioune vum Friddenserhalt an um Terrain“, berécksiichtegt hunn.

Allerdéngs wollten d’USA, éischte Contributeur vum Budget, eng gréisser Kierzung duerchsetzen. Si hate virgesinn de Budget ëm eng ganz Milliard ze kierzen, also gutt 13%. D’EU huet der Kierzung op 7,3 Milliarden am Accord zougestëmmt.

Direkt betraff vun der Budgetskierzung sinn d’Missiounen am Darfour, dem Sudan an der Demokratescher Republik Kongo (DRK). Et sinn och déi käschtespillegst Operatioune vun den UN-Blohelmer, mat iwwert enger Milliard pro Missioun.

Et soll dann och systematesch Budgetskierzunge bei alle Missioune ginn, datt ënnert dem Drock vun den USA, warnt een Diplomat: „Den Drock vun den USA zwéngt den operationelle Budget Friddensmissiounen ze reduzéieren.“

Drastesch Kierzungen

Washington finanzéiert 28,5% vun de Friddensmissioune vun der UNO an 22% vum UNO-Fonctionnement. Dat ass dem Donald Trump ee vill ze héije Beitrag. Hien huet drastesch Kierzunge versprach.

[blocktext align=”left”]Den Accord läit awer wäit hannert den Uspréch vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres, deen eigentlech de Budget wollt op 7,97 Milliarden eropsetzen.[/blocktext]

Den Accord läit awer wäit hannert den Uspréch vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres, deen eigentlech de Budget wollt op 7,97 Milliarden eropsetzen. De Sécherheetsrot kéint schonn haut iwwert d’Kierzungen ofstëmmen, wat sech direkt op d’Missioun am Darfour (MINUAD) géif auswierken. Hei sinn vun de gesamte Leit am Asaz, 17.000 Zaldoten.

Groussbritannien huet ee Mëttwoch ee Resolutionsprojet virgeluecht, deen zwou Etappe virgesäit, a Konformitéit mat de Virschléi vun der MINUAD. De Personalbestand géif esou bis Juni 2018 op 11.00 erofgesat ginn (8.735 Zaldoten an 2.500 Polizisten). Dat wieren 44% manner Blohelmer a 30% manner Polizisten.

D’Kierzunge sinn allerdéngs domadder verbonnen, dat déi sudanesesch Regierung sech ëm de Schutz an deene Géigende misst këmmere wou d’Zaldote vun der MINUAD ofgezu ginn. Den Antonio Guterres wëll a sechs Méint kucken op d’Lag an der Géigend der Mesure entsprécht.

Am briteschen Text (Resolutioun) gëtt begréisst, datt d’Zuel vun de Kampfhandlungen tëscht de Rebellen an de Regierungstruppen ofgeholl hunn. Mënscherechtsorganisatiounen hirersäits behaapten, datt de Konflikt am Darfour wäit dervunner ewech ass op en Enn ze goen. Esou beklot Human Rights Watch datt d’Zivilisten an der Regioun och weiderhin ënnert dem Konflikt leiden a onbedéngt Schutz brauchen.

De Konflikt am Darfour ass zanter 2003 ee bluddegen. Opstänneger aus ethnesche Minoritéiten, hunn zu de Waffe gegraff fir dem Regime zu Khartoum, majoritär arabesch, d’Stier ze bidden. De President vum Sudan, Omar al-Bachir setzt hei all Mëttel an seng Muecht an der Géigend oprecht ze erhalen.

Notéiere mer nach, datt d’UN seng Missioun an der Elfebeeküst zu Enn bruecht huet an och d’Blohelmer ab Oktober aus Haiti wëll zréckzéien. De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natioune stëmmt dës Woch och nach iwwert d’Missioun am Mali of. Hei sollt et awer keng iwwerméisseg Kierzunge ginn.

mam Carole Landry/AFP

Foto: © UN/Eric Kanalstein

Related topics Donald Trump, UNO
Next post Previous post