Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
D’CGFP trëtt fir eng fakultativ Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant an
Meenung

D’CGFP trëtt fir eng fakultativ Aféierung vum generaliséierten Tiers-Payant an

Am Dezember 2017 haten sech iwwer 7.000 Bierger an enger

Wéi gutt kenns du Veianen?
Meenung

Wéi gutt kenns du Veianen?

Et gëtt kaum eng Stad am Land, déi esou beléift

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“
Meenung

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“

E Samschdeg 26. Januar organiséiert den Zenter vun der lokaler

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!

Eng Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt!

Ënnert der Leedung vun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen, an als Appell un déi 193 Memberlänner, soll, fir den 10/11. Dezember 2018 zu Marrakesch a Marokko, den Entworf vun enger internationaler Vereenbarung ënnerschriwwe ginn, déi 23 migratiounspolitesch Ziler a Verflichtungen definéiert, fir d’international Migratioun zukünfteg „méi professionell” ze reegelen.

No konkreter Analys vum Vertragstext, an den eenzele Vertragspunkten, fuerdert d’Partei déi Konservativ allerdéngs eng kloer Ofso un de globalisteschen UNO-Migratiounspakt am Numm vu Lëtzebuerg.

Mat dësem Pakt, sou ass eis Partei iwwerzeegt, gëtt friembestëmmt an d’Souveränitéit an, an d’Kompetenze vun eisem Land agegraff, a Politik iwwert d’Rechtslag vu Lëtzebuerg eraus gemaach – direkt a Saachen Immigratioun, mä och indirekt punkto Sozialstaat, Justizwiesen a nationaler Identitéit.

Iwwerdeems feelt am geplangte Konzept, och de reellen Ënnerscheed tëscht legaler an illegaler Migratioun. Mir stellen eis och d’Fro: Wat bréngt eis, ausser Vertragsbréch, iwwerhaapt e Vertrag ouni Rechtsverbëndlechkeet?

Nodeems mëttlerweil eng ganz Rei Länner, hir Antipathie an Ofleenung kond gedoen hunn, sollt och Lëtzebuerg d’Nee-Positioun anhuelen, a mat intelligenter Diplomatie, géint den UNO-Migratiounspakt wielen. Lëtzebuerg soll selwer, iwwert déi eegen Nationalpolitik, d’Migratiounspolitik decidéieren, an eist d’Land nees a Prioritéit setzen.

Eis Partei trëtt fir méi Eegekontroll an Eegeverwaltung an, ee System vu méi Fräiheet a Souveränitéit als Natioun, a fir eng méi restriktiv Migratiounspolitik – och am Hibléck op d’Europawahlen an d’Europa vun der Zukunft.

Mir entschëllegen eis, an engems, bei all de Partnernatiounen an de Verhandlungen, fir eise lëtzebuergeschen Ausseminister Jean-Asselborn, a seng onelegant Plädoyer’en, et sinn dat diplomatesch Imageschied op ganzer Linn!

Matgedeelt vun „déi Konservativ“

Ähnlech Sujeten déi Konservativ, Immigratioun, Migratioun, UNO-Migratiounspakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel