Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G5 Sahel: Den Terrorismus soll mat enger neier militärescher Allianz bekämpft ginn
International Neiegkeeten

adrien brody dating history

Een Dag nom Sommet iwwert d‘Finanzéierung vum „Klima“, verreent Frankräich

hookup bloomington il
International Neiegkeeten

OGBL/FriSol: Ofrëschten amplaz Oprëschten!

Fir Fridden, Demokratie, sozial a global Gerechtegkeet! Déi weltwäit Oprëschtungsspiral

Tourismus: En zefriddestellenden Tëschebilan
International Neiegkeeten

Tourismus: En zefriddestellenden Tëschebilan

Lëtzebuerg ass eng attraktiv touristesch Destinatioun, an de Secteur entwéckelt

UNO: Palestinensesch Presidence vum G77 ass beschloss

Zu Washington ass een alles, mee net erfreet

UNO: Palestinensesch Presidence vum G77 ass beschloss

D‘UN-Generalversammlung huet um Dënschdeg de Palestinenser, zum Statut als Observateur, weider Rechter zougestanen, fir dat si 2019 d‘Presidence vum „Grupp vun de 77“ (G77) iwwerhuele kënnen. E neie Rôle dee vun den USA op dat schäerfst veruerteelt gëtt.

Eng Resolutioun gouf zu dësem Zweck vun Egypten virgeluecht, déi ass mat 146 vun 193 Stëmmen ugeholl ginn. Wéi net anescht ze erwaarden, hunn d‘USA, Israel an Australien dergéint gestëmmt. 15 Länner hunn sech enthalen, de Rescht hat et net fir néideg fonnt sech ze deplacéieren.

Iwwert de renge juristesche Volet eraus, gëtt dësen Text vun enger grousser Symbolik begleet, well d‘Palestinenser kee Staat hunn, an d‘Trump-Administratioun net gewëllt schéngt hiren ominéise Friddensplang virzeleeën, mat deem den israelesch-palestinensesche Konflikt soll geléist ginn.

De 27. September, um Rand vun der UN-Joresgeneralversammlung, huet de „Grupp vun de 77 a China“ (et sinn am ganzen 134 Länner) Palestina auserwielt, fir 2019 d‘Presidence ze iwwerhuelen. Si hunn e System ähnlech wéi den Europarot, wou d‘Presidence awer all sechs Méint changéiert.

Geschaaft ginn ass de G77 – déi gréisste Staate-Koalitioun innerhalb de Vereenten Natiounen – fir déi wirtschaftlech Interesse vu senger Memberen ze favoriséieren. Haut ass et e stramme Verhandlungspartner, ganz besonnesch am Bezuch op budgetär Froen.

D‘Resolutioun enthält eng ganz Rei Modalitéiten „fir d‘Bedeelegung vum Staat Palestina“ un de verschiddene Sessiounen an internationale Konferenzen, un deen de G77 nächst wäert deel huelen. An dat ass nach net dem Trio: USA-Israel-Australien, säin eenzegt Problem.

En Unhang hält ënnert anerem fest: „d‘Recht am Numm vum G77 Deklaratiounen ze maachen“, „d‘Recht sech als Coauteur bei Propositiounen an Amendementer ze presentéieren“ an „d‘Recht Prozedur-Motiounen ze erhiewen“. Dat ass net näischt…

Den Text vun der Resolutioun erënnert, datt de „Staat Palestina“ schonn en Deel vu villen „Instrumenter“ ass, déi ënnert dem Schutz vun de Vereenten Natioune beschloss goufen, an e volle Member vun ënnerschiddleche spezialiséierten Institutiounen an Organer vun der UNO ass.

International Unerkennung

Mat der Resolutioun kréien d‘Palestinenser „d‘Kapassitéit ze schwätzen, de Parrainage vun Texter ze iwwerhuelen“. Rechter déi hinnen als „Observateuren“ net géifen zoustoen. D‘Presidence vum G77 sollt et de Palestinenser erlaben déi international Unerkennung ze erhalen déi hinnen zousteet.

Et soll hinnen zudeem d‘Méiglechkeet bidden, sech als „internationalen Acteur“ ze presentéieren, dee méi kann, wéi sech iwwert den israelesch-palestinensesche Konflikt ze ënnerhalen. Dat passt den USA, déi – säit si hir Ambassade op Jerusalem verluecht hunn – ganz aner „Pläng“ hunn.

Si klappen dann och entspriechend opgereegt an d‘Flilleken. „D‘Palestinenser si kee Memberstaat vun der UNO. Si sinn iwwerhaapt kee Staat“, esou d‘Reaktioun vum Nikki Haley, der (nach) US-Ambassadrice op de Vereenten Natiounen, an engem ganz offizielle Communiqué.

„De Feeler den d‘UNO haut gemaach huet, sabotéiert d‘Hoffnunge vun engem Fridden, a fiddert d‘Illusioun vu de palestinenseschen Dirigenten, datt si hir Objektiver verfollege kënnen ouni direkt Friddensverhandlunge mat den Israelien ze féieren. Dëse Vott hëlleft de Palestinenser net“.

Et ass dann allerdéngs esou, datt d‘Nikki Haley zimlech eleng mat senger Meenung dosteet. Et hunn ëmmerhin 146 Länner eng aner Opfaassung, an déi hu si mat hirem Vott däitlech gemaach. Net ze vergiessen, datt d‘USA als Partner fir Friddensgespréicher net méi kredibel sinn.

Wéi sech Enn 2017 d‘UN-Generalversammlung mat enger Resolutioun befaasst huet, déi d‘Entscheedung vun den USA, unilateral Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, veruerteelt huet, hunn dat 128 vun den 193 Länner ënnerstëtzt. Eng Iwwerraschung…

Néng Länner, dorënner d‘USA, haten sech deemools der Resolutioun entgéint gestallt. Washington hat vill Länner béis ënner Drock gesat, mat Konsequenzen a „méi“ gedreet. 35 Länner hu sech beandrocke gelooss, a sech enthalen. 21 Länner hunn et virgezunn, sech net emol ze weisen.

Enn September huet de palestinensesche President Mahmoud Abbas notéiert, datt 183 Länner vun der Vereenten Natiounen de „Staat Palestina“ unerkannt hunn. Hien hat dorops hin en Appell un d‘Länner vun der Welt gemaach, sech unzeschléissen, a Palestina als Staat unzëerkennen.

Gëschter hunn dann och eng Partie Länner, déi d‘Resolutioun matgestëmmt hunn, drop higewisen, datt hire positive Vott (hei virun allem Däitschland a Groussbritannien) net als „Unerkennung“ vu Palestina als Staat ze bewäerten ass. Si schéngen den Ament genuch Stress mat den USA ze hunn.

mam Philippe Rater/AFP

Foto: Do kënnen engem Gesiichtszich schonn emol aus der „Fassong“ geroden. D‘Nikki Haley, dat rezent dem Donald Trump e Kuerf ginn huet, veruerteelt d‘Entscheedung vun 146 Länner, sech fir eng Resolutioun ausgeschwat ze hunn, déi de Palestinenser méi Muecht zougesteet. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten G77, Nikki Haley, Palestina, Resolutioun, UN-Generalversammlung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel