Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché
Cool International Neiegkeeten

Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché

Op e Joer gekuckt waren 411 Persoune manner ouni Aarbecht,

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?
Cool International Neiegkeeten

Iessen an Drénken: De beschte Chef ass?

Um Méindeg war et e schéinen Dag fir d‘Gastronomen a

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii
Cool International Neiegkeeten

D‘Lava vum Vulkan Kilauea bedreet eng geothermesch Fabrick op Hawaii

D‘Lavastréim déi sech lues awer bestëmmt aus dem Vulkan Kilauea

cool

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel

No der Gewalt géint Gaza: d‘UNO veruerteelt Israel

D‘UN-Generalversammlung huet e Mëttwoch e Resolutiounsprojet ugeholl, géint deen sech d‘USA mat Hänn a Féiss gestäipt hunn, an mat deem Israel fir déi rezent Gewaltausbréch zu Gaza veruerteelt gëtt. Am gläichen Ament huet d‘UN-Generalversammlung en US-Amendement zréckgewisen, deen den Hamas fir déi selwecht Gewaltausbréch verantwortlech mécht.

Vun den arabesche Länner ënnerstëtzt, ass de Resolutiounsprojet mat 120 vun 193 Stëmmen ugeholl ginn. Ganzer aacht Stëmme waren dergéint, 45 Länner hunn sech beim Vott enthalen. 12 europäesch Länner hunn sech fir den Text ausgeschwat, dorënner nieft Russland a Spuenien, och Frankräich. Datt ass eng däitlech Néierlag vir d‘USA, déi d‘Resolutioun verhënnere wollten.

A Washington huet um Mëttwoch direkt zwee mol missen eng Néierlag astiechen. Dee vu Washington virgeluechten Amendement, mat deem d‘Islamiste vun der Hamas sollte (mindestens) a gläicher Mooss veruerteelt ginn, huet net déi noutwenneg Zweedrëttel vun de Stëmmen erhalen: 62 Länner waren derfir, 58 dergéint an 42 hunn sech enthalen. E Vott dee vill ausseet.

E Veto ze vill?

Déi arabesch Länner haten sech un d‘UN-Generalversammlung gewannt, nodeems Washington am UN-Sécherheetsrot gebrauch vu sengem Veto gemaach huet, fir dës Resolutioun ofzewieren. D‘US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, hat d‘Resolutioun kritiséiert an als eng Ugrëff op Israel bezeechent. Eng éischter politesch wéi faktebaséiert „Aktioun“.

Am Text gi Mesure gefuerdert, mat deenen déi palestinensesch Ziviliste solle geschützt ginn. Dat nodeems, säit Enn Mäerz, op mannst 129 Palestinenser an der Gazasträif vun israelesche Kugelen ëm d‘Liewe bruecht goufen. Virfäll déi alleguerte während Manifestatiounen um Grenzverlaf tëscht Gaza an Israel stattfonnt hunn. Heibäi ass am gläichen Zäitraum kengem Israeli e Leed geschitt.

D‘USA an Israel hunn den Text, dee vun der Tierkei an Algerien agereecht ginn ass, mat hefteger Kritik ugegraff. Béid Länner, d‘Tierkei an Algerien, hunn den Text am Numm vun der Arabescher Liga an der Organisatioun vun der islamescher Kooperatioun (OIC) virgeluecht. D‘Kritik géint den Text ass vum Argument begleet ginn, datt an dësem net rieds vun der Hamas gaangen ass.

Eng sportlech Erausfuerderung

Bei der UN-Generalversammlung, huet sech d‘Nikki Haley gewinnt mat provokative Metapheren un d‘Welt gewannt: „de politesche Liiblingssport vu vereenzelten, ass et Israel unzegräifen. An genee dofir si mir haut hei“. Den israeleschen Ambassadeur, Danny Danon, gesäit am Text: „de Wëllen eis dat elementaart Recht op Schutz a Verdeedegung ze entzéien“.

An der Resolutioun awer, gëtt en „exzessiven, disproportionéierten an indiskriminéierten Asaz vu Gewalt, säitens den israeleschen Zaldote géint palestinensesch Zivilisten“ bedauert. Den Text huet allerdéngs och den „Asaz vu Rakéiten a Mörsergranate géint Israel“, déi vun der Gazasträif aus op Israel ofgeschoss gi sinn, net ausser Uecht gelooss a gläichermoosse veruerteelt.

Mat der Resolutioun huet den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, den Optrag erhalen, Proposen auszeschaffen, déi en „internationale Schutzmechanissem“ fir d‘Palestinenser zu Gaza an och am besate Westjordanland erméigleche soll. Datt ka vun enger Observatiounsmissioun, bis hin zum Asaz vu Friddenstruppen (Blohelmer) goen. Dat brauch d‘Zoustëmmung vum UN-Sécherheetsrot.

Gaza ass net Jerusalem

De Versuch vun den USA déi arabesch Initiativ ze konteren, war en Amendement mat deem d‘Hamas fir den Ofschoss vu Rakéiten op Israel, an der Opfuerderung laanscht Grenz Gewalt auszeüben, veruerteelt sollt ginn. Am Géigesaz zu de Resolutiounen déi am UN-Sécherheetsrot gestëmmt ginn, sinn déi vun der UN-Generalversammlung net bannent, an et gëtt kee Veto.

An d‘UN-Generalversammlung hat schonn am Dezember d‘lescht Joer, e genee esou konflikträiche Vott zur israelesch-palestinensescher Situatioun ofgehalen, wéi d‘Entscheedung vum US-President, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen an d‘Ambassade dohinner ze verleeën, mat enger iwwerwältegender Majoritéit ofgeleeënt gi war.

D‘Nikki Haley hat sengerzäit déi „gutt Iddi“ de Vertrieder op der UNO matzedeelen, datt sech Washington d‘Nimm vun deene Länner géif opschreiwen, déi d‘Resolutioun – ugeholl mat 128 Stëmme géint 9 dergéint an 35 Enthalungen – ënnerstëtzen.

Vun den arabesche Länner ënnerstëtzt, haten d‘Palestinenser versicht genau esouvill Stëmme wéi beim Vote fir Jerusalem zesummekréien, mee et hunn 8 Stëmme gefeelt. Westlech Diplomate waren dann och vu méi Enthalungen ausgaangen. „Gaza ass net Jerusalem“ hat ee vun hinne gemengt. Zudeem hänkt een an der Sakgaass vum UN-Sécherheetsrot fest, wou d‘USA um Veto festhalen.

mam Carole Landry/AFP

Foto: D‘US-Ambassadrice Nikki Haley (Mëtt) am Gespréich am israeleschen Ambassadeur Danny Danon, virum Vott, mat deem Israel fir den onverhältnesméissegen Asaz vu Gewalt géint palestinensesch Zivilisten zu Gaza an am besate Westjordanland, mat enger Resolutioun veruerteelt ginn ass. © Don Emmert/AFP

Ähnlech Sujeten Gaza, Gazasträifen, Israel, Palestina, UN-Generalversammlung, Westjordanland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel