Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Macron seng Siicht op Europa (eng Analys)
dating chinese culture Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-on-the-rebound-signs/

Et ass e leidenschaftleche Plädoyer, deen de franséische President, Emmanuel

when your ex start dating
dating chinese culture Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Naturparken?

Ween eis Natur entdecke wëll, deem bidden sech zu Lëtzebuerg

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.
dating chinese culture Neiegkeeten

Déi Lénk: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch Refugiéeën 200 Milliounen Entwécklungshëllef ze sträichen. Eng Woch méi spéit ass elo kloer, d‘UNRWA kritt iwwerhaapt näischt méi.

Am Communiqué vum US-Ausseministère, deen d‘Heather Nauert gëschte de Medien zougespillt huet, heescht et: „Nodeems den Dossier opmierksam ënnersicht gouf, huet d‘Regierung entscheet, datt d‘USA keng Sue méi un d‘UNRWA géif iwwerweisen“.

„Wéi mir am Januar en amerikanesche Beitrag an héicht vu 60 Milliounen US-Dollar iwwerwisen hunn, hate mir däitlech gesot, datt d‘USA net d‘Absicht hätten, de ganz disproportionéierten Deel vun de Käschte vun der UNRWA ze droen, déi mir während laange Joren iwwerholl hunn“.

Washington stellt de Notze vun der UN-Agence a Fro

Hei muss een allerdéngs drop hiweisen, datt déi 60 Milliounen US-Dollar, scho wäit ënnert deenen Zouweisunge geleeën huet, déi d‘USA üblecherweis un d‘UNRWA iwwerwisen huet. Historesch betruecht, sinn d‘USA de gréissten Donateur vun der USA.

2017, waren et nach 350 Milliounen, déi Washington der UN-Agence zougestanen huet. „D‘USA versprieche keng weider Finanzmëttel an dës gescheitert Operatioun ze stiechen“, ënnersträicht d‘Heather Nauert, déi d‘US-Agence beschëllegt, d‘Zuel vun de Palestinenser, déi eligibel fir de Statut vum Refugié sinn, exponentiell ze erhéijen. „Dat ass einfach net liewensfäeg“.

Iwwert de Besoin vum Finanzement selwer, an der Onméiglechkeet zu enger Repartitioun vun der Laascht ënnert de Geldgeber ze fannen, huet d‘Heather Nauert och de Modell „UNRWA“ a Fro gestallt. Washington wëll elo den Dialog mat der UNO an den aneren Acteure verstäerken.

Geld ass e probat Drockmëttel

Washington wëll „am Gespréich“ nei Modeller an Approche fannen, déi eng direkt bilateral Hëllef vun den USA an anere Partner enthale kann. D‘Spriecherin huet verséchert, datt déi amerikanesch Autoritéiten sech iwwert d‘Folgen an den Impakt op d‘Situatioun vun de Palestinenser kloer wieren. Hei am besonnesche fir d‘Zivilbevëlkerung an d‘Schüler.

Ouni et auszespriechen, huet d‘Heather Nauert keng Zweiwel iwwert d‘Hannergrënn vun dëser radikaler Entscheedung opkomme gelooss. Déi palestinensesch Autoritéit huet all Kontakt zu Washington ofgebrach, an erkennt d‘USA net méi als „Vermëttler“ fir de Fridden un.

Datt et esouwäit komm ass, muss een dem US-President Donald Trump zouschreiwen. Deen hat Enn 2017 eesäiteg, Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt, wat zu déidlechen Onroue gefouert huet. Och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat dës Decisioun kritiséiert. D‘Palestinenser werfen den USA vir, hir international Engagementer net anzehalen.

mat AFP

Foto: D‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert: „Nodeems den Dossier opmierksam ënnersicht gouf, huet d‘Regierung entscheet, datt d‘USA keng Sue méi un d‘UNRWA géif iwwerweisen“. © Mandel Ngan/AFP

Ähnlech Sujeten Palestina, Refugiéën, UNRWA, USA, Vereenten Natiounen, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel