Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?
Kultur

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?

Gëschter hunn d‘Koalitiounsgespréicher, nodeems de Xavier Bettel dem Groussherzog Henri

surprise
Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt
Kultur

Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt

Eelef Prënzen an e sëlleche Minister sinn um Samschdegowend a

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen
Kultur

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Reesen tëscht dem Kontinent a Groussbritannien, sanitär Kontrollen, perséinlech Daten:

„Upcycling“: Konscht als zäitgenëssescht Handwierk

„Upcycling“: Konscht als zäitgenëssescht Handwierk

An der Galerie „Beim Engel“ wou sech d‘Saison 2017/18 mat Thema „Intro“ beschäftegt, war et leschten Donneschdeg dann och schonn déi 5. Vernissage, dat zugonschte vun enger Serie mam Titel „Upcycling“.

D‘Ausstellung mat de Wierker vum Eric Marx, Shirely Dewilde an Stylianee Parascha leeft nach bis 29. Oktober. Ze gesinn ass eng „benotzbar“ Konscht. All eis hei genannten Artisten, stelle Géigestänn, Kleeder, Miwwelen a Spillsaachen hir, strikt nom Upcycling-Prinzip. Realiséiert ginn ass d‘Ausstellung an Zesummenaarbecht mam CELL (Center for Ecological Learning Luxembourg).

Upcycling

Vu Bekleedung, iwwer ganz Praktesches, bis hin zu enger Spillsaach; upcycling kann aus Handwierk Konscht maachen. Eng Konscht déi fir de Gebrauch geduecht an zum upake bestëmmt ass.

De Premier- a Kulturminister Xavier Bettel, huet bei der Erëffnung vun der Ausstellung dann och grousse Wäert op de Charakter vun dëser besonnescher Konscht geluecht. Iwwer d‘Konscht an esou dem Ëmwee vun der Kreatioun siichtbar ze maachen, datt et fir alles e Liewen nom „Liewe“ ka ginn, dat wier et gelongent Experiment.

An d‘Betounung läit dann och sécherlech méi um soziale Message, déi esou eng Ausstellung ze bidden huet. Kreativitéit am Respekt mat der Natur an der Ëmwelt, Konscht als Objet aus dem Alldag, dat kann a soll nei Weeër opmaachen. Et ass net alles fir op den Tipp.

Fir d‘Kënschtler ass dës Ausstellung dann och eng schéi Vitrinn. Se weist wat alles mat Saachen ze realiséieren ass, déi eigentlech an der Dreckskëscht sollte landen. Upcycling, also d‘Konscht engem Géigestand duerch Transformatioun eng nei Dosinnsberechtegung ze vermëttelen, geet eis dann och alleguerten eppes un. An et ass wéi esou oft just eng Fro vu guddem Wëllen.

Upcycling

Vu Bekleedung, iwwer ganz Praktesches, bis hin zu enger Spillsaach; upcycling kann aus Handwierk Konscht maachen. Eng Konscht déi fir de Gebrauch geduecht an zum upake bestëmmt ass.

Wien sech dat elo net direkt zoutraut awer trotzdeem Loscht huet, deem sief den 22. Oktober un d‘Häerz geluecht. Do organiséiert d‘Galerie „Beim Engel“ zesumme mat de Kënschtler en Atelier deen et jidderengem erlabe sollt sech mat den Technike vum „upcycling“ ze familiariséieren.

An domatter gëtt d‘Galerie dann och den eegenen Uspréch gereecht. Lieweg Konscht, déi een och soll dierfen upake kënnen.. Beim Engel kritt déi „lokal“ Kultur mat sengen zuelräiche Facetten eng Bühn gebueden, déi hirer gerecht gëtt. Bis de Mee 2018 sinn nach siwe weider Ausstellunge programméiert, an et kann ee sécher sinn, datt all eenzel dovunner den Ëmwee wäert dierft sinn.

Foto: (v.l.n.r.) Eric Marx, Shirely Dewilde, Xavier Bettel, Stylianee Parascha © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Beim Engel, Konscht, Upcycling, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel