Search

You may also like

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen
Neiegkeeten

Et ass e legitimme Wonsch vu Syrien an dem Irak, franséisch Dschihadisten ze veruerteelen

Déi franséisch Arméiministesch Florence Parly huet an der Zeitung „Libération“

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau
Neiegkeeten

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau

Um spéide Mëttwochowend war et, direkt virum ungaresche Parlamentsgebai zu

Chamberwahlen 2018: Wärend der Aarbecht um Sonndeg wiele goen ass erlaabt!
Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: Wärend der Aarbecht um Sonndeg wiele goen ass erlaabt!

Den OGBL arennert un déi zivil Rechter a Flichten, wou

Urban Living – Eng Foire fir de Logement gëtt 10 Joer jonk

Trotz oder grad wéinst der Logementskris, ass dat ee Salon deen de Succès net fäerte muss

Urban Living – Eng Foire fir de Logement gëtt 10 Joer jonk

No Zéng Joer kann ee wuel vun Traditioun schwätzen, a falls net ass et och anch egal, well d‘Foire Urban Living zu Déifferdeng fënnt dëse Weekend trotz de Walfer Bicherdeeg an dem Rout-Kräiz Bazar um Lampertsbierg statt. Dës Kéier awer op neier Plaz, an zwar am „Hal O“ zu Uewerkuer.

Urban Living ass eng Foire fir de Logement zu Déifferdeng, a besonnesch fir leit déi eng Wunneng zu Déifferdeng sichen. Egal op Studio, Appartement oder Haus, et gëtt bestëmmt genuch Offréiert. Gutt iwwert d‘Präisser muss op dëser Plaz net geschwat ginn, dofir leet d‘Editioun 2019 ee ganz besonneschen Akzent op de Logement mat moderatem Coût, wat dat och ëmmer soll heesche wa vu Lëtzebuerg geschwat gëtt.

En Highlight dierft an dësem Kontext den ominéise Projet „Gravity“ sinn. En Immobiliëprojet an der Afahrt vun Déifferdeng, an deen d‘Gemeng eng 40 Milliounen Euro investéiert. Et geet ëm 80 Appartementer an engem (vir Lëtzebuerger Verhältnisser) Tuerm, an de ganze Projet kann ee sech am Detail op der Urban Living Foire ukucken.

Op dëser Foire sinn awer och vill Handwierksbetriber ënnerwee. E Fënsterespezialist an en Expert an italienesche Kichen, mee och esou Profanes wéi Waasser an Elektresch dierft do eng Roll spillen. De Fonds du Logement an d‘SNHBM hunn sech hir Plazen och scho reservéiert. Et gëtt also genuch gebuede fir wien en Dach iwwert dem Kapp brauch an d‘Gemeng Déifferdeng attraktiv fënnt an do och wunne wëll.

Wien kengem d‘Butzen an d‘Knetzelen op d‘A drécke kann, dee soll se roueg matschleefen. Hei op der Urban Living gëtt et wéi all Joers ee flotte Kannereck (zu Déifferdeng heescht dat Kids Corner) wou déi kleng ënnerhale ginn. Stänn mat eppes géint de klengen Honger oder den Duuscht tëschenduerch gëtt et natierlech och.

De Salon empfänkt iech zu Uewerkuer ee:

  • Freideg: vu 16 bis 21 Auer
  • Samschdeg: vu 14 bis 19 Auer
  • Sonndeg: 10 bis 18 Auer
Related topics Déifferdeng, Fonds de Logement, Logement, SNHBM, Urban Living, Wunnengsmaart
Next post Previous post