Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet
International Neiegkeeten

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)
International Neiegkeeten

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt vun e Sonndeg, den

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta
International Neiegkeeten

Syrien: 20.000 Ziviliste flüchten aus der Ghuta

Eng 20.000 Ziviliste konnten um Donneschdeg d’Rebellen-Enklav vun der ëstlecher

Op wat sech d‘Ursula von der Leyen agelooss huet (eng Analys)

Op wat sech d‘Ursula von der Leyen agelooss huet (eng Analys)

Dat war keng „einfach“ Saach, déi nei EU-Kommissioun zesummenzekréien an et ass net alles de Briten hir Schold. Fir unzefänke muss drun erënnert ginn, datt déi fréier Verdeedegungsministesch bei der Campagne zur EU-Wahl guer net als Kandidatin am Gespréich war, well si sech net zur Wal gestallt hat. Dat haten d‘Staats- a Regierungscheffen ënnert sech ausgemaach.

Bei der Zesummestellung vun der EU-Kommissioun gouf et dann och, wéinst enger Rei droleger Kandidaten, nees Gedeessems. An da war do de Boris Johnson dee sech geweigert huet, obwuel den Austrëtt nach net formell Vollzunn ass, e Kommissär ze ernimmen. Dat hätt, esou wëllen déi europäesch Gesetzer, d‘Zesummestellung vun der EU-Kommissioun ëm een Hoer verhënnert.

Gutt virbereete Juristen hunn awer dru geduecht e Passus an den Accord anzebauen, mat deem ka verhënnert ginn, datt London d‘EU-Sabotéiert. An esou ass da gëschter zu Stroossbuerg am EU-Parlament déi nei EU-Kommissioun mat 461 vu 751 Stëmmen ugeholl ginn. Elo ass dann de Wee fräi an d‘Ursula von der Leyen kann dem Jean-Claude Juncker seng Nofolleg untrieden.

„Komplizéiert“ als Understatement

Et dierft keen einfacht Mandat ginn, an firwat deem esou ass, brauch et e puer Erklärungen: Am Géigesaz zu hirem Virgänger, deen 2014 als Spëtzekandidat vun de Chrëschtdemokraten d‘EU-Wahle gewonnen hat a sech op eng Koalitioun mat de Sozialdemokrate verloosse konnt, kann sech d‘Ursula vun der Leyen net op d‘Legitimitéit vun enger Spëtzekandidatin stäipen.

Doriwwer eraus hunn esouwuel déi konservativ Chrëschtdemokraten an d‘Sozialdemokrate kloer d‘EU-Wahle verluer, firwat d‘EU-Kommissiounspresidentin op d‘Stëmme vun anere politesche Formatiounen ugewisen ass. Bréissel ass zudeem esou eppes wéi Neiland. Sécher als Ministesch war d‘Ursula von der Leyen oft zu Bréissel, mee mat den zentralen Themen ass si net vertraut.

Hiert Netzwierk ass begrenzt, wat sech bei de groussen Themen: Migratioun a Wirtschaft, als Nodeel kéint erweisen. Och déi grouss Prioritéit „Klimaschutz an Karbonneutralitéit“ verlaangt Konsens, an deen ass alles anescht wéi sécher. Et dierft also eppes komplizéiert ginn, fir net ze soen eng onméiglech Entreprise. U Muecht feelt et net, mee et brauch virun allem Majoritéiten.

Eng Eenheet schafen

Fir déi éiergäizeg Ziler ze erreechen déi sech d‘Ursula von der Leyen gesat huet, esou beim Klima an am Digitalen, brauch et Iwwerzeegungskraaft. Klimaschutz an Digitaliséierung si wuel populär bei de Bierger, mee am Parlament gëtt et Widderstand. Vill Vertrieder gesinn als éischt déi national Interessen, an do gëtt et eng gréisser Diskrepanz, déi finanziell wéi geographesch fundéiert ass.

Datt déi nei EU-Kommissiounspresidentin d‘Unioun méi „sozial“ gestalte wëll hat schonn zum Dissens gefouert, do war d‘Mandat nach guer net geséchert. Interessant hei: et sinn déi eege Leit, also Berlin, déi (wéi esou oft) blockéieren. Zu Berlin ass een och weiderhin iwwerzeegt, datt een d‘Sozialpolitik den eenzele Länner iwwerloosse soll. Datt et esou kee Fortschrëtt gëtt ass gewollt.

Wann een dann awer Ofstand vun den Ziler hëlt, muss een dierfe feststellen, datt dem Ursula von der Leyen hir Virgänger haaptsächlech dorunner gemooss goufen, wéi si d‘Krise gemanagt kruten. No Euro-, Brexit- a Migratiounskris déi de Jott-zé-Jott zimlech gutt iwwerstanen huet, ass et un der neier Kommissiounspresidentin ze weisen, wéi si mat den aktuellen an zukünftege Krisen ëmgeet.

Foto: © EU Commission

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, Jean-Claude Juncker, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel