Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Finanzplaz Lëtzebuerg: Wann et engem gutt geet, dann den Assurancen
International

Finanzplaz Lëtzebuerg: Wann et engem gutt geet, dann den Assurancen

Den Assurancësecteur ass e wichtegt, fir net ze soe „predominant“

Emol Kaffi-Croissant wann ech gelift
International

Emol Kaffi-Croissant wann ech gelift

Et war den éischte Rendez-vous zu fréier Stonn mam Stater

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL
International

D’Nathalie Jacoby ass nei Direktesch vum CNL

An der Sëtzung vum 23. September 2020 huet de Regierungsrot

US-Ausseminister am Afghanistan

US-Ausseminister am Afghanistan

Et war kee Frëndschaftsbesuch: den Amerikaner huet den Afghanen ze verstoe ginn, datt een déi Hand déi ee fiddert, net bäissen dierf. Washington kierzt seng „Hëllef“ ëm 1 Milliard US-Dollar.

Net jiddereen, dee mat senger Arméi an däi Land kënnt fir dech virun Terroristen ze schütze mengt et esou gutt wéi d‘Amerikaner. Dat wäert den Afghanen eng Lektioun sinn, och besonnesch dann, wa gewosst ass, datt et d‘USA waren, déi dës Terroriste mat Geld a Waffen ausstafféiert hunn. Elo hu si es genuch a wëllen hir Truppen ofzéien, firwat si als éischt mat den Taliban verhandelt hunn.

Mat dëse schéngt en Accord ginn ze hunn, mee dat ass bekanntlech nëmmen den hallwe Wee. Elo muss een och d‘Regierung iwwerzeegt kréien, sech mat den Taliban och eng „Opdeelung“ vun der Muecht ze eenegen. Dat schéngt awer komplizéiert, well wien ass d‘Regierung? Ass et den Ashraf Ghani, dee vun der Weltgemeinschaft unerkannt ass, oder dësem säin Äerzrival Abdullah Abdullah?

Allebéid behaapten sech op d‘Mandat vum President an dat veriergert d‘Amerikaner. Si hunn eleng wéinst dësem Dissens elo entscheet, dem Land eng Milliard US-Dollar un Entwécklungshëllef ze sträichen. An dat huet de Nike Pompeo bei sengem Besuch ee Méindeg de Sträitparteien erkläert. Et wier een enttäuscht iwwert de Beholl. Ouni eng Eenheetsregierung gëtt et keng „Bezéiung“ méi.

Sollt elo dëse Message net „ukomm“ sinn, esou géif och 2021 nach emol dee selwechte Montant gestrach. Mee Geld eleng wäert net zu enger Eenegung tëscht de Kontrahente féieren. Fir déi ass Geld eppes „Relatives“, Muecht dogéint eppes ganz Reelles an dat ass de Punkt. Eng Muecht awer, déi egal wéi, ouni Zoustëmmung vun den Taliban, kee vu béide wäert fir sech beusproche kënnen.

Wann s de der zwee trëppels…

Mee um Programm vum Mike Pompeo stoungen net nëmmen d‘Gespréicher mat den 2 afghanesche „Presidenten“. No dem kuerzen Optrëtt zu Kabul ass den US-Ausseminister an de Katar geflunn, wou hie sech mat engem Leader vun de radikalislameschen Taliban getraff huet. Am Golfstaat, um Loftwaffestëtzpunkt al-Udeid huet hie dem Mullah Baradar, zum Anhale vum Accord geroden.

An dësem Accord ass festgehale ginn, datt d‘USA an engem éischte Schratt hir Truppe bannent 135 Deeg vun elo 12.000 Mann op dann 8.600 Zaldote reduzéieren a a fënnef vun den 20 Stëtzpunkten zou maachen. Am Géigenzuch sollen d‘Taliban Garantie ginn, datt si d‘Terrornetzwierk al-Quaida an den Islamesche Staat (IS) bekämpfen a Friddensverhandlunge mat der Regierung ophuelen.

Hei wäerten sech d‘Amerikaner awer wuel musse gedëllegen, bis datt den Taliban och tatsächlech e Gespréichspartner géinteniwwer sëtzt, deen dat wat am Fall vun engem Friddensvertrag och schrëftlech festgehale gëtt, duerchsetze kann. Den Taliban ass et esouwäit egal, ob si mam Ashraf Ghani oder dem Abdullah Abdullah verhandelen. Si sinn enger Eenheetsregierung net ofgeneigt.

E weidere Punkt am US-Accord mat den Taliban, betrëfft d‘Fräiloossung vu „Kämpfer“. Esou solle 5.000 Taliban op fräie Fouss gesat ginn, wann se verspriechen net méi zu de Waffen ze gräifen. Am Géigenzuch wëllen d‘Taliban bis zu 1.000 afghanesch Zaldoten nees bei hir Famillje loossen. Elo brauch et awer och eng afghanesch Regierung, fir dësen „Handel“ ëm- an duerchzesetzen.

Dat och well et trotz dem Accord mat den Amerikaner, zu Uschléi komm ass, bei deenen esouwuel afghanesch Polizisten an Zaldoten, mee wéi gewinnt och zuelräich Zivilisten ëmkomm sinn. Och dat huet den US-Ausseminister ugeschwat an den Taliban geroden, wann hinnen d‘Ofkommes eppes géif bedeiten, domadder opzehalen. A wéi engem Ëmfang d‘Taliban deem Rechnung droen…

mat indymedia/was/tlv

Foto: Entrevue tëscht dem US-Ausseminister Mike Pompeo an dem afghanesche President Ashraf Ghani. Dee war siichtlech erfreet, datt Washington seng finanziell Hëllef fir 2020 ëm eng Milliard US-Dollar kierzt. © Secretary of State (handout)

Ähnlech Sujeten Abdullah Abdullah, Afghanistan, Ashraf Ghani, Mike Pompeo, Taliban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel