Search

You may also like

money
De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens
International Neiegkeeten

De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens

Beim Fonds du Logement ass laang villes schif gelaf: een

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!
International Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!

Passend fir déi waarm Joreszäit verlouse mir 3 x 1

Hong Kong Protest féiert zum diplomatesche Sträit
International Neiegkeeten

Hong Kong Protest féiert zum diplomatesche Sträit

No den heftegen Ausenanersetzunge bei der polytechnescher Universitéit zu Hong

US-Ausseminister kritt am Vatikan déi kal Schëller gewisen

US-Ausseminister kritt am Vatikan déi kal Schëller gewisen

De Vatikan setzt mat China op gutt Bezéiungen, d‘Amerika erkennen a Peking den neie Feind… dat kann zuweilen zu politesche Verwerfunge féieren. De Poopst Francis hat jiddefalls keng Zäit fir den drolege Besuch aus USA.

Eigentlech dinn sech, wann en Ausseminister am Vatikan virfiert, all d‘Dieren op, och déi vu Gottes Vertrieder op Äerden. Dësen Donneschdeg awer hat de CEO vun der kathoulescher Kierch weder Zäit nach Loscht sech mam Mike Pompeo ze affichéieren an dësen huet sech misse mat der zweeter „Rei“ zefridde ginn, an dësem Fall handelt et sech ëm de Staatssekretär, de Kardinol Parolin.

Datt de ieweschte Kierchemann den Ament net wierklech Loscht op den US-Ausseminister huet, dat steet net am Zesummenhang mam US-Wahlkampf, mee et huet ganz banal politesch Ursaachen. Esou huet sech de Vatikan mat Peking virun zwee Joer op ee sougenannt „virleefegt Ofkommes“ gëeenegt. Doranner ass ëm d‘Ernennung vu réimesch-kathoulesche Bëscheef an China gaangen.

AusseministerAm Gespréich mam Kardinal Parolin, huet de Mike Pompeo nach emol op déi grouss humanitär Aktioune vun der kathoulescher Kierch higewisen. Hien an seng amerikanesch Landsleit wieren houfreg op déi laang Partnerschaft, mat där zesumme fir d‘Reliounsfräiheet an aner Mënscherechter géif gekämpft ginn. © Secretary of State

Mat dësem Accord, deen natierlech net Public gemaach ginn ass, ass een éiweg laange Sträit elo bäigeluecht ginn an zanterhier, erhalen d‘Bëscheef a China de Sege vun der kathoulescher Kierch an de Sege vun der kommunistescher Partei. Dëst Ofkommes mëssfällt der US-Regierung a well den Donald Trump generell Problemer mat de Chinesen huet, kann ee sech virstelle wat leeft.

Den US-President fuerdert jo ëmmer nees vu sengen „Alliéierten“ sech der US-Linn unzehuelen, an anscheinend ass och de Vatikan ee Partner. De Mike Pompeo, ni drëms verleeën sech fir säi Chef anzesetzen, hat nach virun ee puer Deeg zu Washington gemengt, datt déi moralesch Autoritéit vum Vatikan a Gefor wier, a déi kathoulesch Kierch den Accord mat Peking net soll erneieren.

Et gëtt méi Chinese wéi Amerikaner

Wann ee wuel ka Versteesdemech fir déi amerikanesch Fuerderungen hunn, esou huet de Poopst net wëlles sech vun den USA befeelegen ze loossen. Esouwäit emol dat grondsätzlecht. Do dernieft ass gewosst, datt fir de Vatikan a China villes um Spill steet. Et gëtt Milliarde Chinesen a bis nach virun net esou laanger Zäit hat d‘Kierch kaum „Afloss“. Dat soll mat dësem Ofkommes besser ginn.

Mee och zu Roum weess een, datt een esou en Zougang net zum Nulltarif kritt an et géif ee scho gäre wëssen – vu dat net gewosst ass wat am Ofkommes festgehale gouf – wéi héich de Präis ass, deen de Vatikan bereet schéngt ze bezuelen. Bis ewell huet sech jo nach net der Däiwel vill gedoen an a China gëtt et och weiderhin nach ëmmer keng Reliounsfräiheet. Dat veriergert och zu Roum

D‘Zuel vun de gleewegen a China huet zanter dem Accord net wierklech zougeholl, firwat et an de Reie vun der kathoulescher Kierch eppes ufänkt ze ramoueren. Et gëtt intern eppes gestridden, well sech de Poopst Francis mat Kritik géintiwwer China zeréckhält. Ee vun de Virwërf: de Poopst huet d‘Ënnerdréckung vun der Demokratiebewegung bis ewell weder kommentéiert nach kritiséiert.

AusseministerMéi Poopst huet den US-Ausseminister zu Roum net ze gesi kritt. © Secretary of State

Elo werft déi „politesch Ausriichtung“ vum Vatikan schonn eng Rei Froen op. Froen déi ee wuel och sollt mam amerikaneschen Ausseminister beroden. Den Argentinier awer huet een däitlecht Bild vun der aktueller US-Regierung, wat sengersäits och nees géif erklären, datt een net all Dabo bei sech kann un den Dësch invitéieren. Mat der Trump-Administratioun huet de Francis et net.

Jo nach net emol mam Milliardär selwer huet et de Poopst. Wéi den US-President virun dräi Joer zu Roum war, gouf d‘Visite virun allem zu PR-Zwecker mëssbraucht an schonn do houng de Sege schif. Datt elo och nach de „Big“ Mike der kathoulescher Autoritéit wollt eng Moralpriedegt halen, huet sech de Poopst Francis net wëllen undoen. An dat nennt een en Zeeche setzen…

mat indymedia/rom/was

Foto: © Secretary of State

Related topics China, Kardinol Parolin, kathoulesch Kierch, Mike Pompeo, Poopst Francis, Roum, US-Ausseminister, USA, Vatikan
Next post Previous post