Taekwondo: Eng éischt erfollegräich „Ardennes Open“
Asiatesch Kampfsportaarten erfreeën sech grousser Beléiftheet an natierlech gëllt datt
Asiatesch Kampfsportaarten erfreeën sech grousser Beléiftheet an natierlech gëllt datt
D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.
Den George Lucas huet d’Welt ronderëm d’Jedi-Ritter an déi donkel
Zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie gëtt es sech d‘US-Regierung net midd d‘WHO un de Pranger ze stellen. D‘Weltgesondheetsorganisatioun géif vu China gesteiert, esou den Donald Trump. Elo geet den US-Ausseminister Mike Pompeo direkt de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus un. Bei engem Virtrag zu London ass dësem Keeflechkeet zum Virworf gemaach ginn.
Esou behaapt de Mike Pompeo – ouni dofir Beweiser virleeën ze kënnen – datt et tëscht dem Tedros Adhanom Ghebreyesus an der chinesescher Regierung en „Deal“ soll ginn hunn. Peking hätt d‘Entscheedunge vun der WHO beaflosst, an esou dem Direkter zu sengem Mandat verhollef. D‘USA hunn hiren Austrëtt aus dëser UN-Institutioun Ufank Juli dann och offiziell gemaach.
Den Diplomat huet a sengem Virtrag géintiwwer briteschen Deputéierten erkläert, datt hei Mënsche wéinst dëser Ofsprooch hiert Liewe verluer hunn. D‘WHO wier quasi direkt verantwortlech fir déi iwwer 45.000 Affer vum Coronavirus a Groussbritannien. Zitat: „D‘Versoe vun der WHO, enger politescher an net wëssenschaftsbaséierter Organisatioun huet zu briteschen Affer gefouert“.
Elo sinn d‘Virwërf weder nei nach sonnerlech originell. D‘WHO als Marionett vum chinesesche Regime duerzestellen, ass zum „dada“ vum US-President ginn. Datt d‘WHO bestëmmt och Feeler am Ëmgang mat der Pandemie gemaach huet, dierf awer net doriwwer ewechtäuschen, datt den US-President de Covid19-Virus laang als Fake-News an Trick vun den Demokrate bezeechent huet.
De Virus huet net a seng Wahlkampfstrategie gepasst, an déi Aart a Weis wéi d‘US-Regierung dës sanitär Kris geréiert huet, dierft wuel méi Schued ugeriicht hunn, wéi et méigleche Feeler säitens der WHO zouzeschreiwe wier. Brasilien hunn d‘USA schonn op „Linn“ bruecht, a mat de Britten, déi dréngend en Handelsofkommes mat den USA brauchen, dierft de Mike Pompeo et einfach hunn.
Zu Genève um Sëtz vun der Weltgesondheetsorganisatioun, ass een iwwert esou Provokatiounen net erfreet, mee wéi déi vum US-Ausseminister gemaachten Aussoen ze dementéieren, ass den Ament och net wierklech méiglech. Si sinn sech allerdéngs och bewosst, datt et mëttlerweil offensichtlech ass, datt d‘USA keng Mëttel a Ligen ausloossen, fir d‘Institutioun an ee schlecht Liicht ze stellen.
mat indymedia/lon/gva
Foto: Den US-Ausseminister Mike Pompeo, war eigentlech zu London, fir mat de Britten iwwert de Fräihandelsaccord ze beroden. Hien hat sech hei och mat de Leader aus Industrie a Wirtschaft getraff, wou dëse signaliséiert ginn ass, datt eng staark Unioun dat eenzegt Mëttel ass, sech deenen iwwermënschlechen Erausfuerderungen ze stellen, déi d‘Chinese mat hirem Virus erbäigefouert hunn. © State Department