Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“
International Money https://moien.lu/alpha-dating-app/

free hookup sites that are actually free south africa

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick

https://moien.lu/red-flags-how-to-know-when-youre-dating-a-loser/
International Money https://moien.lu/alpha-dating-app/

APERAM S.A.: zwou linear Erhéijungen dank dem neie Kollektivvertrag

E Méindeg huet den LCGB matgedeelt, datt et de 15.

Nationalfeierdag 2019: Invitatioun zur 3. Editioun vum Arméisfest!
International Money https://moien.lu/alpha-dating-app/

Nationalfeierdag 2019: Invitatioun zur 3. Editioun vum Arméisfest!

Um Sonndeg, den 23. Juni luet d’Lëtzebuerger Arméi op déi

money

Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich

Washington wërft Peking Währungsmanipulatioun fir, d‘Bourse- an Devisemäert weisen Nervositéit

Nei Entwécklung am US-Chineseschen Handelskrich

Dat huet et laang net méi ginn, datt eng US-Regierung ganz offiziell Peking beschëllegt d‘Währung ze manipuléieren, an sech esou Virdeeler am internationalen Handel ze verschafen. De leschten US-President deen dëse Schratt gewot hat, dat war de Bill Clinton, an dat läit scho 25 Joer zréck.

Um Méindeg hunn d‘Chinesen de Wiesselcours ënner 7 Yuan fir 1 US-Dollar gedréckt. Dat hat et fir d‘lescht virun 11 Joer, am Kontext vun der Finanzkris ginn. Mat dësem Schratt hätt Peking eng rout Linn iwwerschratt, esou Washington. Fir Finanzexperten ass éischter en Zeechen, datt China de Gedoldsfuedem gerass ass, wat net zulescht der Ukënnegung vun neien Douanestaxe geschëlt ass.

HandelskrichAn den trumpsche Virworf, datt China iwwert den Ëmwee vun onfaire Geschäftspraktiken an elo dann och Währungsmanipulatioun, den Amerikaner honnerte Milliarde geklaut sollen hunn, steet nach ëmmer am Raum. Zu Peking fleegt een en aneren diplomateschen Ëmgang an och eng aner Rhetorik. D‘Virwërf goufen zréckgewisen, d‘Ofwäertung vum Yuan dem Maart zougeschriwwen.

HandelskrichEng Ausso déi esou falsch net ass, ëmmerhin huet dem Donald Trump seng Annonce op en Neits Douanestaxen op chinesesch Wueren ze erhiewen, hat d‘Währung staark belaascht. An dës Kéier huet déi chinesesch Zentralbank net wéi soss agegraff, fir d‘Währung ze stabiliséieren. Ob een elo Peking, d‘Inaktioun vun der Institutioun schonn als „Währungsmanipulatioun“ kann ënnerstellen?

Eng politesch Fro

Richteg ass, datt e niddrege Wiesselcours zum US-Dollar déi chinesesch Produiten am Ausland e gudde Krack méi bëlleg mécht. Dat féiert zu engem kuerzfristege Virdeel beim Handel. Fir esou enger Situatioun virzegräifen, haten d‘G20-Länner sech drop gëeenegt, d‘Fangere vun engem Währungskrich ze loossen. A genee dëse Register huet Washington elo gezu fir Drock ze maachen.

HandelskrichWéi geet et elo weider? Nodeems den US-Finanzminister d‘Chinese bezichtegt huet d‘Währung ze manipuléieren, ass et un den USA Peking Gespréicher unzebidden. Gëtt ee sech do bannent engem Joer net eens, kéinten d‘Amerikaner géintiwwer China Sanktiounen aféieren. Eng Sanktioun wier beispillsweis Direktinvestitiounen a China verbidden, woubäi déi et elo schonn net méi gëtt…

HandelskrichDat léisst zumindest vermudden, datt wirtschaftlech Konsequenze begrenzt sinn, werft awer eng net onbedeitend Fro op: wat stécht tatsächlech hannert dem amerikanesche Virstouss? Eigentlech kann et nëmmen eppes bedeiten. Washington géif selwer gären „mam US-Dollar spillen“ an iwwert de Cours vun der Währung, Virdeeler fir d‘US-Industrie schafen. De Yuan ass eng wëllkomm Excuse.

mat indymedia/nyc

Illustratioun Gert altmann – Wéi gëtt „Währungsmanipulatioun“ an den USA definéiert? Am US-Recht sinn dräi Kritären opgelëscht: 1) et muss e bedeitenden „Leeschtungsbilanziwwerschoss“ virleien; 2) et muss en Handelsbilanziwwerschoss géintiwwer den USA bestoen; 3) et brauch eng dauerhaft Interventioun um Devisëmaart. Dat mécht och d‘EZB fir ze verhënneren datt den Euro ze deier gëtt, an datt gëtt vu Washington toleréiert.

Ähnlech Sujeten China, Devisëmäert, Handelskrich, USA, Währung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel