Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp
International Neiegkeeten

Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp

Net méi spéit wéi gëschter, huet Bertelsmann fir d‘RTL-Grupp e

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl
International Neiegkeeten

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl

An der Nuecht op e Mëttwoch, huet de polnesche Senat

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!
International Neiegkeeten

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt

US-Demokrate wëlle Milliardär lassginn

Gëschter hunn d‘Demokraten am Representantenhaus d‘Amtsenthiewungsverfare lancéiert

US-Demokrate wëlle Milliardär lassginn

Am Representantenhaus hunn d‘US-Demokraten d‘Majoritéit an déi hu si gëschter genotzt fir mat enger éischter formeller Ofstëmmung dat weidert Virgoen am Amtsenthiewungsverfare géint den Donald Trump ze bestëmmen. Mat dësem Vott ginn ëffentlech Unhéierungen erméiglecht an de Justizausschoss kritt eng gréisser Roll bei der Virbereedung zur eigentlecher Prozedur zougestanen.

De Kongress huet mat de Stëmme vun den Demokrate fir eng Resolutioun gestëmmt, déi d‘Regele fir déi weider Ermëttlunge festleet. All d‘Republikaner (194) an zwee Demokraten hu géint den Text gestëmmt, deen awer mat 232 Stëmmen ugeholl konnt ginn. Vum sougenannten Impeachment ass een awer nach wäit ewech, an eigentlech ass d‘Resolutioun nach net emol d‘Virspill…

MilliardärBeim Vott vu gëschter huet et sech nämlech net ëm d‘Ofstëmmung zur formeller Erëffnung vum Amtsenthiewungsverfare gehandelt. Dat eenzegt wat d‘Representantenhaus „entscheet“ huet, ass d‘Méiglechkeet Ermëttlunge fir eng méiglech Prozedur anzeleeden. Mee et ass och e Fortschrëtt. Bis heihinner hu sech dréi Ausschëss mat den Ermëttlungen zum Amtsenthiewungsverfare befaasst.

A ganz esou easy ass et och net verlaf. Eréischt wou d‘Zeie gehéiert goufen an weider Ermëttlunge vun den Deputéierten zougelooss goufen, war gewosst datt d‘Fraktioun vun den Demokraten den Nol géif aschloen. An awer dierft et schwiereg ginn de 45. US-President ofzesetzen. Eigentlech ass et guer net méiglech, wéi et déi amerikanesch Geschichtsbicher androcksvoll beleeën.

Datt d‘Demokraten d‘Verfahren am Kongress kënnen aleeden, dat ass eigentlech geséchert. Da geet dat ganzt weider un de Senat, an deem dann awer nees d‘Republikaner d‘Soen hunn. Déi missten awer dann och engem Amtsenthiewungsverfaren zoustëmmen. An och wann dem Donald Trump säi beholl an der Lescht ze wënschen iwwreg léist, et ass onwahrscheinlech datt si e fale loossen.

Mam aleede vun der Prozedur fir den Impeachment ass zudeem och nach e riskant Manöver ageleet ginn. Vill (ganz vill) Amerikaner sinn nach ëmmer vum Donald Trump senger „Politik“ iwwerzeegt an déi – wéi hien et selwer nennt – Hexejuegd, kéint sech fir de Milliardär um Enn ausbezuelen. Et sollt een och d‘Dommheet an d‘Naivitéit vun den Amerikaner net ënnerschätzen…

mat indymedia/was

Foto: Datt d‘Demokraten alles versichen dem Donald Trump lass ze ginn, ass nerveg, mee elo och kee Grond sech aus der Rou bréngen ze loossen. Gëschter huet den US-President mat senger Fra de Kanner fir Halloween Séissegkeeten iwwerreecht. © White House

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Donald Trump, Impeachment, Nancy Pelosi, Representantenhaus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel