Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: De SC Beetebuerg séchert sech den Titel
catholic online dating reviews Neiegkeeten

https://moien.lu/sad-facts-about-dating/

Bei der Renconter tëscht dem SC Beetebuerg an der Entente

hong kong hookup site
catholic online dating reviews Neiegkeeten

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

De faschisteschen Diktaturnostalgiker aus Brasilien wëll eng radikal Rentereform. Aarbechter

En Englänner zu Paräis
catholic online dating reviews Neiegkeeten

En Englänner zu Paräis

Et sinn nach ronn 70 Deeg bis zum Brexit an

US-Deputéiert dierfen net an Israel areesen

Déi israelesch Regierung befollegt domatter e Rotschlag vum Donald Trump

US-Deputéiert dierfen net an Israel areesen

Dat huet esou nach net ginn: zwou Deputéiert vum US-Kongress, d‘Rashida Tlaib an Ilhan Omar dierfen net an Israel areesen, well si sech sollen antisemitesch geäussert hunn. Si sinn déi éischt moslemesch Deputéiert am US-Kongress an zielen zu den Ënnerstëtzer vun der internationaler Campagne „Boycott, Disvestment an Sanctions“ (BDS) déi sech d‘Politik vum Staat Israel wennt.

Säit 2017 huet sech Israel dann e Gesetz ginn, mat deem Unhänger vun dëser Campagne d‘Arees verweigert ka ginn. Déi israelesch Ausseministesch Zipi Chotoveli ass däitlech: „Wien onst Existenzrecht an der Welt ofschwätzt, deem wäerte mir d‘Arees net erméiglechen“. Natierlech huet och de Ministerpresident Benjamin „Bibi“ Netanyahu d‘Entscheedung kommentéiert.

An engem Tweet huet hien d‘Entscheedung domatter begrënnt, datt sech béid demokratesch Deputéiert am US-Kongress fir Gesetzer zum Boykott vun Israel asetzen. Sënn an Zweck vum Besuch vun de palestinenseschen Territoire wier et, Israel Schued zouzefügen, firwat den Inneminister entscheet huet déi Visite net zouzeloossen. Wat hien als Ministerpresident ënnerstëtzt.

Wie sinn déi Dammen?

D‘Ilhan Omar an d‘Rashida Tlaib hunn sech scho méi oft dem Virworf, antisemitesch Äusserunge gemaach ze hunn missen erwieren. Woubäi ze bemierken ass, datt generell „Kritik“ gären als rassistesch Äusserung verkläert gëtt. Och wann ee verstoe kann, datt hei d‘Grenzen oft fléissend sinn an, jee nodeem wat, wéi a wou gesot gëtt, et net ëmmer weess op et nach „Kritik“ ass.

Esou hat d‘Ilhan Omar 2012 getwittert: „Israel huet d‘Welt hypnotiséiert, Gott soll d‘Mënsche wakereg rëselen an hinnen hëllefen déi béis Dote vun Israel ze gesinn“. Ugesiichts der Aart a Weis wéi déi israelesch Regierung de Bau vun illegale Siidlungen op palestinenseschem Territoire fërdert an och soss Palestina drun hënnert déi eege Ressourcen ze notzen: Kritik oder Staatsfeindlech?

Déi Deputéiert huet dann och spéiderhin Israel als „Apartheidregime“ bezeechent. Och dat kéint een esou als Kritik am Raum stoe loossen. Grondsätzlech awer setzt sech d‘Ilhan Omar fir eng Zweestaateléisung an. Déi Deputéiert huet sech an der Wahlcampagne 2018 dann och vum BDS-Mouvement kloer distanzéiert. Mee déi engagéiert Damm ass och dem Milliardär säin Albdram…

Anescht verhält et sech beim Rashida Tlaib. Dem Rashida Tlaib seng Elteren si Palestinenser an et ënnerstëtzt de BDS-Mouvement. Si huet – a ganz verkéiert ass et net – d‘Liewen an Israel rhetoresch mat der ethnescher Trennung vun de schwaarzen a wäisse Bierger an den US-Südstaaten verglach: „Getrennt ‚awer gläich‘ dat kann net funktionéieren“, esou d‘Rashida Tlaib.

Wat wëllen si an Israel?

Déi zwou Dammen haten sech virgeholl, iwwert de Weekend Israel an déi besate Gebidder ze besichen. Dozou gehéiert eng Visitte vum Tempelbierg zu Jerusalem. Eng vun dëse Plazen déi de Palestinenser a Judde gläichermoossen „helleg“ ass. Si wollten dës Visite a Begleedung vu palestinensesche Vertrieder maachen, an uschléissend Betlehem, Hebron a Ramallah besichen.

Interessant an dësem schonn aussergewéinleche Fall: den israeleschen Ambassadeur an den USA, Ron Dermer, hat am Virfeld ugekënnegt, datt säi Land dëse „Besuch“ géif zouloossen. Hien huet dat domatter begrënnt, datt et dem Respekt geschëlt wier, den Israel fir d‘USA hunn. Deen dierft och net domatter gerechent hunn, datt sech de Locataire aus dem Wäissen Haus géif amëschen…

An deen huet sech net genéiert an nees eng diplomatesch Glanzleeschtung op de Parquet geluecht. Esou wéi et nu emol seng Aart ass, huet den Donald Trump en Appell un déi israelesch Regierung geriicht, dach wann ech gelift net an d‘Land eranzeloossen. Géif Israel dëse Fraen d‘Arees an dat „hellegt Land“ erlaben, wier et en däitlecht Zeeche vu Schwächt. An dat héiert een do net gären.

Natierlech bleift de Milliardär net ënnerwee halen. Eng Kéier lancéiert, ass den Donald Trump net méi ze bremsen, an op Twitter liest een dann: „Si haassen Israel an all Judden. En et gëtt näischt wat ee soen oder maache kann, fir hir Haltung ze änneren. Si sinn eng Schan“. Woubäi dëse beholl net nei ass, an de leschte Wochen huet hie béid Dammen ëmmer nees attackéiert a beleidegt.

Déi zwou Deputéiert wieren „antisemitesch“ esou seng Leier. Doriwwer eraus hat hie béid Damme mat zwou aneren Deputéierten opgeruff an hir vermeintlech Heemechten zréckzegoen. Woubäi si alleguerte selbstverständlech US-Biergerinne sinn, mee am Wahlkampf kann sech de Milliardär net mat onwiesentlechen Detailer ofginn an seng Fans gelëschten no esou populistesche Rieden

mat indymedia/tlv/was

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Donald Trump, Ilhan Omar, Israel, Rashida Tlaib
Nächsten Artikel Virrechten Artikel