Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech
International Neiegkeeten

Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech

Vir 2020 huet Europa, an domat och Lëtzebuerg, sech a

De Statec mat neier Etüd zum demographesche Wandel
International Neiegkeeten

De Statec mat neier Etüd zum demographesche Wandel

En Donneschdeg huet de Statec en neie Rapport zur demographescher

Texas: ACLU fuerdert Fräiloossung vu mannerjäregem Meedchen
International Neiegkeeten

Texas: ACLU fuerdert Fräiloossung vu mannerjäregem Meedchen

D‘Affekote vun engem 10 Joer jonke Meedchen, dat keng „Pabeieren“

„Big Mike“ setzt ee Kappgeld aus

10 Milliounen US-Dollar fir d‘Verhaftung vun all Auslänner deen an d‘Presidentschaftswahle vun November agräift

„Big Mike“ setzt ee Kappgeld aus

Den US-Ausseminister Mike Pompeo huet ugekënnegt, datt d‘US-Regierung jidderengem eng Belounung vun 10 Milliounen US-Dollar vergënnt, deen derzou bäidréit, datt Auslänner déi an d‘Wahle vu November „agräife“ géifen, vun der Police kënne verhaft ginn.

Fir den Ausseminister an eigentlech de ganze Rescht vun der Regierungsekipp ass et wichteg d‘Leit ze ermonteren d‘Oueren an d‘Aen opzehalen, well all Kand weess: d‘Welt ass schlecht an kee vergënnt den USA d‘Roll als éischt Natioun vun der Welt. Dofir ginn d‘Patrioten an därer déi der gäre wëlle sinn opgeruff, vigilant ze sinn a méiglechst enk mat den Autoritéiten ze kooperéieren.

Wiem „illegal Cyberaktivitéiten“ opfalen, soll sech direkt an ouni grouss nozedenke mat der US-Regierung oder der nächstgeleeëner US-Ambassade a Verbindung setzen, a dës verbriecheresch Aktivitéiten denoncéieren. De Programm „Rewards for Justice“ erënnert ee bëssen un de Wëlle Westen, wou d‘Kappgeldjeeër sech d‘Brigangen „Dout oder Lieweg“ gekroopt hunn…

De Programm vun der Belounung zur Ergräifung fir vun der US-Justiz gesichte Persounen ass awer elo keng Erfindung vum Mike Pompeo oder sengem Mentor Donald Trump. De Service „Rewards for Justice“ gëtt et zanter 1984, also eppes iwwer dräi Joerzéngten, an hei goufen eppes iwwer 150 Milliounen un eng ronn 100 Informanten am In- an Ausland ausbezuelt. Geld ass ee gutt Motiv.

Elo ass et der Vollstännegkeet wichteg drop hinzeweisen, datt de gesamte Kongress an esou och folgerichteg d‘Demokraten, sech de leschte Mount immens besuergt gewisen hunn, well et vum Ausland massiv Desinformatiounscampagne géif ginn, déi eenzeg zum Zweck hunn, déi fir den November virgesi Presidentschaftswahlen ze „stéieren“. Besonnesch déi béis Russe stinn am Fokus.

US-DollarAn déi solle jo och erfuere sinn, wann et drëms geet d‘Wahlen an den USA ze beaflossen. Schonn 2016 hätten dem Kreml seng „Bits & Bytes“ Jongleure massiivst Afloss op d‘Wahle geholl fir dem Donald Trump seng Wal ze favoriséieren. Informatik-Piraten aus Russland sollen agesat gi sinn, fir d‘Hillary Clinton aus dem Verkéier ze zéien an iwwer d‘Sozial Netzwierker d‘Leit ze beaflossen.

Moskau huet dës Beschëllegungen ëmmer vu sech gewisen an och wann d‘US-Geheimdéngschter nach leschte Februar vu „russeschen Interferenzen“ gebraddelt hunn, bis haut bleiwen si der Welt an der US-Justiz all Beweiser schëlleg. Et ass wuel richteg, datt een dem Vladimir Putin zoutraue kann och dëst Joer „Afloss“ ze huelen, fir den Trump un der Muecht ze halen, mee onwahrscheinlech.

Elo ass et net manner richteg, datt de Showmaster derbäi d‘Gonscht vu senge Wieler ze verléieren. Hien hat de Mënsche Jobs a Räichtum versprach, um Enn ass et eng Rezessioun déi hinnen 2020 als „Thanksgiving“ Menü ugebuede gëtt. Et bréicht do schonn eppes méi wéi eng Internetcampagne fir dem Donnie en zweet Mandat ze sécheren, well keen desinforméiert besser wéi de President selwer.

Den Donald Trump ass ee Ligener, misogyn an homophob, e Rassist virum Här an ee Provokateur wéi d‘Welt kee brauch. Hien huet weder am Kontext vun der Covid19-Pandemie, nach dem US-wäite Protest géint den institutionaliséierte Rassismus an d‘Policegewalt geglänzt. Seng idiotesch Mauer kascht e Verméigen an d‘Herrschaft vum Weltraum ze iwwerhuelen, ass net friddensstëftend.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Cybercrime, Influencer, Mike Pompeo, Reward for Justice, Sozial Netzwierker, US-Ausseministère, US-Wahlkampf 2020, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel