Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Virun 72 Joer gouf d‘Groussmamm vum Punk gebuer
International Neiegkeeten

dating jakarta indonesia

Si ass eng Ikon vun der Fraebewegung, a gëtt als

good intro lines for dating sites
https://moien.lu/hook-up-with-pregnant-girl/
International Neiegkeeten

D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet e Freideg säi Bulletin publizéiert,

Pipo Peng: Tutebatti
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Tutebatti

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

US-Dron un der iranescher Küst ofgeschoss

Pentagon dementéiert Grenzverletzung an de Milliardär behaapt alles ënner Kontroll ze hunn

US-Dron un der iranescher Küst ofgeschoss

US-Dron

D‘Amerikaner schécken eng Dron iwwert den Iran fir ze spionéieren a wann déi dann ofgeschoss gëtt, beschwéieren si sech. Esou geet een awer och net mam Feind senge Spillsaachen ëm…

Nom Ofschoss vun enger US-Dron iwwert iraneschem Territoire, eskaléiert de Sträit tëscht den USA an dem Iran. Washington huet den Ofschoss bestätegt an als „net provozéierten Ugrëff“ veruerteelt. Centcom behaapt sech zudeem drop, datt hire befligelte Spioun (eng RQ-4A Global Hawk) an der Strooss vun Hormuz, also am internationale Loftraum, ofgeschoss gi wier.

US-Dron

Vun den iranesche Revolutiounsgarde war den Ofschoss gemellt ginn. De Generol Hossein Salami: „D‘Grenze sinn eis rout Linn. Mir sinn net op e Krich eraus, mee wäerten eis dem Géigner stelle wann hien eis iwwerfält.“ D‘Amerikaner haten dës Meldung dann awer emol dezent „dementéiert“ a sech ganz iwwerrascht gewisen, well si keng Dron an dësem Gebitt am Asaz haten…

Dann awer, schliisslech gëtt et am Himmel méi Ae wéi nëmmen därer déi Washington gefälleg wieren, huet Centcom d‘Méiglechkeet vun der Presenz an Erwägung gezunn an uschléissend och bestätegt. Dat dann awer mat enger ganz eegener Versioun vun Dothiergang. D‘Dron wier net iwwer iraneschem Gebitt gewiescht a wier agesat gi fir d‘Tanker am Golf vun Oman ze schützen.

Et brauch een eng Rechtfäerdegung…

Wat d‘Amerikaner den Ament do bedreiwen ass extrem geféierlech an et stellt sech d‘Fro, wéi sécher sech den Donald Trump ka sinn, datt seng Bierger e Krich géint déi islamesch Republik géifen ënnerstëtzen. Ëmmerhin ass de Milliardär am Wahlkampfmodus an alles wat d‘USA an der Welt nees „grouss ka maachen“ – dozou gehéiert och e Krich – gëtt ganz onbekëmmert agesat.

US-Dron

Dem Donald Trump seng Unhänger sinn och zimlech erfreet iwwert déi „haart Wierder“, déi him ëmmer esou galant iwwert d‘Lëpse ginn. Un Dreeunge géintiwwer Teheran an den Ajatollahe feelt et net, jo den US-President huet hinnen déi total Vernichtung versprach. Dobäi ass dat eigentlech den Iraner hir Rhetorik. Mee bon, de Milliardär huet säin eegene Kapp a seng eege Wourecht.

An natierlech kann et net ugoen, datt en US-President agesteet eng amerikanesch Dron hätt sech enger Grenzverletzung schëlleg gemaach. Hie verleet reng prophylaktesch dausend zousätzlech Zaldoten an de Noen-Osten, verkeeft dem iraneschen Äerzfeind Saudiarabien nëmme Krichsmaterial zur Verdeedegung a verhënnert all Enquête zu Mënscherechtsverletzungen aus Humanitéit.

…wann een den drëtte Weltkrich ausléist

Interessant – a vum Donald Trump als Fake-News verkläert – datt d‘Kollege vun der New York Times „aus gesécherter Quell“ wëssen, datt de Milliardär als Reaktioun op den Ofschoss vun der Dron, senge Generäl erlaabt soll hunn Géigeschléi géint d‘Ajatollahen ze fléien, fir dat dann awer nees séier ofzeblosen. Dofir verhänken US-Autoritéiten e Fluchverbuet iwwert dem persesche Golf.

US-Dron

Laut der New York Times, sollt et e Vergeltungsschlag sinn. D‘Schëffer vun der US-Armada waren entspriechend positionéiert ginn, an d‘Kampffliger schonn an der Luucht. Et ass elo net gewosst, wat zum Ofbroch vun der Missioun gefouert huet an ob et sech net eventuell ëm eng Verzögerung handelt. Et heescht den Trump hätt mat senge Beroder a Vertrieder vum US-Kongress Stress gehat.

Et géif awer Sënn maachen e Krich géint den Iran auszeléisen. Vill US-Presidenten hunn hiert zweet Mandat engem bewaffente Konflikt ze verdanken. Zudeem huet den US-Militärkomplex en zolidd wirtschaftlechen Interessi un all Aart vu Konflikt. Woubäi et deenen zimlech egal ass wou dësen ausgedroe gëtt. Vu Bréissel aus huet de Macron d‘Amerikaner opgeruff roueg ze bleiwen…

mat indymedia/mow/nyc

Foto: (Archiv 2014) © U.S. Air Force photo/Staff Sgt. Andy M. Kin

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Iran, Provokatioun, US-Dron, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel