Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalfeierdag 2019: Déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie
International Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2019: Déi offiziell Zeremonie an der Philharmonie

Den Optakt vun de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag huet gëschter déi

Rassemblement vun de Frënn vun ale Militärgefierer
International Neiegkeeten

Rassemblement vun de Frënn vun ale Militärgefierer

Et war dëst Joer schonn déi néngten Editioun vum internationalen

Éisträichesche Kanzler wënscht sech eng Reform vun der EU
International Neiegkeeten

Éisträichesche Kanzler wënscht sech eng Reform vun der EU

Nodeems schonn de franséische President Emmanuel Macron am Mäerz „seng

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden

Palestinenserpresident Mahmoud Abbas wéist trumpschen Noost-Plang entschidden zréckgewisen

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden

Am UN-Sécherheetsrot zu New York war gëschter dee vum Donald Trump entworf a gefërderte Friddensplang „Peace to Prosperity“ Géigestand vun enger „Berodung“, déi sech opgezwongen huet, nodeems den Inhalt bekannt war, d‘Palestinenser de Projet zréckgewisen, an och déi arabesch Liga an d‘EU-Kommissioun hirer Kritik fräie laf gelooss hunn.

Virum UN-Sécherheetsrot huet de Mahmoud Abbas dann och den trumpschen Noost-Plang op en neits mat däitleche Wierder zréckgewisen. „Dëse Plang wäert der Regioun kee Fridden a keng Stabilitéit bréngen an dowéinst wäerte mir dësen och net unhuelen. Dëse Projet stellt déi legitim Rechter vun de Palestinenser a Fro“, esou de Palestinenserpresident.

An dat versteet sech u sech och vum selwen. E palestinensesche Staat ouni Ostjerusalem als Haaptstad an engem Gebitt, datt alles vun engem Schwäizer Kéis, net awer vun engem Land mat zesummenhängende Bezierker huet, kann net als „Akzeptabel“ betruecht ginn. Doriwwer eraus, sinn am Friddensplang onméiglech Konditiounen enthalen.

Fridden ëm all Präis?

Elo huet de Mahmoud Abbas gëschter awer nach emol betount, datt hien a seng Regierung ëmmer un engem gerechte Fridden interesséiert sinn, an hien dann och eng international Friddenskonferenz gefuerdert, woubäi d‘USA als Vermëttler auszeschléisse sinn, wat ugesiichts de bekannte Fakten an dem Milliardär senger Bezéiung zu Israel verständlech ass.

D‘Situatioun am Noen-Osten ass méi wéi „iwwerspaant“ an de Palestinenserpresident huet betount, datt säi Vollek sech géint Gewalt an Terrorismus ausgeschwat huet, awer net bereet ass dofir déi eege Fräiheet opzeginn. „Ech si bereet fir Verhandlungen. Ech war ëmmer bereet fir Verhandlungen an ech si bereet elo direkt hei bei der UN ze bleiwen an lasszeleeën“.

FriddensplangA während de Mahmoud Abbas zu New York säi Leed geklot huet, hunn se am Westjordanland zu Dausende géint den amerikanesch-imperialistesche Friddensplang demonstréiert. Si hu sech virun der Zentral vun der palestinensescher Selbstverwaltung op der al-Manara Plaz zu Ramallah zesummefonnt fir hirem President de Réck ze stäipen an de Plang ze veruerteelen.

Esou gëtt dat näischt

Dem Milliardär säi Plang, deen eigentlech just drop hin ziilt dat palestinensescht Vollek voll a ganz ënnert d‘Kontroll vun Israel ze stellen, an deenen och nach „verbuede“ gëtt sech un international Institutioune wéi den internationale Geriichtshaff zu Den Haag ze wennen, gouf déi lescht Woch vum Jared Kushner, dem Trump säin Eedem, vum UN-Sécherheetsrot verdeedegt.

Tunesien an Indonesien (déi elo mat Sanktioune säitens Washington rechne mussen) haten sech fir d‘Palestinenser agesat an d‘Sëtzung aberuff. Dat ass méiglech well si am Gremium sëtzen. Béid Länner hunn zudeem am Numm vun de Palestinenser eng Resolutioun ausgeschafft, mat där déi geplangten Annexioun vu jiddesche Siidlungen am Westjordanland denoncéiert ginn.

FriddensplangDoranner heescht et: „D‘Initiativ déi den 28. Januar 2020 virgestallt ginn ass, distanzéiert sech vun de Grondsätz, déi international begréisst ginn. Si distanzéiert sech vun de Grondsätz, déi de Konflikt op gerecht, ëmfaassend an eng nohalteg Aart a Weis léise sollen. Grondsätz déi an de Resolutioune vun de Vereenten Natioune verankert sinn“.

Washington bedreet

Esou e Passus an enger Resolutioun geet duer fir dem Donald Trump d‘Gloscht um beschte Menü aus der McDonald-Kollektioun ze verdierwen. Entspriechend aggressiv an onverhuelen hunn dem Milliardär seng traureg Gesellen op d‘Membere vum Sécherheetsrot Drock gemaach. Woubäi d‘USA sech hei eigentlech op hir Wirtschaftspartner verloosse kënnen.

Verständlech datt, wann ee bis weess datt d‘Majoritéit vun der Länner déi am UN-Sécherheetsrot vertruede sinn sech enthale wëllen, et wéineg Sënn mécht iwwert eng Resolutioun ofstëmmen ze loossen. D‘Palestinenser hunn dann och net insistéiert an hir Fuerderung zréckgezunn. Domatter ginn d‘Palestinenser alt nees an enger kritescher Phas eleng gelooss.

FriddensplangInteressant awer ass de Fait datt esouwuel Israel wéi Palestina Kritik um däitsche Verhale bei der Ofstëmmung ausgedréckt hunn. Vun dëse war gewosst, datt si sech géifen enthalen, sollt et zum Vott kommen. Berlin dementéiert zwar uerdnungsgemäss net vun den USA bedrängt ginn ze sinn, mee wéinst de Palestinenser wëll ee sech elo och net op Diskussiounen aloossen.

mat indymedia/nyc

Foto: „Et ass net den Deal vum Joerhonnert, et ass den Déifstall vum Joerhonnert“, esou de Mahmoud ass zu New York um Sëtz vun de Vereenten Natiounen. © UN

Ähnlech Sujeten Friddensplang, Israel, Palestina, Resolutioun, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel