Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?
International Neiegkeeten

Stellt Madrid Katalounien nees ënner Momper?

De spuenesche Regierungschef huet um Méindeg déi katalanesch Independantiste gewarnt,

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
International Neiegkeeten

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus

Se hunn sech Zäit geholl zu Wolfsburg, iert se dem

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?
International Neiegkeeten

Gëtt duerch e séieren Tram op Esch Loundumping a Konkurrenz zur CFL bedriwwen?

Während den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) säi Projet vum

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert

Republikaner an Demokraten si sech „grondsätzlech“ eens

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert

„Nach emol gutt gaangen“ mussen sech d‘Salariéen an d‘Aarbechter vun der Regierung gesot hunn, wéi si gëschter Owend héieren hunn, datt sech Republikaner an Demokraten am US-Kongress op Grondsätzleches eenege konnten, an esou e weidere Shutdown fir d‘éischt emol ofgewiert ka ginn.

Iwwer Wochen hu se sech an den Hoer geleeën, et ass Verbal duerchaus ënnert de Rimm gefacht ginn, an awer wëssen se, datt schonn am Interessi vun der Natioun a senge Bierger, eng Eenegung muss fonnt ginn. A Während mir an Europa gutt geschlof hunn, sollen sech d‘Verhandlungspartner vun de Republikaner an den Demokraten op „Grondsätzleches“ gëeenegt hunn.

Shutdown

Esou huet CNN de republikanesche Senateur aus Alabama, Richard Shelby zitéiert, dee géintiwwer de Medien eng Eenegung bestätegt huet. Also eigentlech eng gutt Nouvelle, déi sech allerdéngs vu selwer relativiséiert, well do muss elo och nach den Tockskapp aus dem Wäissen Haus matmaachen an dat ass net esou einfach. Den Donald Trump wëll nach ëmmer seng Mauer…

Zu dëser Mauer, déi d‘USA vu Mexiko ofschotte soll, a gläichzäiteg och déi kriminell an drogéiert Migranten aus Süd- a Mëttelamerika zréckweise kann, ass eigentlech alles gesot. An awer huet de Milliardär déi Mauer senge Leit versprach, a verlaangt och weiderhi vum Kongress 5,7 Milliarden US-Dollar fir se ze bauen. Woubäi hien se net méi iwwert déi ganz längt „muss“ opriichten…

Shutdown

Fir den éischten US-President an der kuerzer Geschicht vun der gréisster a mächtegster Natioun op Äerden, deem et gelongen ass nees Vollbeschäftegung a Kafkraaft anzeféieren, sech fir de Fridden am noen Oste generell, an tëscht Israel a Palestina am besonneschen asetzt, an e grousse Frënd vun der Souveränitéit an dem internationale Recht ass, ass ouni Mauer Amerika ongeschützt.

Dat gesinn d‘Demokraten eppes anescht, an et waren och net si, déi domatter ugefaangen hunn. Et koum wéi net anescht ze erwaarden zum Clash, an zum längste Shutdown (Haushaltsspär), well ouni d‘Zoustëmmung vun den Demokraten, gëtt et weder eng Mauer, nach iwwerhaapt e Budget. Déi Enn Januar erziilten Eenegung fir en Iwwergangsbudget, geet de 15. Februar op en Enn.

Shutdown

Esou halen d‘Salariéeë vun der Regierung den Ament den Otem un, an et dierft an hirem Ëmfeld vill iwwert d‘Verhale vum Donald Trump diskutéiert ginn. Stëmmt dat Wäisst Haus der, tëscht de Republikaner an den Demokrate fonnten Eenegung net zou, géif sech de Milliardär géint déi eege Fraktioun am Kongress wennen. Kléngt elo verréckt, mee datt ass dësem US-President zouzetrauen.

mat indymedia/was

Foto: Republikaner an Demokraten si sech grondsätzlech eens, elo läit et um Donald Trump op de Sträit beim Staatsbudget nach ka bäigeluecht ginn. © Steven Denis (im-w)

Ähnlech Sujeten Budget, Demokraten, Donald Trump, Haushaltsspär, Republikaner, Shutdown, US-Kongress, Wäisst Haus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel