Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot
International Neiegkeeten

Eng grouss Dagesuerdnung fir de Regierungsrot

E Freideg hat et nees eng Sëtzung vum Regierungsrot ënnert

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
International Neiegkeeten

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“
International Neiegkeeten

Stock-Car: Prächtege Saisonoptakt fir déi Diddelenger „Roud Däiwelen“

Päischtméindeg ass fir déi eng den Dag vum Gënzefest a

US-Investigatiounsjournalist vu Brasilien ugeklot

Glenn Greenwald am Viséier vun der Justiz

US-Investigatiounsjournalist vu Brasilien ugeklot

Den amerikaneschen Investigatiounsjournalist Glenn Greenwald ass vum brasilianesche Parquet ugeklot ginn. D`Websäit The Intercept, déi de Greenwald matgegrënnt huet, zitéiert aus privaten Noriichte vu Beamten. De Virworf: dës solle gehackt gi sinn.

De Greenwald soll Deel vun enger krimineller Organisatioun sinn an ass wéinst Cyber-Kriminalitéit ugeklot, esou déi brasilianesch Justiz. Mat Hëllef vun enger Hackergrupp soll hie sech Zougrëff op Handyen vum brasilianesche Justizminister Sergio Moro souwéi Ermëttler an der Korruptiounsaffaire „Lava Jato“ verschaf hunn.

Pikant Detailer aus Handynoriichten

Wéi de brasilianesche Parquet matdeelt, war de Greenwald net vun Ufank un am Viséier vun der Justiz. No weideren Ermëttlungen ass hien allerdéngs ee vu siwen Ugekloten an dësem Fall. Lescht Joer gouf an engem Bericht iwwert de Korruptiounsskandal „Lava Jato“ op The Intercept aus gehackten Handynoriichten zitéiert. Bei dësen Noriichten ass den Androck entstanen, datt Riichter a Parquet sech bei den Ermëttlunge géint de fréiere President Lula da Silva illegal ofgeschwat kéinten hunn. Nodeems de Lula fir kuerz Zäit op fräiem Fouss war, sëtzt hien elo awer nees am Prisong.

Duerch dem Lula seng Verhaftung ass de Wee fir de Jair Bolsonaro als neie Präsident 2018 fräi ginn. Pikant dobäi ass, datt de Lula an de Sondagen awer virum „Tropen-Trump“ louch.

Déi brasilianesch Police hat deemools déi selwecht Beweiser géint de Greenwald iwwerpréift, awer kee Feelverhalen op senger säit fonnt. Zudeem goufe weider Ermëttlunge géint de Greenwald an dësem Zesummenhang spéiderhin vum Ieweschte Geriichtshaff ënnersot.

Pressefräiheet op en Neits ugegraff

Als schaarfe Kritiker vum Bolsonaro a senger Regierung deit de Greenwald dës Aktioun als kloere Versuch, sech un der fräier Press wéinst den Enthüllungen ze revanchéiren. Et géif ee sech allerdéngs net vun der Regierung aschüchtere loossen, esou de Greenwald op „The Intercept“.

Greenwald

mat indymedia/ccs/nyc

Foto: © The Intercept (courtesy)

Ähnlech Sujeten Brasilien, Glenn Greenwald, Jair Bolsonaro, Justiz, Pressefräiheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel