Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass eng Katastroph wéi zu Genua och zu Lëtzebuerg méiglech?
International Neiegkeeten

park hyung sik and park bo young dating rumors

No der Katastroph vu Genua, wou de Viaduc Morandi, gebaut

https://moien.lu/why-are-scott-and-tessa-not-dating/
is the bachelor dating lauren
International Neiegkeeten

FIFA-WM: Washington mécht Stëmmung géint Russland

„Passt op är Handyen an är Computer oder Tabletten op,

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt
International Neiegkeeten

Ungarn verweigert sech dem UN-Migratiounspakt

Ungarn ass géint den UN-Migratiounspakt, deen am Dezember a Marokko

US-Mëttelstreckerakéite fir Asien

No der Opkënnegung vum INF-Ofkommes sollen esou séier wéi méiglech Waffesystemer an Asien opgestallt ginn

US-Mëttelstreckerakéite fir Asien

Ass et nëmmen eng „Warnung“ u Peking oder schonn Deel vum US-Oprëschtungsprogramm? Et ass zumindest eng vun de Konsequenzen, déi mat der Kënnegung vum INF-Ofkommes an Zesummenhang ze brénge sinn. Den Donald Trump hat dësen am Februar opgekënnegt, well sech Moskau net méi un de Vertrag gehale soll hunn.

Den INF-Accord ass den 1. August offiziell op en Enn gaangen, an et huet keng 48 Stonne gedauert do huet d‘US-Regierung ugekënnegt, datt et esou séier wéi méiglech zur Stationéierung vu Mëttelstreckerakéiten an Asien komme soll. Den US-Verdeedegungsminister Mark Esper huet de Journalisten, déi hien um Wee no Australien begleeden, de „Projet“ bestätegt.

Wou déi amerikanesch Waffesystemer sollen opgestallt ginn, dat konnt oder wollt de Minister dann net soen. Hien huet awer ënnerstrach, datt esou Programmer oft méi laang wéi erhofft brauchen. Et misst ee sech zudeem mat senge Partner beroden. D‘Stationéierung am asiatesche Raum vu Rakéite mat grousser Reechwäit? Dat dierft zu Peking fir Ierger a Kappzerbrieches suergen.

De Mark Esper geet allerdéngs net dovunner aus, datt déi chinesesch Regierung vun dësem Schratt iwwerrascht ass. Laut sengem Kenntnisstand, géifen 80% vum chinesesche Rakéitenarsenal aus Waffesystemer bestoen, déi ënnert den INF-Accord gefall wieren. „Et muss also net verwonneren, datt mir déi selwecht Kapassitéite wëllen hunn“, esou den US-Verdeedegungsminister.

Vu laanger Hand geplangt

A wa Washington den Accord gekënnegt huet, well d‘Russe géint dëse verstouss hunn, esou ass dat net déi eenzeg Erklärung. D‘USA selwer hunn den Accord éischter als „Behënnerung“ betruecht firwat si dann och 2017 ugefaangen haten, nei, mobil a landbaséiert Mëttelstreckerakéiten ze entwéckelen. Elo wou d‘Ofkommes „Geschicht“ ass, géif de Rhythmus erhéicht.

Vum Pentagon heescht et, datt en neie landgestëtzte Waffesystem bannent 18 Méint asazbereet ka sinn. Bei dëse Mëttelstreckerakéite soll et sech ëm eng Variant vum „Séi-Loft“ Marschfluchkierper „Tomahawk“ handelen. Weider heescht et, datt fir de bau vun neie ballistesche Rakéiten, déi eng Reechwäit vu bis zu 4.000 Km sollen hunn, eng fënnef Joer berechent goufen.

Erënnere mir nach drun, datt den INF-Ofkommes nëmmen d‘Russen an d‘USA derzou verflicht hunn, op de Bau, d‘Entwécklung an d‘Stationéierung vu landgestëtzte Rakéite mat grousser Reechwäit ze verzichten. Dat war zu Zäite vum kale Krich als „Sécherheetsgarantie“ fir Europa verkläert ginn. China war ni Bestanddeel vun dësem Accord…

Foto: Den US-Verdeedegungsminister Mark Esper huet de Journalisten um Fluch op Sydney eppes iwwert d‘Zäit nom INF-Accord erzielt. © Min of Defense

Ähnlech Sujeten INF-Accord, Mark Esper, Pentagon, US-Mëttelstreckerakéite, US-Verdeedegungsminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel