Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Road Trip-Projet: Nächsten Halt Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

De Road Trip-Projet: Nächsten Halt Lëtzebuerg

Tëscht dem 29. August an dem 29. September bréngt de

Mahle a Mahle-Behr ginn hirer Wee
International Neiegkeeten

Mahle a Mahle-Behr ginn hirer Wee

Am gemeinsame Communiqué vun ee Méindeg, hunn d‘Gewerkschaften, LCGB an

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart
International Neiegkeeten

D‘ULC weist der Regierung déi donkelgiel Kaart

Konsumenteschutz: keng mince Affäre! Et war eng memorabel Generalversammlung déi

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint

US-Midterm Elections: De Barack Obama stellt sech de Republikaner entgéint

E Freideg huet de Barack Obama d‘Schweige vun de Republikaner, géintiwwer dem Beholl vum Donald Trump denoncéiert. An engem behäerzegten Discours, mat deem d‘Demokrate solle fir d‘Wahle mobiliséiert ginn, huet sech de fréieren US-President net mat der Kritik zréckgehalen.

„Wat ass mat de Republikaner geschitt?“, freet aus dem Illinois de 44. US-President, a stigmatiséiert déi „Volleksvertrieder“ wou sech mat „schwammegen Deklaratioune vum Trump distanzéieren, wann dësen sech skandaléis behëlt“.

„Si hëllefe kengem andeems si 90% vun den onsënnege Saachen, déi aus dem Wäissen Haus ervirkommen a soen: Maacht iech keng Suergen, mir verhënneren déi 10% déi iwwreg bleiwen“, esou de Barack Obama, dee säin Nofolger beschëllegt „d‘Angscht ze kapitaliséieren“.

Eng oppe Konfrontatioun

War de Barack Obama säit sengem Depart aus dem Wäissen Haus am Januar 2017 laang „Diskret“, esou huet hien elo ganz kloer d‘Absicht sech an de kommende Wahlkampf anzemëschen.

Dee Mann wou sech bis ewell mat Attacke géint de Milliardär zréckgehalen huet, huet aus dem Illinois – dee Staat deen hien am Senat vertrueden huet, iert hien zum US-President gewielt gouf – entscheet „d‘Händchen auszedoen“.

De 57 järegen huet sech op déi „mouvementéiert“ Woch vum Donald Trump bezunn, an d‘Iddi denoncéiert, no där „alles wäert gutt ginn“ nëmme well et Leit am Wäissen Haus gëtt, déi am geheimen net dem Donald Trump seng Uerder befollegen.

„Et ass net esou wéi eis Demokratie soll funktionéieren!“ betount de Barack Obama mat enger Uspillung op déi rezent Revelatiounen, déi den Investigatiounsjournalist Bob Woodward an engem Buch gemaach huet. Hei gëtt den Trump als e cholereschen an ongebilte Personnage beschriwwen dee vun der eegener Mannschaft ëmgaange gëtt, fir dat schlëmmst ze verhënneren.

Beonrouegt iwwert eng Administratioun, déi d‘Allianze vun den USA schwächt an sech Russland ubiedelt, huet de Barack Obama och déi stänneg Ugrëff vum Donald Trump op d‘Onofhängegkeet vun der Justiz an der Pressefräiheet, schaarf veruerteelt.

Iwwerzeegungsaarbecht

Nodeems de Barack Obama ee ganz däischtert Bild vun der politescher Situatioun an Amerika gezeechent huet, huet hien och seng Hoffnung zum Ausdrock bruecht, déi vun der aktueller Mobiliséierung ausgeet.

An trotz der „schwiereger politescher Lag“ am Land, wëll de Barack Obama „en erwäche vun de Bierger am Land“ erkennen. Hie riicht dann och en Appell un all d‘Demokraten am Land, sech un de (Midterm) Wahle vum November ze bedeelegen.

„Dir musst wielen, well eis Demokratie dovunner ofhänkt“, esou de fréieren US-President. „Wann dir mengt datt d‘Wahlen net wichteg sinn, dann hoffen ech, datt iech déi zwee lescht Joer engem bessere beléiert hunn. (…) Dir musst méi maache wéi Hashtags an de sozialen Netzwierker ze deelen, dir musst wiele goen“.

De Barack Obama huet sech da gewonnert, datt säin Nofolger sech all d‘Verdéngschter vum sougenannten „amerikanesche Wirtschaftswonner“ zousprécht. „Wann dir héiert wéi gutt et der Wirtschaft geet, da sollte mir eis och drun erënnere wéi dësen Opschwong ugefaangen huet“.

Bedreeten Demokratie

Et geet bei de Wahle vum 6. November ëm d‘Zukunft vum Land an senge Bierger. Déi 435 Sëtz vum Representantenhaus musse besat ginn, en Drëttel vun de Mandater am Senat, an a 36 Staaten ginn nei Gouverneure gewielt.

Zwee Méint virun de Walen, erkennen d‘Prognosen eng „Blo Well“, an d‘Republikaner, déi aktuell d‘Muecht am Kongress hunn, schéngen net iwwerzeegt ze sinn, d‘Representantenhaus „halen“ ze kënnen.

Fir de Barack Obama, ass den Donald Trump nëmmen de „Symptom“ vun enger déiwer a geféierlecher Kris. Eng Form vun der Ofnäipung géintiwwer der Politik, déi d‘Fundamenter vun der Demokratie an der Politik op d‘Spill setzt. „Déi gréisste Gefor fir eis Demokratie ass net den Donald Trump (…) et ass d‘Gläichgëltegkeet an den Zynismus“.

Den ex-President, dee bis ewell de gréissten Deel vu senger Zäit fir d‘Redaktioun vu senge Memoiren, an d‘Grënnung vu senger Stëftung zu Chicago opgewannt huet, wäert – zumindest temporär – an de nächste Wochen nees d‘Bühne vum Wahlkampf betrieden.

Um haidege Samschdeg ass de Barack Obama a Kalifornien, de nächsten Donneschdeg am Ohio. Och seng Fra Michelle, déi nach ëmmer ganz populär ass, huet sech virgeholl „anzegräifen“. Si gëtt Enn September zu Las Vegas an zu Miami erwaart.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: De Barack Obama: „Déi gréisste Gefor fir eis Demokratie ass net den Donald Trump, et ass d‘Gläichgëltegkeet an den Zynismus“. © Scott Olson/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Barack Obama, Demokraten, Donald Trump, Midterm Elections, Republikaner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel