Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rüdiger Hoffmann – ee lëschtege Komedie-Cosmos zu Saarlouis!
free canadian singles dating Neiegkeeten

speed dating bozeman montana

Als „Gott vun der däitscher Comedy“ oder „Superstar vun der

copenhagen speed dating
free canadian singles dating Neiegkeeten

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden

De „Conseil Supérieur de la Jeunesse“ (CSJ) hat rezent dem

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn
free canadian singles dating Neiegkeeten

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn

Méintelaang ass sech gestridde ginn a „verbal Handgräiflechkeeten“ hunn den

US-Milliardär Epstein: Suizid?

Den Investmentbanker war e Samschdeg erhaangen a senger Zell opfonnt ginn

US-Milliardär Epstein: Suizid?

Wéinst sexuellem Mëssbrauch ugeklot, war de Jeffrey Epstein am Prisong gelant. Dem 66 järege gëtt Virgeworf, hien hatt sech un Dosende mannerjärege vergraff an déi zur Prostitutioun ugestëft. D‘Autoritéiten hunn den Dout bestätegt, wollten awer nach näischt zur Thees vum Suizid soen…

Um 6.30 Auer (Lokalzäit) ass de Jeffrey Epstein vun de Giischtercher a senger Zell am Prisong zu Manhattan „erhaangen“ opfonnt ginn. De Mann ass prominent, et gëtt versicht ze reaniméieren an esouguer bis an d‘Spidol hu si d‘Läich transportéiere gelooss. Do gouf den Dout festgestallt, deen awer am Prisong agetruede war. Villes läit am dréiwen an den FBI gouf mat der Enquête beoptraagt.

EpsteinThees vum Suizid ass vun den US-Medie verbreet ginn an déi bezéien sech op eng anonym Quell. Fir de Justizminister William Barr keng einfach Situatioun, handelt et sech dach hei net ëm en Afroamerikaner ouni Goss, mee ëm ee Weltbekannte Banker mat aussergewéinlechem Hobby a beschte Bezéiungen. Hien trëtt d‘Flucht no vir un an huet Ermëttlungen zur Ursaach ugeuerdent.

An engem Communiqué heescht et, datt de Justizminister entsat gewiescht wier, datt den Epstein no engem „offensichtleche Suizid“ dout a senger Zell opfonnt gi wier. „Den Dout vum Epstein werft eescht Froen op, déi enger Äntwert bedierfen“, esou de Minister. Zousätzlech zu den Ermëttlunge vum FBI, huet de William Barr eng intern Enquête vum Justizministère an d‘Wee geleet.

Bis repetita

Iergerlech fir de Justizminister, ass de Fakt datt de Jeffrey Epstein schonn Enn Juli „verletzt“ a senger Zell opfonnt gouf. Iwwert d‘Natur vun de Blessen ass wuel näischt bekannt, mee laut den Ermëttler war Thees vum versichte Suizid zréckbehale ginn. Eigentlech e richteg gudde Grond de Milliardär eppes méi am A ze behalen. Dat war, elo wou en dout ass, wuel net de Fall…

EpsteinAn do ass dann och nach de Buergermeeschter vun New York, Bill de Blasio, deen sech mam Dout vum Investmentbanker net offanne wëll. Him ass vill dru geleeën, datt de Mëssbrauchsskandal opgekläert gëtt. „De Jeffrey Epstein ass vläicht sengem Riichter entkomm, mee wann déi räich Raubdéieren déi u sengem Sex-Rank bedeelegt ware mengen, datt si aus dem Schneider sinn, da leien se falsch“, esou de Bill de Blasio op Twitter. Hien huet den Affer Gerechtegkeet versprach.

De Prozess géint de prominente Milliardär hätt fréistens am Juni d‘nächst Joer ugefaangen. Am Fall vun enger erwisener Schold, hätte bis zu 45 Joer feste Prisong gedreet. Am Prisong selwer, war de Jeffrey Epstein an enger Eenheet mat „besonnesche Sécherheetsmoossnamen“ ënnerbruecht ginn. Eng „Surveillance“ wéinst méiglecher Selbstmordgefor huet et erwisenermoossen net ginn.

Bescht Bezéiungen

Nieft dem Fait, datt de 66 järege säi Verméigen als erfollegräichen Investmentbanker gemaach huet, ass ervirzehiewen, datt hie sech ëmmer gäre mat prominente Staren a Politiker an der Ëffentlechkeet presentéiert huet. Zu sengem „Frëndeskrees“ sollen den ex-President Bill Clinton, de britesche Prënz Andrew an esouguer de haidegen US-President Donald Trump gezielt hunn.

EpsteinEng „Frëndschaft“ déi de 45. US-President dann och net vun der Hand weise kann, zumindest wann een e bëssi recherchéiert. An enger Ausgab vum „New York Magazine“ aus dem Joer 2002, hat den Donald Trump den Investmentbanker als „groussaartegen Typ“ bezeechent. No der Verhaftung war den US-President liicht op Distanz gaangen. Dofir hunn aner Politiker „Plomme gelooss“…

Esou den US-Aarbechtsminister Alex Costa. Hie war wéinst dem Mëssbrauchsskandal, am Juli zréckgetrueden. Säi Problem? Virun eppes méi wéi zéng Joer war den Alex Costa Procureur, an hien hat mam Jeffrey Epstein en „aussergeriichtlechen Accord“ ausgehandelt, deen dësem als Géigeleeschtung fir e Geständnes e Prozess virun engem Bundesgeriicht erspuert huet. Den Epstein krut sengerzäit 18 Méint Prisong a war no 13 Méint nees Fräi, e Bundesgeriicht huet hie ni gesinn.

mat indymedia/nyc

Foto: © Getty

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jeffrey Epstein, Pedophilie, Prostitutioun, Sexuelle Mëssbrauch, Suizid, William Barr
Nächsten Artikel Virrechten Artikel