Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Demokratescht Prosten op een neit Joer!
International Neiegkeeten

Demokratescht Prosten op een neit Joer!

Och d’DP huet et sech net entgoe gelooss, fir zesumme

E grousst amerikanescht Volleksfest
International Neiegkeeten

E grousst amerikanescht Volleksfest

D‘Sonn zu Stadbriedemes war e Samschdeg nëmmen plazeweis ze gesinn.

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser
International Neiegkeeten

Passt scho! Éisträichesch ERASMUS-Studenten an de SERVIOR-Haiser

Vum 10. bis den 12. Oktober ginn a ganz Europa

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

Demokratesche Presidentschaftskandidat Bloomberg léist Häftlinge fir sech Reklamm maachen

Esou mécht en US-Milliardär Wahlkampf

US-Milliardären dinn sech mat ethesche Grondlage schwéier a wier de Michael Bloomberg net grad Presidentschaftskandidat fir d‘Demokraten, géif keen driwwer schwätzen. Wéi elo bekannt gouf, datt de fréiere Buergermeeschter vun New York a Grënner vun der Finanz- a Medienentreprise dat säin Numm dréit, Häftlinge fir „Werbe-Uriff“ benotzt huet, geet et ëm Schuedensbegrenzung.

De 77 järege Milliardär huet sech als Presidentschaftskandidat fir Demokraten opgestallt, fir de Milliardär Trump ze schloen an Amerika nei opzeriichten. Wann awer mat deene selwechten, verwerfleche Methode geschafft gëtt, sollt een eppes méi diskret mat den Opportunitéite vum amerikanesche System ëmgoen. Natierlech huet de Michael Bloomberg vum allem näischt gewosst.

Milliardär„Mir ënnerstëtzen dës Praxis“ net esou den demokratesche Kandidat, dee beméit ass de „Schued“ a Grenzen ze halen. Ëffentlech gouf de „Skandal“ – deen an den USA net als Solches betruecht gëtt – nodeems déi investigativ Web-Plattform „The Intercept“ bericht huet, datt dem Milliardär säin Team eng Entreprise engagéiert huet, déi Call-Zenter an staatleche Prisonge bedreift.

Domatter sinn Häftlinge fir dem Michael Bloomberg seng Campagne agespaant ginn. Elo sinn awer Schlagzeile wéi „Milliardär notzt Prisongsinsasse fir seng Presidentschaftscampagne“ net wierklech dat wat de Mann Brauch fir sech géintiwwer dem Donald Trump ervirzedoen. Esou heescht et dann elo och, datt de „Bericht vu Grond op richteg ass“ an een esou eng Praxis net géif ënnerstëtzen.

Frae-Prisong an Oklahoma

An der Erklärung vum demokratesche Presidentschaftskandidat heescht et dann och, datt een eréischt duerch d‘Ufro vun engem Journalist „dovunner gewuer“ ginn ass. Et hätt een dorops hin direkt d‘Zesummenaarbecht, mat dëser Entreprise déi Call-Zenter geréiert, agestallt. Wéi kredibel dem Michael Bloomberg seng „Excuse“ zum Virfall ass, dat dierf da jidderee fir sech entscheeden.

MilliardärBezitt ee sech op de Bericht vun „The Intercept“, dann huet dem Bloomberg säi Wahlkampfteam d‘Entreprise „ProCom“ iwwert en Déngschtleeschter beoptraagt. ProCom bedreift verschidde Call-Zenter. Si hu Fraen déi an engem Prisong mat niddreger Sécherheet am Bundesstaat Oklahoma hir Strof ofsëtzen, als Urufferinne fir dem Milliardär seng Wahlcampagne agespaant.

Fir de Milliardär, deem säi Besëtz sech laut dem Magazin „Forbes“ op 54 Milliarden US-Dollar beleeft, ass dat ee klenge Réckschlag. Woubäi an den Ëmfroen zu de Kandidaten, déi fir d‘Demokraten untrieden, nach ëmmer den Joe Biden virläit. Op Plaz zwee ass de Bernie Sanders, op de drëtter d‘Elizabeth Warren. De Gewënner vun de Virwahlen, gëtt dann den Erausfuerderer.

mat indymedia/nyc

Foto: „Mënsche mat engem Suchtproblem sollte behandelt an net agespaart ginn. Mäi Plang fir de Gesondheetssystem gëtt de Mënschen an Ofhängegkeet Zougang zu Psychologen a Behandlung“, esou de Michael Bloomberg am Kontext vu sengem Wahlkampf. © Bloomberg Campaign (official)

Ähnlech Sujeten Call-Zenter, Demokraten, Michael Bloomberg, Presidentschaftskandidat, US-Wahlkampf 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel