Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zyklon Idai: Dokteren ouni Grenzen zéien en éischte Bilan
International Neiegkeeten

Zyklon Idai: Dokteren ouni Grenzen zéien en éischte Bilan

Nom Zyklon Idai an den dozougehéierenden Iwwerschwemmungen am Oste vun

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch
International Neiegkeeten

Brasilien: Geriicht verbitt Verherrlechung vum Militärputsch

E puer Deeg virum Joresdag vum Militärputsch a Brasilien, huet

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet
International Neiegkeeten

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet

E klenge Sommet deen de franséische President e Méindeg presidéiert

US-Noutstand: E Verstouss géint d‘Verfassung?

16 Bundesstaate kloe géint dem US-President seng Noutstandserklärung

US-Noutstand: E Verstouss géint d‘Verfassung?

Well de Kongress dem Donald Trump net déi gefuerdert 5,7 Milliarden US-Dollar fir d‘Mauer op der Grenz zu Mexiko bewëllegt huet, huet dësen den Noutstand erkläert. Widderstand, dorops huet sech den Donald Trump agestallt gehat, d‘Demokraten haten him deen ugekënnegt.

Als éischte „Rebell“ hat de Bundesstaat New York sech un d‘Geriicht gewannt, fir dësen Noutstand dee keen ass, aus der Welt ze schafen. Mëttlerweil huet sech eng ganz Koalitioun vu Bundesstaaten, ënnert der Leedung vu Kalifornien, zesummefonnt. Zu hirer 16 hunn d‘Bundeslänner gemeinsam eng Klo géint d‘Noutstandserklärung agereecht. Vill gutt Argumenter stëtzen de juristesche Volet.

Esou heescht ënnert anerem an der Kloschrëft, datt den Donald Trump „géint de Wëlle vum Kongress an ënnert dem Virwand vun enger vermeintlecher Kris, ëffentlecht Geld ëmgewidmet“. Säitens dem kalifornesche General-Procureur, Xavier Becerra, wier dëse Schratt noutwenneg gewiescht, fir de 45. amerikanesche President dovunner ofzehalen seng Muecht ze mëssbrauchen.

De Xavier Becerra, selwer Demokrat, huet an engem Interview däitlech gemaach: „Mir verkloen de President Trump, fir hien dovunner ofzehalen, eesäiteg d‘Geld vun de Steierzueler ze klauen, dat vum Kongress fir d‘Mënschen an onse Staaten bereetgestallt ginn ass“. Dem President seng eege Wierder solle genotzt gi fir ze Beweisen, datt d‘Noutstandserklärung net noutwenneg ass.

En ongemittleche Procureur…

De General-Procureur vu Kalifornien, hat scho vu sech héiere gedoen. Op säi Kont ginn op mannst 45 Kloe géint d‘Regierung, an hie war erfollegräich ënnerwee. Dat erkläert firwat sech Procureure vun de Staaten: Colorado, Connecticut. Delaware, Hawaii, Illinois, Maine, Maryland, Michigan, Minnesota, Nevada, New Jersey, New Mexiko, New York, Oregon a Virginia ugeschloss hunn.

Laut der Kloschrëft déi virgeluecht ginn ass, fäerten dës Bundesstaaten, dat en ofzwacke vu Gelder déi fir d‘Militär bestëmmt waren, hirer Wirtschaft schuede kéinten. Hir Militärbasen a Lager, déi dëst Geld vir dréngend Moderniséierungsaarbechte brauchen, wiere méi wichteg, wéi de Bau vun enger Grenzmauer. Iwwerhaapt géif eng Zweckentfriemung vu Geld der Saach u sech Schueden.

Geld dat fir de Kampf géint Drogen agesat gëtt, soll esou „nei disponéiert“ ginn. Interessant och d‘Argument: „Eng Mauer beanträchtegt d‘Bestänn vum Wëld op eise Lännereien“, dat vun de Bundesstaaten Kalifornien a New Mexiko ugefouert ginn ass. Wéi ee feststelle kann, hunn dem Donald Trump seng Géigner, an éischte Linn d‘Demokraten, net wëlles „labber“ ze loossen.

…an e sturazegen US-President

Den Donald Trump, dee wéi gesot leschte Freideg den Noutstand un der Grenz zu Mexiko ausgeruff huet, deen eenzeg an eleng fir säi Plang, eng Grenzmauer zu Mexiko opzeriichten, soll genotzt ginn, huet och eppes mat senge Wahlverspriechen ze dinn. An de Milliardär ass e Mann dee säi Wuert hält wann hien et ginn huet. Seng Supporter fannen dat gutt an erwaarden och esou eng Haltung.

Fir den Donald Trump, ass d‘Mauer déi Allzweckwaff vu sengem Mandat. Mat enger Grenzmauer, esou de Locataire aus dem Wäissen Haus, deen all Buch iwwert den DDR-Grenzzonk gelies huet, géif een all déi Drogenhändler, Mënscheschmuggler an iwwerhaapt dat ganzt kriminellt Gesocks ofhalen an d‘USA anzewanderen. Jo esouguer vun enger regelrechter „Invasioun“ war hei rieds.

„Ech erwaarde verklot ze ginn“, esou den Donald Trump no der Noutstandserklärung. Hien hält et fir realistesch, dovunner auszegoen, datt hie beim Bundesgeriicht de Kierzere kéint zéien. Mee och dat wier am Virfeld berécksiichtegt ginn, wat déi ganz Affär viru d‘Supreme Court bréngen dierft. Um ieweschte Geriichtshaff, hunn d‘Republikaner nees d‘Majoritéit, mee wëllen déi eng Mauer?

mat indymedia/was/sfo

Foto: (Archiv) De General-Procureur vu Kalifornien, Xavier Becerra, ass kee mat deem gutt Kiischten iessen ass. Den Demokrat huet Erfarung am juristeschen Ëmgang mat der Regierung. © Drew Angerer/getty images/AFP

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Grenzmauer, Noutstand, Republikaner, USA, Xavier Becerra
Nächsten Artikel Virrechten Artikel