Search

You may also like

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger
International Neiegkeeten

Esou staark, wéi de Wand: Grénge Stroum fir 30.000 Bierger

A Saachen erneierbar Energien huet Lëtzebuerg ee weidere Schrëtt no

Um Krautmaart soll muer iwwer d‘Noutstandsgesetzer berode ginn
International Neiegkeeten

Um Krautmaart soll muer iwwer d‘Noutstandsgesetzer berode ginn

Mam Ausruffe vum nationalen Noutstand, deen op engem besonneschen Artikel

Uschlag vun Nice: Salvini gesäit Conte an der Schold
International Neiegkeeten

Uschlag vun Nice: Salvini gesäit Conte an der Schold

Well den 21 järegen tuneseschen Terrorist vun Nice Europa iwwert

US-President wëll d‘Arméi mobiliséieren

US-President wëll d‘Arméi mobiliséieren

U Feindbiller feelt et dem Donald Trump net an obwuel eigentlech sollt ersiichtlech sinn, datt en déidlechen Iwwergrëff duerch e Polizist de Fonke war, deen d‘Polver entzünt huet, mécht den US-President den antifaschistesche Mouvement (Antifa) fir d‘Gewalt an d‘Geraibers verantwortlech. A well weder Police nach politesch Autoritéiten et gereegelt kréie soll d‘Arméi elo hei agräifen.

Datt d‘Antifa elo keng Organisatioun am eigentleche Sënn ass, et hei och de facto keng „Struktur“ gëtt, ass egal. Et brauch ee Feindbild fir vum eegene Versoen, wann net esouguer vun der eegener Provokatioun an widderhuelter Opfuerderung zur Gewalt, ofzelenken. Et gëtt also weider gelunn dat sech d‘Balke béien an déi ganz Ekipp mécht zolidd mat. Et ass jo nach ëmmer Wahlkampf.

Et sinn, esouwäit dierf een zoustëmmen, keng Demonstranten déi Geschäfter vandaliséieren an ausraiberen. Et sinn och keng Intelligenzbestien déi Haiser a Brand stiechen a mat Steng, jo esouguer Molotowcocktailer op d‘Police lassginn. Eng Gewalt déi dem Gedenken un de brutale Mord um George Floyd dann och net ka gerecht ginn, awer elo och net zoufälleg opkomm ass.

Fir den US-Justizminister William Barr gëllt et als erwisen, datt „radikal Elementer“ sech déi friddlech Protester zu eege gemaach hunn, fir Gewalt an Zerstéierung iwwert Amerika ze bréngen. Hien zitt seng „Wourechten“ aus Informatioune vu lokalen Enquêteuren. Esou zumindest déi offiziell Versioun vum Department of Justice (DOJ) déi dem William Barr säi Statement iwwerhëlt.

US-President

Statt fir Deseskalatioun ze suergen, wéi ee sech dat vun engem US-President eigentlech erwaarde sollt, huet den Donald Trump erkläert, datt hien d‘Antifa als terroristesch Organisatioun astufen a verbidde wëll. Dat géif bedeiten, datt just droe vum Sticker „Antifa“ scho fir ee ganz laangen Openthalt hanner Gitter féiere kéint. Mam „Inlands-Terrorismus“ spaassen d‘Riichter net.

Et ass richteg, datt zu de friddlechen Demonstranten, déi zanter elo enger Woch de Justizsystem vun den USA massiv ënner Drock setzen, och där Leit gehéieren, déi op eng Ausenanersetzung mat der Police a soss Sécherheetsorganer bewosst ukomme loossen. Dat huet laut dem Harvard Professer Cornell Brooks e Grond: Hir Motivatioun wier d‘Ongerechtegkeet am wuertwiertleche Sënn.

US-PresidentAm Interview mat NPR, huet de Cornell Brooks erkläert: „An Amerika triede gewësse Mënschen an Autoritéitspersounen, a sécher och Policekommissariater, moralesch zweedeiteg op. Dat heescht: e kierperlechen Ugrëff op eng schwaarz Persoun an du bleifs ongräifbar. Vergräifs du dech awer um Besëtz vu Wäissen un, gëss de zur Verantwortung gezunn“. Ee Land, zwee Systemer?

Wien awer déi ganz „Protester“ verfollegt huet a sech duerch déi Onmasse vu Videoen zu deem wat sech grad an Amerika deet ugekuckt huet, ka mat eegenen Ae constatéieren, datt et do och Leit gëtt, op se d‘Demonstratiounen organiséiert sollen hunn oder och net, déi beméit sinn anerer vu Gewalt, Zerstéierung a Vandalismus ofzehalen. An et sinn net nëmme wäiss Amerikaner déi esou handelen.

Wat net dierf iwwersi ginn

Nodeems am Minnesota de Verdacht an de Raum gestallt gi war, datt sech „méiglecherweis“ och rietsextrem an nationalistesch Gruppe vu „Baussen“ agemëscht hätte fir ee Rassekonflikt ze provozéieren, huet d‘US-Administratioun séier a geziilt op Extremisten aus dem lénke Spektrum gewisen. Allerdéngs huet den Donald Trump selwer hei (ongewollt) differenzéiert.

An engem Telefonsgespréich mat de Gouverneuren huet den US-President gesot: „Dat ass déi radikal Lénk. Dir wësst et, jidderee weess et. Awer et sinn och Raiber a Leit déi denken, et gëtt eppes fir näischt an mat enger Tëlee erauskommen“. Amerikaner déi Geschäfter ausraibere sinn faktesch eng „drëtt Grupp“ déi an dësem Chaos fir weider Eskalatioune verantwortlech sinn.

US-PresidentWéi geféierlech et ass, aus „Observatiounen“ eraus virschnell Schlëss ze zéien, déi Erfarung huet och de Gouverneur vu Minnesota, Tim Walz, wéi hien ugereeste Rowdye fir d‘Branduschléi an de Krawall verantwortlech gemaach huet. An der tëscht gesäit hien an iwwert d‘Zil erausgeschoss ze sinn. Et wier him schwéier gefall unzëerkennen datt Gewalt och zu Minnesota gehéiert.

Wann een also dëse Fait net ausblenne soll, wéi den Tim Walz et seet, an hei eigentlech bestätegt datt et och op lokalem Niveau schwiereg ass déi richteg Schlëss ze zéien, kann ee sech scho froen, firwat den Donald Trump sech drop behaapt, datt eleng d‘Antifa hannert der Gewalt an den „Déifställ“ stécht. Et dierft, esou kuerz virun der Presidentewahl och politesch motivéiert sinn.

US-PresidentAn engem Tweet huet de Milliardär schonn emol drop higewisen, datt sollten d‘Demokrate mam Joe Biden dëse Wahlkampf fir sech entscheeden, géife radikal Lénker an Anarchisten d‘Muecht zu Washington iwwerhuelen. Et ass dann och net den Dout vum George Floyd, deen zu dëser Kris gefouert huet, mee d‘Eskalatioun déi vun der Antifa koordinéiert gëtt, déi et ze bewäerte gëllt.

Seng Pressespriecherin, Kayleigh McEnanny, eng Damm mam Charme vun enger Barbie-Popp, ass och net un Deseskalatioun interesséiert a betount: „De President huet eng wäitreechend Decisioun geholl. Hie steet fir Recht an Uerdnung. Dat reecht zréck bis zu senger Ried um Parteidag. Et ass him ëmmer ëm Recht an Uerdnung gaangen“. Dat dat esou net stëmmt ass allerdéngs erwisen.

Hien ass ee vun de wéinege (also net den eenzege mee de rezentsten a beschtens dokumentéierten) Presidenten dee mat sengem Beholl an sengen Aktiounen oft a Konflikt mam Gesetz geréit. Hien hat de friddlechen Demonstrante virum Wäisse mam Asaz vun der Arméi gedreet an déi mat Tréinegas a Gummiskugele verdreiwe gelooss. Dat dierft net zum Fridden am Land bäidroen.

mat indymedia/min/was/nyc

Foto: Nodeems d‘Police, d‘Arméi an de Secret Service dee friddleche Protest virum Wäissen Haus „opgeléist“ hat, huet sech den Donald Trump aus sengem Bunker getraut, fir sech mat enger Bibel virun der „St. John‘s Church“ opzestellen, déi an der Nuecht op Päischtméindeg a Matleedschaft gerode war. © Doug Mills

Related topics Anarchie, Antifa, Donald Trump, Goerge Floyd, Opstand, Policegewalt
Next post Previous post